Eng Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

©MENEJ
Guy Arendt, secrétaire d'Etat à la Culture; Claude Meisch, ministre de l'Education nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär am Kulturministère, Guy Arendt, hunn den 9. Mäerz 2017 d’Strategie vun der Regierung fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt.

D’Regierung erkennt d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch als Kommunikatiouns-, Integratiouns- a literaresch Sprooch un. Och wann et scho vill Moossname gëtt fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze fërderen, wëllt d’Regierung hiert Engagement fir d’Sprooch nach eng Kéier verstäerken. Mee och d’Méisproochegkeet ass eng Charakteristik vu Lëtzebuerg.

Nieft dem Lëtzebuergeschen, dem Däitschen an dem Franséische sinn am Alldag nach aner Sproochen am Gebrauch. Zesumme präge si d’Identitéit vun eisem Land an droen e wesentlechen Deel zur sozialer Kohäsioun bäi. Dofir engagéiert sech d’Regierung mat der Promotioun vum Lëtzebuergeschen och gläichzäiteg fir d’Promotioun vun der Méisproochegkeet.

Véier staark Engagementer vun der Regierung

D’Regierung viséiert véier grouss, iwwergräifend Ziler an engagéiert sech konkret fir:

1. de Stellewäert vun der Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken

2. d'Norméierung, de Gebrauch an d'Etude vun der Lëtzebuerger Sprooch virunzedreiwen

3. d'Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur ze fërderen 

4. d'lëtzebuergesch-sproocheg Kultur ze promouvéieren

Fënnef iwwergeuerdent Mesurë sinn d’Erstelle vun engem 20-Joresplang fir eng Sproochen- a Kulturpolitik ronderëm d’Lëtzebuergescht, e Poste vun engem  Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, d’Schafe vun engem "Zentrum fir d’Lëtzebuergescht", d‘Verankerung vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Verfassung an en "Arrangement administratif" mat den europäeschen Institutioune fir d‘Lëtzebuerger Sprooch op EU-Niveau.

Nieft dëse Moossnamen huet d’Regierung eng ganz Rei vun Initiativen ergraff, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen – ëmmer am Kontext vun der méisproocheger Situatioun am Land – an der Gesellschaft ze stäerken. Duerch dee Pak vu Moossname sollen déi véier Ziler erreecht ginn an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur kohärent an nohalteg geséchert ginn.

Zesumme si 40 Mesurë virgesinn, mat deenen d’Regierung Strukture schaaft, Prozesser initiéiert a Moyenen investéiert fir eng laangfristeg Fërderung vum Lëtzebuergeschen an alle Beräicher vun der Gesellschaft. Domat äntwert si op eng breet Demande vun der Populatioun a besonnesch vun deene Jonken.

D’Mesurë cibléieren all Kéier ënnerschiddlech Zilgruppen, souwuel wat de Contenu wéi och wat den Alter ugeet.

Communiqué par le ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse

Dernière mise à jour