Déclaration sur la politique de coopération au développement 2009 (version originale luxembourgeoise)

Le 25 mars 2009, le ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Jean-Louis Schiltz, a présenté la Déclaration sur la politique de coopération et de l'action humanitaire 2009.

- Seul le discours prononcé fait foi -

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Wann ech Iech hei soen datt et der Welt an där mer liewen net gutt geet, da soen ech Iech eigentlech näischt Neits. Wann ech Iech soen datt et der Entwécklungswelt och net gutt geet, dann ass dat och näischt Neits, mä dann ass dat eng Fro, déi an deem Plenum hei säit dem Ufank vun der Kris net thematiséiert ginn ass -och wann se an der Kommissioun thematiséiert ginn ass- an duerfir, Här President, wëll ech se haut hei am Plenum thématiséieren.

Kaum een erënnert sech haut nach drun datt um Ufank 2008 déi meeschten Entwécklungslänner mat enger Liewensmëttelkris konfrontéiert woren. Kaum een erënnert sech drun datt deemools et op Haiti zu Affrontementer komm ass, an datt och a Partnerlänner vun der lëtzebuerger Kooperatioun d’Leit op d’Strooss gaang sinn. Déi Kris ass net hannert eis, mir kämpfen haut nach mat de Konsequenzen. Virum Hannergrond vu -wéi ech mengen- temporär méi niddrege Pëtrolspräisser erënnert och kaum ee sech un den Impakt vun deenen héige Pëtrolspräisser op d’Entwécklungslänner an d’Mënschen déi an hinne liewen.

Mir sinn, Här President, matzen an enger Klimakris an de leschte Weekend krute mer an Erënnerung geruff datt eis och eng kräfteg Waasserkris an d’Haus riskéiert ze stoen.Wann ee wees datt um Horizont 2030 ee vun zwee Mënschen dem Risiko ausgesat ass kee proppert Waasser ze hunn, da muss dat engem ze denke ginn an da musse mer och an deem Beräich agéieren.

D’Finanzkris, Här President, ass an aller Mond. D’Wirtschaftskris, wéi eng Spann, ass amgaang hiert Netz auszebreeden a kaum een, jo guer keen bréngt et fäerdeg sech aus de Klaue vun deem Netz ze befreien. A wann een ee Moment am Ufank vun där Kris konnt d’Hoffnung hunn datt se bësse laanscht d’Entwécklungslänner géif goen, da si mer entre-temps enges Bessere beléiert ginn. Haut schonn sinn 100 Millioune Mënsche méi an d’Aarmut verfall wéint där Kris, déi kommen bei déi 150 Milliounen derbäi déi an d’Aarmut verfall sinn als Konsequenz vun der Liewensmëttelkris, vun där ech virdru geschwat hunn, an déi blank Zuelen -dat muss ee wëssenverstoppen 250 Milliounen individual Schicksaler vu Mënschen, hannert där Comptabilitéit déi dat wat amgaang ass ze geschéien zum Ausdrock bréngt. Bei enger Weltbevëlkerung vu 6 Milliarden hate mer 850 Milliounen déi an extremer Aarmut hu misse liewen, haut si mer bei 1,1 Milliarden. Wéi wann dat net géif duergoen, riskéieren duerch d’Kris bis zu 400.000 Kanner méi pro Joer ze stierwen. Dat sinn der net vill manner wéi d’ganz Populatioun vun 2 eisem Land, dat sinn der 1.100 den Dag, dat sinn der 45 d’Stonn, dat ass all 80 Sekonnen eent, all Commentaire wat d’Dramatik vun deenen Zuelen ubelaangt erübregt sech wuel. Här President,

Doniewt sinn d’Präisser vun de Matières premières amgaangen massiv ze falen, säit 9 Méint, säit 12 Méint. Beispill: an der Mongolei, de Kofferpräis -wat d’Haaptexportmatière première ass- deen ass duerch dräi gedeelt ginn an deene leschte Méint. D’Exporter vun den Entwécklungslänner ginn och massiv erof, ebe well keng international Demande do ass.

D’auslännesch Investissementer an den Entwécklungslänner ginn op d’Äis geluecht, minus 20% bis dato, déi lescht Previsioune soe minus 25 % dëst Joer. D’Croissance an den Entwécklungslänner gëtt gebremst, vu 5,4 % am Joer 2008 op grad 3% am Joer 2009, Tendenz weiderhin negativ. Wann een den Zuelen vum FMI ka Glawe schenken, da wäert déi drëtt Well vun där Kris d’Entwécklungslänner voll erfaassen. Den FMI berechent déi Fongen déi an der Urgence néideg sinn op eng Forschette tëschent 25 Milliarden an 140 Milliarden, en Fonctioun vun deem Scénario an deem mer eis placéieren.

D’Transferten vun de Migranten gi katastrofal an de Keller. Migranten déi an Europa an op anere Plazen an der sougenannter entwéckelter Welt liewen, schécke manner Suen heem well si zu deene schwächsten an eise Gesellschafte gehéieren an och hei vun der Kris betraff sinn a par Ricochet ginn dann och déi déi hinnen nostinn an hiren Heemechten betraff a getraff. Wat heescht dat fir d’Entwécklungshëllef, wat heescht dat fir d’Entwécklungswelt?

Dat heescht éischtens, Här President, datt d’Erausfuerderung nach méi grouss ass an datt mer d’Saachen nach besser musse maachen an deenen nächste Joren wéi an deene vergaangenen. Dat heescht zweetens datt et net ka sinn -virun deem Hannergrond- datt d’Entwécklungsbudgeten elo massiv géifen zeréckgeschrauwt ginn. Dat heescht och drëttens a virun allem datt et méi wéi je drëm geet datt déi Engagementer déi geholl gi sinn, respektéiert ginn: Stëchwuert 0,7 2015. De Risiko datt déi international Solidaritéit sech wärt entflechten, datt se wärt zerbréckelen ass reell -nom Motto: jidderee fir sech. Dogéint, Här President, musse mer ukämpfen. Et kann net sinn datt elo wou et eis säit kuerzem manner gutt geet, datt mer vun engem Dag op den aneren déi géife vergiessen, déi säit Joren a Joerzéngten keen Daach iwwert dem Kapp hunn, näischt ze räissen an ze bäissen, kee proppert Waasser hunn an eigentlech 3 nëmmen iwwerliewen, well bei manner wéi engem Euro den Dag kann een net vu liewe schwätzen, mä vun iwwerliewen. Et ass am iwwregen enger afrikanescher Mamm mat dräi Kanner, déi fënnef Deeg laang näischt z’iesse krut net ze vermëttelen datt mer massiv Gelder hunn fir eis Economien ze stabiliséiren an datt op eemol, wann et ëm si geet, déi säit Joren a Jorzéngten näischt hunn, datt op emol näischt méi do ass. Ech wees datt ech an deem Beräich kann op dës Chamber zielen. Deen dee mengt dat wier ze vermëttelen, dee soll dat haut hei soen. Mee hie soll et net nëmmen hei soen, e soll och deenen et an d’A soen, déi getraff sinn an déi betraff sinn. Ech wees datt kee sou heibannen ass, ech wees awer datt dat wat ech hei soen net iwwerall Zoustëmmung fënnt. Et fënnt eng breet Zoustëmmung hei zu Lëtzebuerg, mä ech fäerten net iwwerall an Europa an och op anere Plazen. Ech wëll hei net falsch verstane ginn, Här President, et ass wichteg datt mir d’Economie vun den entwéckelte Länner stabiliséieren, £mä et muss och weider méiglech sinn an d’Entwécklung z’investéieren, no deene Schwächste vun deene Schwaachen ze kucken, ob se an Afrika, an Asien oder a Latäinamerika liewen oder ob se hei liewen. Och bei eis, well och do: jiddweree gëtt vun der Kris getraff, déi eng méi, déi aner manner. Dat ass eppes wat eng gemeinsam Responsabilitéit ass déi mer hunn. En afrikanescht Sprëchwuert seet datt wann den Elefant stolpert, sinn et d’Ameisen déi am meeschten drënner leiden. Mir musse kucken datt den Elefant net stolpert oder souguer fällt, mä mir däerfen d’Ameisen awer net vergiessen, a mir mussen hinne weider hëllefen. Mir mussen och dofir suergen datt den Elefant net souvill Stëps mécht datt d’Ameisen erstécken. Dofir mäin Appel d’international Entwécklungsbudgeten elo net zréckzeschrauwen, déi Engagementer déi geholl sinn anzehalen, en Appel, deen ech net aleng wëll maachen, en Appel, deen och muss vun de 27 Parlamenter an Europa ausgoen, vun de 27 Ministeren, en Appel wat ee gemeinsamen Appel muss sinn. An deen Appel muss een ëmmer virum Hannergrond gesinn, datt -wa mer vun Entwécklungshëllef schwätzen, wa mer vu Suerge schwätzen, vu Suergen heiheem, vu Kris heiheem, a vu Kris an den Entwécklungslänner- dann hu mer bei 100 Euro Räichtum, déi mer erwirtschaften, der 99 déi mer fir eis huelen, mat deene mer Politiken hei maachen, mat deene mer weider um Sozialnetz strécken, mat deene mer déi kënnen opfänken, déi a Schwieregkeete geroden, mat deenen d’Regierung ka géigesteieren, a mir huelen ee vun deenen 100 Euro fir mat deenen ze deelen déi näischt hunn. Ech hunn nach kee begéint, dee mer argumentatif konnt duerleeën, datt dat zevill wär an ech mengen och datt ech hei an dëser Chamber keng Oppositioun wäert fannen, wann ech ee Plädoyer dofir halen herno, datt mer weider um Zil vun engem Prozent festhalen.

Dann, Här President, wëll ech och soen datt et och an eisem eegenen Intérêt ass fir déi Budgeten héichzehalen. Et brauch ee kee grousse Prophet ze sinn fir ze gesinn wou en Zréckschrauwen vun den Entwécklungsbudgeten hiféiere kann. Op déi Wirtschaftskris kann an deem Fall eng Sozialkris follegen, déi Sozialkris kann zu enger politischer Kris ginn, mat Emeuten, mat Affrontementer, mat Zerstéierungen, mat Mënschen déi sech a Bewegung setzen. Dat heescht also datt mer an 10 Joer dat wat mer haut vermeintlech mengen mer géngen et spueren, 10 mol, 20 mol, 30 mol méi mussen investéieren fir dat rem hierzestellen, wat zerstéiert ginn ass. Dat heescht awer och datt mir direkt betraff ginn; honnertdausende Mënschen, déi sech am Fall vun sou enger breeder Kris an den Entwécklungslänner a Bewegung setzen an déi un d’Dir vun Europa klappen. Mir wëssen et, Dir wësst et, Maueren hunn nach ni eppes gedéngt an deem Beräich, duerfir ass den Investissement an d’Entwécklung och en Investissement an eis eegen Zukunft.

Mäin Appel ass awer och een, Här President, un déi aus dem Süden, déi d’Méiglechkeeten hunn, fir verstäerkt an d’Entwécklung z’investéieren. Hir Energien, hir Kompetenzen awer och hir Ressourcen sollen, a mengen An, verstäerkt der Entwécklung zougewant ginn. Et ass net sou, datt de Süden aleng d’Aarbecht soll maachen, et ass och net sou datt den Norden aleng d’Aarbecht soll maachen, et ass net dat eent oder dat anert, et ass dat eent an dat anert. A mengen Aen muss dat am Geescht vum Partenariat geschéien, an engem geliewte Partenariat. Et ass eng Fro vu Wëllen, et ass net eng Fro vu Kënnen, et ass eng Fro vu gemeinsamem Wëllen. D’Erausfuerderung ass substantiel, duerch d’Kris ass se net méi kleng ginn, mä zesummen, Här President, kënne mer et packen, dat ass meng Iwwerzeegong.

An déi lescht Jore weisen och datt et ze packen ass. Wann ee wees, éischt Beispill, datt fir d’Milleniumsziler ze erréchen, d’Entwécklungslänner eng Croissance vu 7-8 Prozent brauchen, a wann ee wees datt 2008 an Afrika d’Croissance 5,4 % wor, jo da ware mer net sou wäit ewech dovunner virun der Kris, an do hunn déi Zuelen alt net sou schlecht ausgesinn. Wann ee wees datt haut 83% vun de Kanner weltwäit an d’Schoul ginn a wann ee wees datt d’Zil 100% ass um Horizont 2015, da muss et dach méiglech sinn déi 17 % och nach an deene Joren déi bleiwen bis 2015 ze packen.

Erstmoleg, Här President, drëtt Beispill, ass am Joer 2008 d’Zuel vun de Kanner déi weltwäit stierwen ënner 10 Milliounen gefall, dat sinn nach ëmmer 10 Milliounen zevill, mä dat ass ee massive substantielle Progrès an nach eng Kéier, déi Zuele verstoppen ëmmer rem an an all Fall 10 Milliounen individual Schicksaler.

D’Zuel vun deenen déi mat manner wéi engem Euro den Dag mussen iwwerliewen ass vum Joer 1990 un massiv erof gaang, 1,8 Milliarden am Joer 1990, 1,4 Milliarden am Joer 2005 bei enger Weltpopulatioun déi erop gaangen ass, och dat ass ee Signal datt et machbar ass. An Asien ass d’Zuel vun deenen, déi ënner endemischer Aarmut leiden vu 56% op 18% erof gaangen, wat och vläicht erklärt, datt ech a mengen Ausféierungen méi op Afrika aginn wéi op Asien. Ganz Länner beweisen datt et ze maachen ass. Marokko, Tunesien, Chile, Länner mat deene mer zesummegeschafft hunn, mat deene mer haut net méi zesummeschaffen -entwécklungspolitesch- an déi et gepackt hunn fir sech aus dem Cercle vun den sech an der Entwécklung befannende Länner ze verabschieden. Aner Länner, Vietnam, Salvador, de Cap Vert, déi virun der Kris um richtege Wee woren, wou och Lëtzebuerg ee Bäitrag geleescht huet. Alles dat weist datt et machbar ass.

An ech wëll Iech hei, Här President, véier Beispiller gi vu lëtzebuerger Projeten. Mir hunn am Mali, zum Beispill an der Géigend vu Ségou, iwwer 5 Joer 6,3 Milliounen Euro investéiert. Déi 6,3 Milliounen Euro si 50.000 Leit zegutt komm, déi Leit brauchen fir sech ze ernieren 4.500 Tonnen Räis am Joer, am Joer 2004 hu se der grad 4.000 produzéiert, am Joer 2008 iwwer 6.000, am Joer 2009 iwwer 10.000. Wann dat keen Erfolleg ass, da wees ech net wat en Erfolleg ass. An där Regioun haten d’Leit also ier mer ugefaangen hunn net genuch z’iessen, haut exportéieren se een Deel vun deem wat se produzéieren.

Am Vietnam hu mer iwwert déi lescht 10 Joer 11 Milliounen investéiert an d’Chaîne du froid. Mir hunn dozou bäigedroen, flächendeckend datt haut -oder bal flächendeckend- Impfungsprogrammen am Vietnam bestinn. 96% vun de Kanner gi geimpft am Vietnam, d’Mortalitéit vun de Kanner ass em 70% erofgaang. Mir hunn do och e Bäitrag dozou geleescht. Am Cap Vert: Gesondheetsprogrammen an de Schoulen vun der lëtzebuerger Kooperatioun finanzéiert, 2,5 Milliounen Euro iwwert 8 Joer, 144.000 Kanner sinn an de Genoss vun deem Programm komm, 7.800 Formatiounen sinn ofgehale ginn. D’sanitär Ofsécherung vun de Schoulen ass vu 56% op méi wéi 80% erop gaang, eist Zil ass 100%.

Am Senegal iwwer 10 Joer 3,7 Milliounen an d’Waasser investéiert. 40.000 Mënschen aus 86 Dierfer hunn haut Zougang zu propperem Waasser, haten se net virdrun, an hunn domatter hir Liewensbedingungen doriwwer eraus entschidde verbessert.

Déi Beispiller hei -am iwwrige- beweisen datt d’Kooperatiounspolitik, méi wéi aner Politiken, Kontinuitéit brauch, well et sinn alles Beispiller déi sech op enger Zäitschinn vun iwwer 10 Joer hin zéien.

Sécherlech, Här President, wäert d’Kris eis zréckwerfen, mä déi Beispiller weisen datt et ze packen ass.

Ech gi lo net op déi Froen an vun den Entwécklungsbudgeten, ech hunn dat virdru gemaach. Ech ginn och dëst Joer net op d’Fro an vun der Wichtegkeet vun der wirtschaftlecher Entwécklung, vun der Entwécklung vum Artisanat, vun der Entwécklung vun der Landwirtschaft, vun der Abettung vun den Entwécklungslänner an de Mënschen aus deene selwechten an den internationale Commerce, ech hunn dat d’lescht Joer am Detail gemaach an dat Joer virdrun. Och op d’Gouvernance wollt ech net agoen. Just vläicht awer fir ze soen datt wann ech d’Zuelen a Westafrika och an deem Beräich kucken dann ass de Cap Vert Nummer 1, de Burkina Faso Nummer 3, dat sinn och zwee vun eise Partnerlänner. Och dat weist d’Richtung, och dat weist datt an der Gouvernance, an der Regierungsféierung et besser gemaach gëtt vläicht wéi an der Vergaangenheet. Och op d’Klimagerechtegkeet wëll ech net am Detail dëst Joer agoen, ech hunn dat Thema schonn hei beliicht. Mir brauche méi Klimagerechtegkeet. All déi Saachen déi ech elo gesot hunn -Entwécklungszesummenaarbecht, Commerce, Artisanat, Gouvernance, Klima- musse mer méi vernetzen am Sënn vun der Koherenz, da kënne mer et packen, wéi ech virdru gesot hunn.

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

A mengem zweeten Deel, zweeten a leschten Deel, wollt ech duerleeën wouhinner d’Kooperatioun, déi lëtzebuerger Kooperatioun sech an deenen nächste Jore kéint konkret hibewegen.

Ech wëll hei 10 Pisten opzeechnen fir eng international héich unerkannten Kooperatioun nach besser ze maachen, fir op där zolitter Basis op déi mer kënnen opbauen d’Saachen nach méi effizient ze maachen. An deem Zesummenhang wëll ech och op déi international Roll vun der lëtzebuerger Kooperatioun agoen an awer och eng Rei Konstanten vun der lëtzebuerger Kooperatioun duerleeën, Konstanten déi ëmmer zu de Plus-Value gehéiert hunn vun der lëtzebuerger Kooperatioun, an déi mer a mengen Aen och solle bäibehalen. Selbstverständlech, Här President, déi Pisten kënnen net exhaustiv sinn, ech limitéiere mech haut op 10 Pisten. Ech wëll am iwwrigen derbäi soen datt, wann ech vun international héich unerkannter Kooperatioun schwätzen, da soen ech dat net selwer, da seet dat eng ONG wéi Action Aid, déi de Rapport Qualité/Prix, wann Der sou wëllt, vun de Kooperatiounen analyséiert, wou Lëtzebuerg mat zu deene Beschte gehéiert; da soen dat international Thinktanken, notamment den ECPDM, dee schreiwt datt mer méi eng transparent Virgehensweis hätten, vill méi eng transparent wéi aner 7

Kooperatiounen op ville Punkten; an da seet dat net zulescht och d’OCDE, de Comité d’aide au développement an der Evaluatioun vum leschte Joer.

Wat sinn déi 10 Pisten, Här President, déi ech wollt hei opzeechnen?
Déi éischt Pist ass déi datt et a mengen Aen drëm geet déi international Roll vun der lëtzebuerger Kooperatioun weider héich ze halen. Virum Hannergrond datt Entwécklungspolitik och Friddenspolitik ass an dass d’europäesch Unioun fir 60% vun den Entwécklungsbudgeten weltwäit verantwortlech zeechent, datt Lëtzebuerg zu deene 4 EU-Länner gehéiert déi iwwert 0,7 sinn, fënnt Lëtzebuerg am Cortège vun den internationalen Entwécklungsfore Gehéier. Et ass -wann Der wëllt- d’Visitekaart vun eiser Aussepolitik, oder eng vun de Visitekaarten vun eiser Aussepolitik. Lëtzebuerg ass a war an deene leschte Joren ee vun den Haaptimpulsgeber an der internationaler Entwécklungswelt, dat soll esou bleiwen. Et muss eis e gemeinsamt Uleies sinn datt mer net nëmmen zitéiert gi wann déi Big Payeren zitéiert ginn, mä datt mer och zitéiert gi wann déi Big Playeren zitéiert ginn. Dat ass eis Responsabilitéit, dat verlaangt Asaz an deen Asaz wäerte mer och an deenen nächste Jore musse bréngen.

Zweetens, d’lëtzebuerger Kooperatioun huet weider d’1-Prozent-Zil fest am A, mir wëllen dat an deenen nächste Joren erreechen. Mä niewt enger quantitativ héichwäerteger Entwécklungshëllef war et eis och ëmmer en Uleies a muss et eis och weider en Uleies bleiwen fir ze suergen datt eis Entwécklungspolitik an eis Entwécklungszesummenaarbecht och qualitativ esou héichwäerteg wéi méiglech ass. Quantitéit a Qualitéit ginn an deem Beräich zesummen a wann ech vu Qualitéit schwätzen, da geet et ëm Komplementaritéit, et geet ëm Koordinatioun, et geet ëm Koherenz, alles dat ass eppes wat och zu de Markenzeechen vun der lëtzebuerger Entwécklungspolitik gehéiert. Virum Hannergronn vun der Paräiser Deklaratioun a vun deem wat mer zu Accra décidéiert hunn am September d’lescht Joer musse mer nach eng Rei Saachen ëmsetzen. Och dat, mengen ech, kënne mer op zolitte Base maachen, mä dat musse mer awer och maachen. Mir hu vill Kontakten och do gehat mat aneren internationalen an europäesche Kooperatiounen an deene leschte Joren, beispillsweis am Beräich vun der Komplementaritéit vun deem wat mer maachen.

Drëtt Pist: Et ass mer en Uleies datt mer dat strategescht Virgoe vun der Kooperatioun weider stäerken. Mir hunn hei eng Deklaratioun, mir hunn eng Debatt dono, mir debattéieren iwwert d’Kooperatioun an der Chamberskommissioun, mir hunn Assisen vun der lëtzebuerger Kooperatioun, mir hunn ee Groupe de travail mat den ONGen, mir hunn ee Comité interministériel. All déi Saachen, wat strategesch Elementer sinn, musse mer vervollständegen duerch sektoriell Strategien. Déi sektoriell Strategien wäerten an deenen nächste Woche prett sinn, sous forme vu Projeten. Ech sinn der Meenung datt mer se sollen diffuséieren am Virfeld vun den nächsten Assisen an datt se do sollen dann diskutéiert ginn, datt dat strategescht Virgoen, wat ech beschriwwen hunn -wat an der Interaktioun och tëschent Regierung a Chamber zoustane kënnt- och duerch déi sektoriell Strategien kann a wäert vervollständegt ginn. Véiert Pist: d’Koherenz systematiséieren.

Et ginn, Här President, ganz vill Initiativen am Beräich vun der Koherenz vun de Politiken, mir mussen se systematiséieren.

Ech wëll e puer vun deenen Initiativen opzielen:

Eischt Koherenzelement: 3D Approche vun der lëtzebuerger Aussepolitik: Diplomatie, Développement, Défense. Dat kann net all europäescht Land vu sech soen, déi déi d’Zeitung liesen, wëssen vu wat ech schwätzen. Hei funktionéiert dat. A wann ech dann och gesinn datt wann d’Amerikaner vun enger neier Afghanistan-Strategie schwätzen, da kënnt dat deem 3D fir dee mir scho laang stinn vill méi no wéi dat wat bis elo hier Strategie wor. Diplomatie, Développement an Défense gi besonnesch a Krisegebitter zesummen, och dat ass en Element vun elementärer Koherenz, wann Der mer déi Redite erlaabt.

Zweetens, am Beräich vun Environnement a vum Klima. Och do huet d’Kooperatioun sech op déi déi en charge si fir d’Klimapolitik zoubewegt. Och do musse mer nach méi no eis uneneen hibewegen, mä essentiell ass fir mech datt de Plan national pour le développement durable deen den Emweltminister wäert an deenen nächste Woche virstellen, dee Plang deen dréit och d’Handschrëft vun der lëtzebuerger Kooperatioun. Och d’Handschrëft, net nëmmen d’Handschrëft. Selbstverständlech. Dee Plan national pour le développement durable ass den Ausdrock -wat déi strategesch Orientatioun ubelaangt- vun der Zesummenaarbecht tëschent Environnement a Kooperatioun. Mir hunn do eise Bäitrag geleescht an deen ass an deem Plan national pour le développement durable, deen de Minister Lux wäert den 1. Abrëll -wann ech richteg informéiert sinn- virstellen, mat agefloss. Selbstverständlech ass et sou datt déi Environnement- a Klimastrategie déi mir am sectorielle Beräich wäerte virléen an deenen nächste Méint och wäert mat de Leit vum Environnment ofgeschwat ginn. Drëtt Beispill vu Koherenz: d’Mikrofinanz. Am Beräich vun der Mikrofinanz huet d’Kooperatioun sech méi no un d’Finanzplaz erubewegt; d’Finanzplaz huet sech méi no un d’Kooperatioun erubewegt. Dat ass ee vun deene Beräicher wou Lëtzebuerg kann eng speziell Plus-value bréngen, a meng Iwwerzeegung ass et och datt iwwert d’Entwécklungswelt eraus d’Mikrofinanz en exzellent Antikriseninstrument ka sinn a wäert sinn an deenen nächste Joren.

Déi déi d’Mikrofinanz viru Joren nach mitt belächelt hunn, sinn haut entweder net méi do oder maachen och mat, well se entre-temps selwer agesinn hunn datt dat eppes Sérieues ass, datt dat eppes ass wat -combinéiert mat anere Mëttelen- kann zu richtegen, reellen a substantielle Plus- Value féieren.

Véiertens, wëssend datt alles wat Telekommunikatiounen ubelaangt den Développement kann accéléréieren, si mer och amgaang, hu mer och mat der Union économique et monétaire ouestafricaine eis op de Wee beginn fir ze kucke wéi kann a Westafrika verstäerkt op Telekommunikatiounsmëttel zréckgegraff ginn fir den Développement an engem regionale Kader ze accéléréieren. De President vun der Commissioun vun der Union économique et monétaire ouest-africaine war virun e puer Wochen hei. Mir hunn dee Projet do an d’Wée geleet a wäerten deen och kënne konkrétiséieren. Dat geet selbstverständlech mat enger Etude an enger éischter Phase un.

Wa mer et fäerdeg bruecht hunn de Service volontaire jeunesse an d’Liewen ze rufen, zesumme mat der Jeunesse, zesummen, ass dat och ee Koherenzelement. Wa mer vun Education au développement an de Schoule schwätzen, hu mer dat zesumme mat der Educatioun gemaach. Wa mer an d’Ausschreiwungen d’Notioun vum fairen Handel erabréngen, net nëmmen erabréngen, mä och kucken datt fair gehandelt Produiten -niewt de Produits du terroir- an d’Schoulen an op anere Plazen kommen, dann ass dat och ee Koherenzelement. Wann een d’Positioun kennt vun der lëtzebuerger Regierung wat den Agrarsprit ubelaangt, da wees een och datt d’Kooperatioun do hiert Wuert matgeriet huet. Op all déi Saachen kënne mer opbauen, mir mussen nach villes ëmsetzen, mir musse systematiséieren, mir musse konkretiséieren mä ech mengen awer kënnen ze soen, dass mer an deem Beräich do vill méi wäit sinn wéi anerer. An ech wëll och hei profitéieren fir ee klengen Appel un d’ONGen ze lancéieren. Et ass gutt fir d’Koherenz hei zu Lëtzebuerg unzemahnen, et ass nach besser se och an deenen anere 26 Länner unzemahnen, well ech mengen et ass do wou et e bëssen happert. Nëmmen sou kënne mer Resultater kréien, nëmme wann der 27 sech fir Koherenz asetzen zu Bréissel, wäert eppes geschéien, wann 1, 2, 3, 4, 5 sech dofir asetzen, wann d’Lëtzebuerger, d’Hollänner, d’Schweden an d’Dänen dat maachen, zesummen mat nach een, zwee, da kréie mer do den Duerchbroch net. Dofir mäin Appel fir iech och an deem Beräich, léif Kollegen a Kolleginen vun den ONGen, e besse méi ze internationaliséieren. Ech gesinn, Här Goerens, dat geet och bei Iech rof wéi Musék.

Koherenz, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, ass virun allem fir mech datt mer den Développement durable -deen ech nennen den Développement durable à la Brundland- och systematisch an d’Faiten riwwerbréngen, nämlech economesch Entwécklung, sozial Entwécklung, ökologesch Entwécklung an net nëmmen op enger Plaz an der Welt mä op alle Plazen.

Mäi fënnefte Punkt ass keng nei Pist, mä ass eng Konstant vun der lëtzebuerger Kooperatioun. En zentralt Element vun der lëtzebuerger Kooperatioun ass dat vum Partenariat. E Partenariat wat net nëmmen um Pabeier besteet, mä e Partenariat wat och all Dag geliewt gëtt vun deenen déi dann d’Chance hunn an d’Responsabilitéit fir déi Politik ze gestalten. D’lëtzebuerger Kooperatioun gëtt op ville Plazen ugesinn als eng efficace Kooperatioun, als eng relativ diskret Kooperatioun, als eng Kooperatioun déi à l’écoute ass, als eng Kooperatioun déi Plus-value bréngt. Dat ass dorop zréckzeféieren, datt dat Partenariat scho säit Jore praktizéiert gëtt. Dorunner solle mer festhalen.

Eng sechst Pist, Här President, vun deenen 10, ass déi vun de Secteuren an deene mer aktiv sinn. Ech sinn der Meenung datt mer solle weider dat maachen wat mer kënnen, nämlech eis op déi Basis-Sozialsecteuren konzentréieren: Educatioun, Formation professionnelle, Gesondheet, Waasser, Assainissement, Développement rural, Développement local intégré, etc., etc. Wa mer eis op nei Piste beginn, solle mer ëmmer kucken datt et Piste si wou mer eng reell Plus-Value kënne bréngen, datt ass de Fall am Beräich vun der Mikrofinanz, datt ass de Fall am Beräich Telekom, ech sinn dorop agaang.

Siwentens -Fro déi all Joer hei gestallt gëtt- déi vun neie Partenariaten, bekannt ënnert dem Aarbechtstitel „Nei Zillänner“. De Stand haut, wat dat ubelaangt, ass folgenden: Baséirend um Regierungsprogramm vun 2004 hu mer konsequent am Sënn vun der Efficacitéit d’Kooperatioun mat deene meeschten Net-Zillänner no ënne geféiert. Dat war a verschiddene Fäll net extrem komplizéiert, well et duerchaus Sënn mécht a Länner wéi Marokko an Tunesien, déi sech rasant dévelopéiert hunn an deene leschte Joren, mat der Kooperatioun opzehalen. Et ginn natierlech och Beispiller wou mer eng Plus-Value bréngen, wéi zum Beispill de Rwanda wou mer weidergefuer sinn a wou mer a mengen An och solle weiderfueren. Mä d’Zuel vun den Net-Zillänner ass massiv erof gaangen. Mir hu mat dräi vun eise Partnerlänner Konsolidatiounsprogrammen ënnerschriwwen. Dat sinn och Programmen déi gräifen net vun haut op muer. Ech hu virdrun vun 10 Joer geschwat, déi Konsolidatiounsprogrammen sinn ënnerschriwwe ginn mam Salvador, mat Namibien a mam Vietnam. D’logesch Folleg vun deenen Konsolidatiounsprogrammen wär à terme ee Retrait aus deene Länner, respektiv eng Kooperatioun vun enger aner Natur, well et och jo och e Liewen no der klassescher Kooperatioun gëtt, nämlech dat vun der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht, mä d’logesch

Folleg vun deene Konsolidatiounsprogrammen - wann déi Progrèsen an deenen dräi Lanner déi ech genannt hunn an deenen nächste Jore sou sinn wéi se an deene leschte Jore waren, respektiv vergläichbar Progrèse an deenen nächste 5 Joren gemaach ginn wéi an deenen leschte 5 Joer da kann een à terme do un ee Réckzuch vun der klassescher Kooperatioun denken. Dat alles mécht datt de Moment komm ass fir iwwer nei Kooperatiounen, nei Partnerschaften nozedenken a fir déiselwecht och unzedenken. Fir mech mussen do dräi Critèren applizéiert ginn, niewent selbstverständlech deem klasseschen Critère vun der Aarmutsbekämpfung baséirend um Indice pour le développement humain.

Eischtens mussen nei Partnerschaften geographesch Sënn maachen. Zweetens solle mer, wa mer nei Partnerschaften aginn, vläicht och eng Kéier drun denken dem Fragilitéitsfacteur Rechnung ze droen an och eppes vläicht op enger méi komplizéierter Plaz maachen. Drëttens, schéngt et mer wichteg ze sinn datt mer wéi mer et an der Mikrofinanz gemaach hunn, wéi mer et an den Telekom maachen, dem regionalen Aspekt Rechnung droen. Ech wëll ausdrécklech an deem Zesummenhang déi exzellent Aarbecht déi an deene leschte Joren mäi Virgänger gemaach huet als President vum Club du Sahel, épauléiert vum fréieren Direkter vun der LuxDev Raymond Weber, fir dee regionalen Aspect och zum Ausdrock ze bréngen. Ech mengen och do huet Lëtzebuerg eppes opzeweisen, och dat ass eppes wou mer eis méi mussen dran investéieren, ech kommen herno nach dorobber zeréck.

Wa mer also op de Wee vun neie Kooperatioune ginn, wa mer déi undenken an ech mengen de Moment wär komm, da muss dat geographesch Sënn maachen, mir mussen de Fragilitéitssituatiounen Rechnung droen an dem regionalen Aspekt. Selbstverständlech, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, wäert ech keng Nimm hei ginn an ech wäert och keng Nimm kommentéieren. Ech mengen dat wär e besse vermessen fir lo hei mat Nimm ze hantéieren, mä et ass alles prett gemaach ginn fir dass déi Diskussioun kann elo lancéiert ginn. Aachtens, geet et mer drëm, Här President, geet et ons drëm fir eng Rei Acteuren méi fest an d’Kooperatioun anzebannen oder hinnen nei Méiglechkeeten ze ginn. A wann ech vun Acteure schwätzen, déi méi fest an d’Kooperatioun mussen agebonne ginn, dann denken ech un d’Gemengen. Et war ëmmer meng Iwwerzeegung datt d’Gemengen en exzellente Vecteur wären fir d’Kooperatiounspolitik mat ze gestalten an no baussen ze droen. Mir haten do ee Problem, datt déi Positioun net d’Unanimitéit gemaach huet. Dee Problem hu mer lo geléist, mir kënnen also lo konkret och Schrëtt lancéieren fir datt d’Gemengen sech konkret kënnen –au-delà vun deem wat se schon maachen, well et sinn der jo scho ganz vill déi schon aktiv sinn- méi fest mat an d’Kooperatiounspolitik abannen.

Verschiddenen Akteuren nei Méiglechkeete ginn, ech ginn Iech just ee Beispill: ech kënnt mer zum Beispill virstellen datt d’ONGen –et sinn der entre-temps bal 90- datt déi géifen e gemeinsamen Annuaire rausginn, wou all ONG sech kënnt présentéieren, wat och géif Vergläicher erlaben, wat och géif Synergien erlaben. Selbstverständlech mengen ech am Respekt vun der Autonomie vun den ONGen ass et un hinnen fir ze soen ob se wëllen op déi Propositioun zréckgräifen oder net, et ass och un hinnen dat auszegestalten. Ech kënnt mer allerdéngs virstellen datt an deem Zesummenhang och e standardiséirend Element misst derbäi sinn : et wier zum Beispill interessant fir op enger Säit ze gesinn a wat fir engem Land ass eng ONG aktiv, a wat fir enge Secteuren ass se aktiv, wat fir Lienen huet se national an international mat aneren Partner, wee sinn hier Organes dirigeants, wat sinn hier Finanzmëttelen, wéi ass hire Suivi, wéi ass hire Contrôle organiséiert, etc., etc. Dat ass ee vun de Weeër un déi ech kënnt denken, wann ech vun neie Méiglechkeete schwätzen.

Am Zesummenhang vun den neie Méiglechkeeten, vun dem méi festen Abannen vun aneren Acteuren schéngt et mer och sou ze sinn datt am Beräich vum Gesetz Adaptatiounen musse kommen. Madame Err: „schéngt et mer sou ze sinn datt am Beräich vum Gesetz och Adaptatiounen musse kommen“, war mäi Saz. Ech hunn d’lescht Joer op den Assisen, hunn ech déi Diskussioun jo do lancéiert. Ech hunn d’lescht Joer op den Assisen gesot datt ech gäre Propositiounen (hätt) vun alle Säiten, wat déi Punkten sinn op deenen d’Gesetzer z’adaptéiere sinn - woubäi ech wëll soen datt keng vun de gesetzlichen Dispositiounen mir als en Obstakel virkomm ass bis elo fir d’Politik ze konzipéieren. Dat heescht eng grondleeënd Reform schéngt mer nach net ubruecht ze sinn. Ech si frou datt zwee Députéierten sech d’Méi gemaach hunn fir där Opfuerderung, déi ech gemaach hunn am leschte Joer am September, Suite ze leeschten, an ech sinn och frou datt ech wat d’Substanz vun deem ganzen ubelaangt an där Propositioun exakt millimetergenau déi Politik erëmfannen fir déi ech mech staark gemaach hunn an deenen leschte Joren. Ech frée mech also drop fir iwwert déi Propositioun ze diskutéieren. Ech erënneren drun datt ech op den Assise gesot hunn datt ech géif dofir plädéieren datt mer géifen de Lissabonner Vertrag ofwaarden ier mer géifen d’Gesetz reforméieren, well am Lissabonner Vertrag gëtt d’Objektiv vun der Kooperatiounspolitik ganz genau définéiert, an ech gesinn net wéi mer am lëtzebuerger Gesetz en anert Ojectiv géifen définéieren wéi dat wat am Lissabonner Vertrag steet. Ech hätt mer also gewënscht datt déi Propositioun sech géif un de Lissabonner Vertrag uleenen, wat se mengen ech net mécht. Mais nul n’est parfait. Ech hunn och villes zu der Form ze soen, mä dorop komme mer vläicht eng aner Kéier zeréck; ech mengen dat géif de Kader vun der Debatt hei sprengen.

Néngte Punkt, Här President, an zweetleschte Punkt vun deenen 10 Pisten, niewt eisem traditionnellen Engagement fir eng quantitativ a qualitativ héichwäerteg Enwécklungszesummenaarbecht musse mer eis international staark maachen fir a) datt d’Stëmm vun den Entwécklungslänner an der Kris gehéiert gëtt, fir datt hire Suerge begéint gëtt b) an c) fir datt si an der internationaler Wirtschafts- a Finanzarchitektur déi Plaz fannen déi hinnen zousteet. Dat maache mer scho säit Méint, dat musse mer verstäerkt maachen. Et kann net sinn datt e G20 alles décidéiert –dat ass eng generell Observatioun- et kann awer och net sinn vun engem entwécklungspolitesche Standpunkt datt e G20 eppes décidéiert ouni datt Afrika adequat vertrueden ass. De Fait datt de President vun der Commissioun vun der Union africaine Jean Ping op de Washingtoner Sommet invitéiert ass, ass schon een éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. Et geet sécher net duer domatter, mä ech mengen datt och d’lëtzebuerger Kooperatioun -als eng vun deenen déi Gehéier fënnt an deem Beräich- weider muss sech staark maachen fir datt d’Entwécklungslänner an der internationaler Wirtschafts- a Finanzarchitektur déi Plaz fannen déi hinnen zousteet.

Zéngtens, Här President, ass et meng Iwwerzeegung datt d’lëtzebuerger Kooperatioun sech verbreedert an d’wëssenschaftlech Debatt iwwert d’Entwécklungspolitik muss mat abréngen. Wann ech nëmme kucken wat international publizéiert ginn ass an deene leschte Méint, da falen ech op de Professer Easterly vun der New York University deen eis seet datt Entwécklungshëllef näischt géif bréngen, datt wirtschaftlech Zesummenaarbecht alles géif bréngen. Wann ech e puer Kilometer weider ginn zu New York fannen ech de Professer Jeffrey Sachs vun der Columbia University dee seet datt wirtschaftlech Zesummenaarbecht näischt bréngt an datt alles muss op Entwécklungshëllef konzentréiert ginn. Wann ech dann op Paräis ginn, da fannen ech d’Madame Esther Duflo vum Collège de France déi probéiert d’Contradictiounen tëschent Easterly a Sachs opzeléisen an déi ee Plaidoyeren fir méi Experimentéierfreedegkeet an der Entwécklungspolitik hält an déi erklärt datt alles dat wat Easterly a Sachs simplifiéiert duerleeë méi komplizéiert ass wéi dat. Wann ech gesinn datt ee Paul Collier ee Buch publizéiert, Professer vun Oxford, iwwert „The Bottom Billion“ an do seng Recette gëtt iwwert dat wat muss geschéien an deenen nächste Joren, da soen ech dat do sinn alles Froen déi mer net genuch hei zu Lëtzebuerg thématiséieren, wou mer eis net genuch mat abréngen. Ech mengen mir hätten eppes dozou ze soen a mir sollen dat och verstäerkt a verbreedert maachen, och zesumme mat der Uni Lëtzebuerg.

Voilà, Här President, dat sinn 10 Pisten fir d’lëtzebuerger Kooperatioun an deenen nächste Joren. Dat gëtt kee komplett Bild vun der lëtzebuerger Kooperatioun. An 30 Minuten déi ech mer virgeholl hat, 40 Minuten déi et wäerte ginn, ass dat och net méiglech ee komplett Bild ze dresséieren. Ech mengen datt déi grouss Pisten awer déi 10 sinn, déi ech opgeféiert hunn. Här President, Dir erlaabt mer hei nach ganz zum Schluss all deene Merci ze soen déi sech - iwwert d’Chamber eraus- mat Häerz, Leif a Séil fir d’Kooperatioun asetzen. Et sinn der vill, an ech entschëllege mech elo scho bei deenen déi ech vergiessen.

Et si fir d’éischt d’Leit aus dem Ministère, besonnesch déi aus der Kooperatioun, mat un hirer Spëtzt dem exzellente Kooperatiounsdirekter.

Et ass d’Equipe vun der Lux-Dev mat un hirer Spëtzt den net manner exzellenten Direkter. Et sinn all déi déi sech am Comité interministériel mat ons ëm d’Cohérence des politiques këmmeren. Et sinn all déi, –an et sinn der enorm vill- déi sech an den ONGen engagéieren oder déi iwwert si ee Bäitrag zuer Kooperatioun leeschten. Si maachen eigentlech aus datt d’lëtzebuerger Kooperatioun wéi ech mengen esou eng extra Kooperatioun ass. Et sinn awer och d’Gemengen, d’Clib an d’Associatiounen déi och op hier Manéier zu méi Solidaritéit eppes bäidroen.

All deenen och Merci déi zuer Kooperatioun stinn –ech kann se net all hei opzielenstellvertriedend wëll ech, well dat nei ass, déi Responsabel vum Service Volontaire Coopération ernimmen.

Zu gudder Lescht, Merci och dem Cercle vun den ONGen an hieren Haaptaktivisten: ech appréciéieren den Echange –d’Provocatioun gehéiert richtegerweis zu ärem Fonds de Commerce- mä och ech verstinn e besseli eppes vu Provokatioun. D’Haaptsaach ass datt mer virukommen a mir komme jo virun. All zesummen.

Ech soen Iech Merci.

****

Réplique du ministre à la fin des débats:

Här President, Dir Dammen an Dir Hären,

Ech wëll a kann och net op alles hei agoen. Ech wollt ugangs Merci soen fir déi breet Zoustëmmung déi d’Kooperatiounspolitik fënnt. Ee Merci deen ech net nëmmen a mengem eegenen Numm entgéint huelen mä och am Numm vun deene Leit déi mat déi Politik konzipéieren an ëmsetzen. Ech wollt, wann Der erlaabt, just kuerz op siwe Punktem agoen. Deen éischte Punkt ass deen, ech sinn op e puer Projeten interpelléiert ginn an ech wollt an engem Saz –oder puer Projetsrichtungen interpelléiert ginn.

Eischte Punkt : den Afghanistan-Projet mat de Killraim, si mer amgaang ze kucken Zweetens, Bëscher am Kongo –well et ass vum Kongo wou Der geschwat huet, Här Järling, ouni en ze nennen- mir hunn dat initiéiert mam Finanzministère zesummen ; wann dat sollt an d’Stocke geroden, wäerte mer dat nach eng Kéier re-dynamiséieren. Och am Kongo, Madame Err, géif ech bieden mer d’Detailler ze ginn vun deem Projet dee jo och weist datt den PPE och heiansdo ka progressistesch sinn, gelt.

Wat d’AIDS-Bekämpfung ubelaangt wëll ech soen datt meng Positioun an deene leschte 5 Joer kee Millimeter geännert huet, rezent och net geännert huet fir dat kloer ze stellen. Ech wëll am iwwrigen dorop hiweisen datt mer an der Lëtzebuerger Présidence do grouss Progrèse gemaach hunn, och fir dat verbreedert zum Ausdrock ze bréngen ënnert dem Titel « sexual and reproductive rights and services ». Mir hunn an der Vergaangenheet massiv mat UNAIDS zesummegeschafft a mat UNFPA – do wäert sech näischt drun änneren, kee Millimeter, och an Zukunft.

Zweete Punkt : Cohérence des politiques - et ass bessen ee Kontrast deen ech do awer wollt vläicht uféieren, wann ech gesinn notamment wat d’Klimafro ubelaangt datt mer am Ausland, an net vun deene mannsten, attestéiert kréien datt d’lëtzebuerger Kooperatioun eng vun deenen ass déi sech particulièrement breet mécht an der Klimafro a mer hei gesot kréien mir miissten nach méi maachen. Här Braz, ech huelen dat eigentlech als en Encouragement un fir mech dann nach méi verbreedert do mat eran ze drécken. Ech muss et allerdéngs nach eng Kéier soen : wann Der Iech direkt un den Här Lux adresséiert, wier ech dankbar wann Der dat géift maachen wann deen do wäer- wann Der noliest, de Verbatim, gesitt Der datt Der Iech e puer mol un den Här Lux direkt adresséiert hutt. Ech wëll am iwwrigen drop hiweisen datt de Plan national pour le développement durable den 1. Abrëll erauskënnt, wou mer massiv am Kader vun der Kooperatioun mat dru geschafft hunn. D’Kooperatioun ass och am Kyoto-Comité vertrueden. Ech wees datt mer do kënne Progrèsen maachen. Idealerweis wäer et fir mech esou datt mer déi CDMs-Projeten géifen op der nämlechter Plaz maachen wou mir och Projete maachen, well eng Schoul déi der baut, den Développement rural intégré deen der maacht, wann der do nach e CDMs- Projet kënt op der nämlechter Plaz maachen mécht dat méi Effet wéi wann der deen an de Cameroun maache gitt oder op eng aner Plaz wou mer keng Lieën hunn, mä dat ass méi komplizéiert wéi sou. Mir schaffen dorun. Ech sinn Iech dankbar datt Der och an deem Zesummenhang den Developpement hei zu Lëtzebuerg ugeschwat hutt, wat och beweist datt Developpement eng Fro ass déi sech net op déi südlech Hémisphère beschränkt. Och dat wollt ech eng Kéier gesot hunn.

Kopenhagen: proposéieren ech ganz einfach datt dat och een Thema gëtt am Comité interministériel. Et muss en sech am iwwrigen an Zukunft d’Fro stellen op wat fir engem Niveau dee Comité interministériel zesummekënnt. Dee kënnt ëmmer op Beamtenniveau zesummen. D’Fro ass op dat dee richtegen Niveau an Zukunft wäert sinn. Mä alles an allem hunn ech nei Force hei fir mech nach verbreedert méi ëm déi Klimafro do ze këmmeren.

Drëttens, wat d’Aide budgétaire ubelaangt, wëll ech deene soen déi sech dozou ausgeschwat hunn, datt déi Publicatioun vu mir a vum Marc Bichler e wëssenschaftleche Bäitrag ass zuer Debatt, ee Bäitrag dee vun deenen, déi sech mat der Fro ausernaner setzen als particulièrement transparent ugesi gëtt, an et gëtt eis gesot datt et och gutt wier wann aner Kooperatioune vläicht eng Kéier sou d’Fakten géifen op den Dësch leeën an net ëmmer soen « aide budgétaire, aide budgétaire » a soss näischt. Mir sollen also wëssenschaftlech driwwer diskutéieren. Ech hoffen datt déi Contributioun dozou kann den Ustouss ginn, well wann ech déi Publicatioun richteg liesen, dann ass d’Intentioun vun deem Thinktank op Basis vun eiser Contributioun bei aner Kooperatiounen ze goen, zousätzlech Contributiounen vun ähnlecher Natur ze suscitéieren. An da musse mer et och praktisch diskutéieren. Déi Propositioun fir ee Pilotprojet ze maache läit nach um Dësch. Dir wësst datt mer dat mam Vietnam ugeduecht hunn, undiskutéiert hunn, och Réuniounen am Vietnam haten, awer zuer Conclusioun komm sinn datt dat net déi richteg Plaz wäer.

Véiert Remarque: Iwwert d’Accords de partenariat économique an d’Koherenz mat der Landwirtschaft wëll ech vläicht dobäi soen datt ech, mengen ech, ee vun deene sinn dee gehollef huet de Prinzip vun der Souverainteé alimentaire no baussen ze bréngen an datt ech och net déi Inkoherenzelementer tëschent der Landwirtschaftspolitik hei zu Lëtzebuerg an der Kooperatiounspolitik gesinn. Et mag elo sinn datt et eng Ausnam gëtt déi d’Regel bestätegt. Ech hu mech net am Detail mat där Mëllechfro ausenanergesat. Dat mag elo sinn datt dat déi Ausnam ass déi d’Regel bestätegt, mä dans le tout mengen ech awer datt och do Koherenz besteet. Ech erënnere mech ganz gutt datt mer vun Ufank un eis do probéiert hu mam Kolleg Boden ofzestëmmen an datt dat eis och mat ganz wéinegen Ofstrëcher bis elo gelongen ass. Am iwwrigen wëll ech drun erënneren datt mer 2005 zu Hong Kong décidéiert hunn d’Subsiden à l’exportation ofzeschafen. De Problem ass awer datt Hong Kong un Doha hänkt an datt Doha net ofgeschloss ginn ass. Dat mag elo besse chinesesch kléngen hei, mä am Résumé ass et awer dat do. Och fir Fair Trade-Produiten an d’Schoulen an aner öffentlech Institutiounen eran ze brénge si Progrèse gemaach ginn. Et ass méiglech haut, et muss zwéngend méiglech ginn. Ech mengen datt mer dat an der nächster Legislatur wäerten am groussen Einklang hei fäerdegbréngen. Meng Propositioun wäert och déi sinn -vu datt aller Viraussicht nach ech nach an egal wat fir enger Configuratioun maassgeblich mat wäert bedeelegt sinn un der Definitioun vum Ordre du jour vun den Assisen- datt mer d’Relatiounen mat den AKP-Staaten op den Ordre du jour huelen. An ech kann Iech lo scho soen datt de Bernard Petit vun der europäescher Commissioun, dee jorelaang maassgeblech déi mat configuréiert huet, sech d’accord erklärt huet fir dee Séminaire hei zu Lëtzebuerg z’animéieren, datt mer also dee Spezialist hei hunn dee wäert am September hei optrieden. Ech mengen och dat géif hëllefen déi Débatt weiderféieren.

Fënneftens, wat d’lëtzebuerger Entreprisen ubelaangt, den Här Henckes ass elo leider net do, gi mer net op de Wee vun der Aide liée, dat ass en internationale Prinzip dee besteet an dee weider muss bestoen. Den Här Goerens huet dat mam Refus vun der utilitaristischer Entwécklungspolitik beschriwwen, dat ass richteg sou, ech si mat him eens doriwwer. Dat heescht net datt d’Entreprise keng Opportunitéiten an der Kooperatioun sollen hunn. D’Entreprisen hunn déi. Mir hu vun dem Projet vun de Killanlagen a vun de Frigoe geschwat. Wann ee Besoin do ass, eng Opportunitéit, an dee vun enger Entreprise, lëtzebuerger Entreprise kann zefriddegestallt ginn, soll een dat maachen, mä wat net geet ass wann ee seet: mir maachen de Projet nëmmen, wann der déi an déi lëtzebuerger Entreprise huelt. Sou ass de Partenariat net ze verstoen, an esou geet de Partenariat och riicht an d’Mauer. Ech verstoppen Iech och net datt mer am Beräich Telekom op lëtzebuerger Expertise zeréckgräifen grad esou wéi an der Mikrofinanz. Ech gesinn net an firwat mer net sollen op déi Expertise hei zeréckgräifen an do Synergien hierstellen.

Mir hunn och schlecht Erfahrungen do gemaach. Mir hunn zum Beispill ee Séminaire organiséiert virun dräi Joer am Kader vun der Asian Development Bank, fir de lëtzebuerger Entreprisen do Méiglechkeeten opzemaachen. Dat war kee grousse Succès.

Sechste Punkt, oder fënnefte Punkt: De Prinzip vun der Autonomie vun den ONGen ass een deen ech héich halen an deen dat wat d’ONGen ausmécht am beschte charaktériséiert. Dorunner solle mer festhalen. Dat heescht net datt keng Synergie méiglech sinn. Dat heescht net datt keen Echange méiglech ass.

Zweetleschte Punkt: Madame Err, iwwert Äer Proposition de loi wollt ech vläicht folgendes soen an ech menge mir hunn eis do liicht op deem engen oder anere Punkt falsch verstan. Wat de Fong ubelaangt, hunn ech gesot datt déi Ausriichtung wéi se am Gesetz ass nämlech déi Prinzipien déi Der do festleet, datt ech domat d’accord sinn, well dat d’Beschreiwung vun der existenter Politik ass, mat där Maassgab, datt ech géif Lissabon gäer dra remgesinn. Ech hunn en même temps an engem Niewesaz gesot datt een iwwert d’Form kann diskutéieren. Ech wëll soen datt Der mer hei, an deem heite Fall eng Roserei attribuéiert hutt déi ech mer net eegen nennen well ech mech nämlech net un der Form stéieren wéi Der dat gemaach hutt, nämlech datt Der déi lo hei déponéiert hutt, datt ech wëll mat Iech driwwer schwätzen iwwer déi Formen déi Der am Gesetz virgesinn hutt, d’Formalitéiten, hätt ech misse soen, wou ech vläicht net mat en alleguer d’accord sinn: ech froe mech op déi Saachen mussen alleguer an den Text kommen, ech froe mech ob de Prinzip vum Partenariat respektéiert gëtt mat deene Formalitéiten déi Der virschlot. Dat wollt ech soen. Ech mengen, datt et eng Diskussiounsbasis ass. A vu datt déi nei Charakteristik vun de Propositions de loi jo déi ass datt et een Texte-martyre ass -eppes wat mer da verbreedert och sollen an Zukunft zur Uwendung bréngen- wäerte mer dat dann och maachen. Ech wëll nach eng Kéier zu dem Punkt ofschléissend soen datt ech bis elo ni am Gesetz mech ageengt gefillt hunn duerch den existenten Text, datt en enger Modernisatioun soll a muss ënnerworf ginn, do si mer eis säit engem Joer op mannst eens. datt ech bis elo ni am Gesetz mech ageengt gefillt hunn duerch den existenten Text, datt en enger Modernisatioun soll a muss ënnerworf ginn, do si mer eis säit engem Joer op mannst eens.

Leschte Punkt, Här President, ee grondsätzleche Punkt och wann en deelweis repetitiv ass, eng Konstant vun der lëtzebuerger Kooperatioun: ech si frou datt Iwwerastëmmung hei herrscht an datt all Mënsch domatter d’accord ass datt wa mer lo géifen déi vergiessen, déi näischt hunn, datt dat de Contraire vun deem ass wat déi international Solidaritéit ausmécht. A wann ech virdrun, wéi och a menger Ried op der Universitéit vun Dakar am November, opgrond vun engem afrikanesche Sprëchwuert de Verglach tëscht der Ameis an dem Elefant hiergestallt hunn, tëscht deem Staarken an deem Schwaachen, da géif ech mer et net umoossen ze soen wien da lo den Elefant ass a wien d’Ameis ass. Deen deen dat probéiert kënnt sech mol zolitt a schwéier iren. Eppes ass (eng Seejomes), eppes ass fir mech kloer (Merci, Madame Brasseur, fir d’Lëtzebuergescht) eppes ass fir mech kloer, et geet drëm dee Schwächsten ze schützen. Et geet drëm dee Schwächsten ze schützen hei zu Lëtzebuerg, et geet drëm dee Schwächsten ze schützen an Afrika, et geet drëm dee Schwächsten ze schützen an Asien, et geet drëm dee Schwächsten ze schützen a Latäinamerika. De Präiss vum Noloossen haut vum Effort ass an 10, 20, 30 Joer méi héich ze bezuelen, ee Multipel vun deem wat mer haut mussen investéieren. Ech si frou iwwert dee staarke Wëllen deen do zum Ausdrock komm ass fir un deem 1-Prozent-Zil festzehalen.

„Vouloir arriver, c’est avoir fait la moitié du chemin“, seet dat anert afrikanescht Sprëchwuert.

Mir sinn also um gudde Wee, fir net ze soen um séchere Wee.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour