Déclaration sur la politique de coopération au développement 2010 (version originale luxembourgeoise)

Le 18 mars 2010, la ministre de la Coopération et de l'Action humanitaire, Marie-Josée Jacobs a présenté la Déclaration sur la politique de coopération et de l'action humanitaire 2010 à la Chambre des députés.

- Seul le texte prononcé fait foi -

Introductioun

Här President, Dir Dammen an Dir Hären Deputéierten,

D’Politikgestaltung am Allgemengen, a vläicht an der Kooperatioun ganz speziell, verlaangt nieft der Bestännegkeet vum Asaz, ouni deen nohalteg Entwécklung eng eidel Hüls bleift, och eng Portioun Oppenheet, fir nei Weeër ze goen, jo vläicht esouguer eng Grimmel Kreativitéit a Fantasie, fir kënnen ze hoffen, deenen enormen Erausfuerderungen, déi sech eis an der Entwécklungswelt stellen, gerecht ze ginn. De Rapport annuel vun der Lëtzebuerger Kooperatioun vum Joer 2009, sou wéi d’Gesetz e virgesäit, kritt d’Chamberkommissioun dëst Joer viraussiichtlech nach virun der Summerpaus ënnerbreet. Haut geet et mer drëm, hei an eiser ieweschter politescher Instanz opzezeechnen:

1. wou déi international Discussioun iwwer d’Entwécklungszesummenaarbecht histeiert,
2. wéi Lëtzebuerg sech un der Formuléierung vun neie Perspektiven a Konzepter bedeelegt,
3. wéi eng Optioune mir schliisslech zréck behalen, fir eis national Kooperatiounspolitik efficace par rapport zu de Besoinen a kohärent par rapport zu deenen anere Politike vun der Regierung ze gestalten.

Mä fir d’éischt wëll ech, am Numm vun eise Partnerlänner an a mengem eegenen Numm, der Chamber Merci soen, datt d’Declaratioun vun haut an den Débat doriwwer dee selwechten Dag kënne stattfannen. Et erlaabt den Ambassadeure vun eise Partnerlänner, eisen Echange direkt an integral ze verfollegen. Et ass méi wéi just e manéierleche Geste, et ass en Ausdrock vu Respekt an enger dagdeeglech geliefter Partnerschaft. An engem Donateur wéi Lëtzebuerg, dee regelméisseg op d’bonne gouvernance an de Partnerlänner pocht, steet et gutt zu Gesiicht, och d’Transparenz an eisen nationalen Débaten ze praktizéieren. E grousse Merci am Viraus och un d’Dolmetscher fir hir Aarbecht an deenen nächste Stonnen.

D’Joer 2010 huet et a sech ; an dat net nëmme wéinst dem vollgepaakte Kalenner vun internationale Rendez-vousen. Et wier wuel ze vill einfach gewiescht, wann ech hätt kënnen nahtlos ukneppen un der Tramm, déi mäi Virgänger Jean-Louis Schiltz d’lescht Joer op dëser Tribune fir d’Lëtzebuerger Kooperatioun opgezeechent hat. Nach eng Kéier Merci fir dee substantiellen Input. Eng Rei vun deene Propositiounen wäerte méi séier ëmgesat ginn; anerer vläicht méi spéit, och ënnert dem Diktat vun der Aktualitéit.

An deem Sënn ass et dann och onemgänglech, haut un éischter Plaz vun Haiti ze schwätzen; wéinst dem Ausmooss vun der humanitärer Katastrof, mä och wéinst der bemierkenswäerter Generositéit mat där d’Populatioun hei zu Lëtzebuerg dorop reagéiert huet a viru reagéiert. Op Grond vun de Léieren, déi mer aus der Äerdbiewekatastrof vun Haiti kënnen zéien, mä och aus fréieren humanitären Asätz, hunn ech Wëlles, déi grouss Zich vun enger nach méi efficacer Lëtzebuerger Aide d’urgence virzestellen, e Konzept, dat noweislech op Lëtzebuerger Avantages comparatifs berout. Ech kommen duerno heirobber zréck.

Här President,

Wou steiert déi international Diskussioun iwwer d’Entwécklungszesummenaarbecht hin?

Aus der entwécklungspolitescher Perspektiv steet 2010 virun allem am Zeechen vun den Millenniumsentwécklungsziler, den Objectifs du millénaire pour le développement (och nach als OMD bekannt). 10 Joer nom Millenniumssommet, deen de politesche Wee fir dës ambitiéis Entwécklungsziler fräigemaach hat, zitt d’UNO Enn September zu New York een Tëschebilan: no zwee Drëttel vum Wee, dee bis 2015 am Fong misst zu der Realisatioun vun deenen 8 OMD féieren. A sengem Rapport am Virfeld vun dësem Nofolgesommet zeechent de Secrétaire général vun der UNO Ban Ki-moon richtigerweis kee rosegt Bild vun der Situatioun.

Global gesinn ass d’Zuel vun de Mënschen, déi ënnert der Aarmutsgrenz liewen, zwar tëscht 1990 an 2005 vun 1,8 Milliarden op 1,4 Milliarden zréckgaang; mä heibäi huet d’Evolution a China am stäerksten zu Buch geschloen. Déi detailléiert Analyse vun der Situatioun ergëtt ee vill méi nuancéierten Tableau, dee vu Regioun zu Regioun –jo heiansdo vu Land zu Land– verschidden ass.

Sou ass an Afrika, südlech vun der Sahara, d’Zuel vun deenen, déi mat manner wéi 1,25 Dollar den Dag auskomme mussen, tëscht 1990 an 2005 ëm 92 Milliounen eropgaang. Trotzdem gëtt et positiv Resultater a verschiddene Secteuren, wéi zum Beispill bei der Kannerstierflechkeet an den Taux de scolarisation am Primärunterricht. D’Zuel vun de Stierffäll bei Kanner ënner 5 Joer louch 2006 -déi éischte Kéier zënter datt Statistike gefouert ginn- ënner 10 Milliounen d’Joer; par rapport zu 1960 eng Baisse vu 60%. A praktesch all de Regioune vun der Welt louch den Taux de scolarisation am Primärschoulalter 2006 bei iwwer 90%, an Afrika leider nëmme bei 71%.

Dem Secrétaire général säi Rapport confirméiert och, datt et déi äermste Populatiounen an de Pays les moins avancés (PMA), den enclavéierte Länner (landlocked countries) an op de klengen Inselstaate sinn, déi am meeschten ënnert dem kombinéierten Effet vun Aarmut, Wirtschaftskris, Liewensmëttelkris a Pëtrolspräisser ze leiden hunn. Obschonns et encourageant Beispiller wéi de Cap Vert ginn, deen d’Emancipatioun aus dem Grupp vun de PMA gepackt huet an deen d’OMDën wäert erreechen, ass et och an dëse benodeelegte Länner wou d’Milleniumsentwécklungsziler dacks net all bis 2015 wäerten ëmgesat ginn.

Um Hannergrond vun dësem duerchwuessene Bild, variéieren d’Reaktiounen, an zwar tëscht deenen – a bei déi wëll ech d’Lëtzebuerger Kooperatioun och zielen – déi sech net domat zefridde ginn, en onzefriddestellende Constat ze maachen an dann d’Bengelen bei d’Tromm ze leeën, an deenen, déi – ëmmer schéin am Wand vun der Zäit – elo d’Objectifs du millénaire en bloc ofschreiwen, ënnert dem Prétext, si géifen den Erausfuerderungen net gerecht ginn. Dat sinn zum Deel déi selwecht, déi sech 2005 ënnert Lëtzebuerger Présidence nach derzou engagéiert haten, 2015 endlech eng ëffentlech Entwécklungshëllef vun 0,7% vum RNB opweises ze hunn an haut deenen nom Mond rieden, déi vun Dead Aid schwätzen (wéi d’Economistin Dambisa Moyo aus Zambien) oder vun der Mort de l’APD (wéi de Jean-Michel Severino vun der Agence française de développement).

Et ass ze vill einfach, all Kéiers wann de Wand vun der Geschicht engem e bësse méi schaarf an d’Gesiicht bléist, ëmzefalen an nei pseudo-intellektuell Theorien z’entwéckelen, déi et erlabe sollen, sech aus der Verantwortung vun den eegenen Engagementer erauszefuddelen. Well zënter 2000 war gewosst, datt d’Milleniumsziler net de ganze Spektrum vun de Problemer an der Entwécklungswelt géifen ofdecken, mä „nëmmen“ allgemeng unerkannte Prioritéite wieren. An zënterhier wousst och jiddereen, dee sech seriéis mat der Problematik beschäftegt huet, datt de Kampf géint d’Aarmut net zum Nulltarif kéint gewonne ginn.

Wouer ass par conter, datt d’Lëscht vun de Problemer an Erausfuerderungen zënter 2000 net méi kuerz gouf, mä éischter méi laang a méi komplex. Effektiv war deemools näischt gewosst, weder vum 11. September, nach vun der Liewensmëttelkris, der Deirecht vun den Energiepräisser, der Finanz- a Wirtschaftskris, an och net wéi schwéier de Klimawandel géif schlussendlech an d’Wo falen. An deem Kontext muss ee bedaueren, datt de Niveau vun der internationaler APD net an deem Mooss erop geet wéi versprach, mä et kann een net am selwechten Ablack dës APD doudrieden. Och wann nei Acteuren op der Zeen vun der internationaler Hëllef amgaang sinn, sech zu enger neier Zort Donateur ze mauseren – grouss privat Fondatiounen, wéi déi vum Bill a Melinda Gates zum Beispill, mä och nei ëffentlech Acteure wéi zum Beispill China um afrikanesche Kontinent. Och dann ass et net realistesch, déi ronn 100 Milliarden Dollar international APD all Joers aus dem Finanzement vun der Entwécklungsaarbecht ewech ze denken. Vill méi muss een un der APD festhalen an déi nei Acteuren, déi vläicht net ëmmer all mat deem néidege Solidaritéitsgedanken un d’Saach eru ginn, op d’Grondregele vun der efficacer Hëllef, am Sënn vun der Déclaration de Paris, astëmmen.

Wéi bedeelegt Lëtzebuerg sech un der internationaler Diskussioun?

All dës nei Elementer an der Diskussioun setzen den Drock op déi traditionnell Donateuren, ëffentlech a privat, erop. Duerfir ass et ëmsou méi néideg, datt dës Froen an deenen dofir zoustännegen internationalen Foren op d’Tapéit kommen, siew dat an der EU, an der OCDE oder an der UNO.

Um europäesche Niveau muss ee sech felicitéieren, datt mat Spuenien an der Belsch zwou successiv Présidencen den Agenda bestëmmen, déi um Fong vun der Entwécklungsdiskussioun d’selwecht denken ewéi mir. Anerersäits werft deen neie Lissabonvertrag och am Beräich Entwécklungszesummenaarbecht eng Rei nei Froen op. Sou bleift nach ze klären, wéi den Haut Représentant fir d’Aussepolitik an den Entwécklungskommissär, respektiv d’Kommissärin vun der Aide humanitaire, sech d’Aarbecht an der Relatioun mat den Entwécklungslänner wäerten opdeelen. An där Diskussioun ass d’Lëtzebuerger Positioun net persounebezunn, mä argumentéiert villméi fir eng kohärent Léisung, déi deem deen d’Responsabilitéit vun der Executioun vun der Entwécklungshëllef dréit, och e seriéist Matsproocherecht bei der Programmatioun soll zouspriechen. D’Ennresultat soll och net esou ausfalen, datt eis EU-intern Organisatioun de Partnerlänner nach méi schwéier verständlech gëtt, wéi dat well de Fall ass. Et ass ze hoffen, datt déi nächst Europäesch Conseilen vun de Staats- a Regierungscheffen an déi vun den EU-Entwécklungsministeren hei kënne Kloerheet schafen. Eis Aarbecht wäert et heibäi sinn, virun am Sënn vun enger kohärenter Entwécklungshëllefspolitik ze plaidéieren; bei deenen anere Memberlänner an zesumme mat deenen neie Kommissären Andris Piebalgs an Kristalina Georgieva. Éischt Kontakter goufe mat hinnen op enger informeller Ministeschréunioun am Februar a Spuenien geknäppt.

An der OCDE war well d’lescht Joer ee Reflexiounsexercice iwwer d’Zukunft vun der Entwécklungszesummenaarbecht ugekurbelt ginn. Dat steet där Organisatioun och gutt zu Gesiicht. Ëmmerhin war et de Comité d’aide au développement (CAD), deen Enn der 90er Joren d’Weiche gestallt hat, fir d’Millenniumsentwécklungsziler ze definéieren. D’Entwécklungsdirektioun am Ausseministère huet sech et deemno och net huele gelooss, aktiv un de Gespréicher am CAD deelzehuelen. Grondiwwerzeegunge vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, wéi zum Beispill déi, datt méi kompetenziwwerschneidend muss geschafft ginn, konnten hei zemools beim Thema Global Public Goods mat erafléissen. Wat eis Relatioun mam CAD soss nach ugeet, hunn ech decidéiert d’Offer vum President Eckhard Deutscher opzegräifen an nach dëst Joer eng Revue à miparcours tëscht zwou Peer Reviewe vun der Lëtzebuerger Kooperatioun duerchzezéien. Dat wäert sécherlech méi e liichten Exercice si wéi eng Peer Review u sech; mä trotzdem een Exercice vun Transparenz a Credibilitéit, deen all deene gutt zu Gesiicht steet, déi an de Konzeptdiskussioune wëllen eescht geholl ginn.

Am Kontext vun eiser Aarbecht bei a mat der UNO, kréie mer dëst Joer op d’mannst dräi Geleeënheeten, fir eis Vuen iwwer déi zukünfteg Gestaltung vun der internationaler Kooperatioun mat eran ze bréngen: elo am Abrëll, wa mer eis alljährlech bilateral Kontakter mat de Fongen a Programmen hunn, Enn Juni op der ministerieller Sëtzung vum Conseil économique et social (ECOSOC) an dann am September um Nofolgesommet iwwer d’Millenniumsziler. Ee Message, dee mer wichteg schéngt bei deene Geleeënheeten ze vermëttelen, ass deen datt esouguer eng komplett Ëmsetzung vun den Objectifs du millénaire bis 2015, d’Aarmut weltwäit nëmmen ëm d’Halschent géif drécken – sou wéi et och virgesinn ass – an deementspriechend viru konsequent Efforte vun der internationaler Gemeinschaft (an an den Entwécklungslänner selwer) mussen decidéiert an duerchgezu ginn. An zwar an engem Rhythmus, deen der demographescher Entwécklung Rechnung dréit. Et ass net nëmmen eng Geschicht vu Wuert halen oder Gesiicht verléieren. Wann ee mat kloerem Bléck a Geescht ënnersicht, wéi enk Aarmutsbekämpfung, Kampf géint Onsécherheet, Kampf géint de Klimawandel, Gestioun vun de Migratiounen an d’Wirtschafts- an Handelsrelatioune matenee verstréckt sinn, kënnt een och onweigerlech zum Schluss, datt all Effort, dee mer haut a muer an der Entwécklungszesummenaarbecht maachen, eis selwer zegutt kënnt. Et brauch een sech och net ze schummen, fir dat eng Kéier ze soen.

Här President,

Wéi eng Optioune wëlle mer spézifesch fir d’Lëtzebuerger Kooperatioun zréckbehalen?

D’Kooperatiounspolitik – wéi all aner Politiken och – gëtt net an engem Vakuum konzipéiert an ëmgesat. D’gesamt internationaalt Ëmfeld, mat virop de Konsequenze vun der Finanz- a Wirtschaftskris, ass zersat mat méi oder manner pertinente Contrainten fir ënner anerem och d’Entwécklungszesummenaarbecht. Zwou Zuelen mussen an dësem Kontext och dierfe genannt ginn: 2010 wäerten déi industrialiséiert Länner aus der OCDE kollektiv 21 Milliarden Euro ënnert hiren ugekënnegten Hëllefsbudgeten bleiwen. Mä nëmme 4 Milliarden dovun sinn op de Réckgang vun deene respektiven nationalen Akommes (de Revenus nationaux bruts) zréckzeféieren; de Rescht sinn onerfëllte Verspriechen, virun allem vis-à-vis vun Afrika, déi objektiv näischt mat der Kris ze dinn hunn. An deem Kontext ass et sécher manner wéi jee eng Schaan –vill méi ass et eng Éier– als Lëtzebuerg bei deenen ze sinn, déi hir Verspriechen anhalen a sech och a schwieregen Zäiten als zouverlässegen internationale Partner beweisen (eng Tugend, déi sou munchereen a leschter Zäit probéiert huet, eis ofzerkennen !). De Regierungsprogramm gesäit deemno vir, datt de quantitativen Effort vun der Lëtzebuerger Kooperatioun souwuel als Prozentsaz vum nationalen Akommes (1%) wéi och am Volume wäert bäibehale ginn. Als Kooperatiounsministesch sinn ech besonnesch frou, datt dës wichteg politesch Orientatioun och vun dëser Chamber matgedroe gëtt.

An deenen nächste Wochen wäert d’UNO méi präzis Donnéen iwwer d’Realisatioun vun de Millenniumsziler – Land fir Land – produzéieren. Fir d’Lëtzebuerger Kooperatioun ass d’Diagnose iwwer d’OMD elo besonnesch wichteg, well 2010 an 2011 mat eisen Haaptpartnerlänner déi drëtt Generatioun vun de Programmes indicatifs de coopération (PIC) verhandelt gëtt. Dës Kaderverträg définéieren d’Haaptstoussrichtunge vun eiser Zesummenaarbecht mat deene Länner fir déi nächst 4 bis 5 Joer a sollen natierlech och der Ëmsetzung vun de Milleniumsziler déngen. Niewt dem finanzielle Kader, deen an dëse Programmer fixéiert gëtt (ëmmer natierlech ënnert dem Virbehalt, datt d’Chamber déi néideg Budgeten all Joers stëmmt), läit et mer um Häerz, d’Qualitéit vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef virun ze verbesseren. Dofir lafen am Moment och d’Revues à mi-parcours vun de PICen vun der 2. Generatioun. Dës Evaluatioune lafen op Recommandatiounen eraus, déi d’Ausriichtung vun deenen nächste PICe kënne mat prägen.

D’Gespréicher mat de Partnerlänner wäerten dann an engem kloere Kader verlafen, am Respekt vun internationalen an europäesche Richtlinnen, wéi zum Beispill der Déclaration de Paris iwwert d’Efficacitéit vun der Hëllef, dem Accra Agenda for Action an dem europäesche Code de conduite sur la complémentarité et la division du travail; mä och am Respekt vum jeweilegen nationale Kontext an den eegenen Entwécklungsstrategie vun eise Partnerlänner.

Erlaabt mer hei eng Klaammer op ze maachen, fir iwwer d’Situatioun am Niger ze schwätzen. No der konstitutioneller Kris d’lescht Joer am August huet Lëtzebuerg mat der Suspensioun vun all nei geplangten Accorden reagéiert, lafend Projeten awer net ënnerbrach, fir net wéinst Retarden onnéideg Käschten ze provozéieren. Och d’Ënnerstëtzung vun ONGs-Projeten, déi direkt der Populatioun zegutt kommen, ass weider gelaf. Et huet mer wichteg geschéngt, ze weisen, datt fir eis bonne gouvernance keng eidel Wierder sinn. An trotzdem verlaangt esou eng Situatioun eng proportionéiert Äntwert, fir net konterproduktiv ze sinn an d’Acquisen vun eiser Kooperatioun a Fro ze stellen. Eis Reaktioun war natierlech mat där vun eisen europäesche Partner, virop der Kommissioun, koordinéiert. Et goufen och zënterhier – an et gi virun – regelméisseg Kontakter mat der Ambassade vum Niger zu Bréissel.

D’Mediatioun am Niger, tëscht Regierung an Oppositioun, am Kader vun der Communauté économique des États de l'Afrique de l'Ouest (CEDEAO), ass leider zënter Enn 2009 an enger Sakgaass. An de Coup d’Etat vum 17. Februar huet d’Situatioun net vereinfacht. Déi, déi d’Muecht u sech gezunn hunn, hu keng Legitimitéit. Et ass awer gutt, datt d’Gespréicher am Kader vum Artikel 96 vun den EU-ACP Accorden, deen de politeschen Dialog an esou Fäll regelt, viru lafen. Mir hoffen, datt de Niger esou séier wéi méiglech zréck fënnt op d’Schinn vun der demokratescher Legitimitéit, fir net – duerch manner Hëllef an duerch eng onrechtméisseg politesch Leedung – déi Fraen, Kanner a Männer am Niger duebel ze bestrofen, déi keng Schold un der politescher Kris hunn an eis Hëllef brauchen. Et sief an deem Zesummenhang och nach drun erënnert, datt de Niger 2009 op der leschter Plaz (182/182) vum PNUD sengem Human Development Index aklasséiert gouf.

Déi drëtt Generatioun vu PICe soll engem dräifachen Objektiv déngen:

1. Äntwerte bréngen op d’Besoinen vun eise Partnerlänner,
2. op eise komparativen Avantagen opbauen, andeems mer eis op eis prioritär Secteure konzentréieren (z.B. am Secteur vun der Beruffsausbildung, dem Gesondheetswiesen, der Gestioun vu Waasser an Ofwaasser, mä och an der Mikrofinanz an am Beräich vun den neien Technologien), fir esou vun der Projetsapproche op eng sektoriell programmatesch Approche iwwer ze wiesselen,
3. Iwwerschneidungen an Duplicatiounen mat anere Bailleurs de fonds vermeiden a verstäerkt, do wou et Sënn mécht a vertrietbar ass, déi national Prozedure vum jeeweilege Partnerland uwenden (eng Aufgab un där mer zesumme mat eiser Agence Lux-Development amgaang sinn ze schaffen).

Déi pluriannuell Programmes indicatifs de coopération sinn deenen äermsten Entwécklungslänner besonnesch an Zäite vu Wirtschaftskris nach méi wäertvoll, well se hinnen duerch d’Previsibilitéit vun eiser Hëllef eng gewëss Planungssécherheet ginn, déi noutwendeg ass, fir deene komplexen Erausfuerderungen vun haut entgéint ze trieden.

Ech wëll och haut hei den Engagement huelen, datt d’Chamber, an der zoustänneger Kommissioun, iwwer d’Substanz an d’Envergure vun dëser drëtter Generatioun PICen informéiert gëtt, ier dës Programme mat de Partnerlänner ënnerschriwwe ginn, fir domat eng transparent Programmatioun vun de staatlechen Entwécklungshëllef-Budgeten ze garantéieren. Formell gett doriwwer eraus de Kooperatiounsbudget jo och nach Joer fir Joer duerch de Vote vum Budgetsgesetz sanctionnéiert.

Här President,

Eng responsabel Begleedung vun eise Partnerlänner verlaangt och ëmmer méi dacks iwwer d’Grenzen vun dëse Länner eraus ze kucken; an heibäi geet et net drëm d’Diskussioun ronderëm d’Lëscht vun den Partnerlänner nei unzefachen. Villméi geet et drëm, d’Efficacitéit vun der Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht ze garantéieren a verschiddene Realitéite bessser Rechnung ze droen. Ech verweisen heifir op de Passage am Regierungsprogramm, dee virgesäit, datt d’Lëtzebuerger Kooperatioun verstäerkt eng regional Approche soll hunn, do wou dat Sënn mécht, a sech och méi am Detail mat de sougenannte Situations de fragilité soll befaassen. Heizou e puer Wuert Erklärung.

Lëtzebuerg ass, wéinst senger eegener (europäescher) Geschicht, gutt gestallt, fir regional wirtschaftlech Integratioun ze promouvéieren an z’ënnerstëtzen. D’Länner aus enger Regioun wéi Westafrika z.B. si mat deene selwechten Erausfuerderungen konfrontéiert (Aarmut, Onsécherheet, Klima, Demographie). Hei kann ee géigesäiteg Lektiounen aus fréieren Erfahrungen austauschen, hei kann aus den Experienze vum Noper geléiert ginn a gegebenefalls kënnen hei Economies d’échelle gemaach ginn. Dat versprécht zemools do zouzetreffen, wou et (wéi eben a Westafrika) well regional Institutioune wéi d’Communauté économique des États de l'Afrique de l'Ouest (CEDEAO) oder d’Union économique et monétaire ouest africaine (UEMOA) ginn, déi geziilt institutionnell Verstäerkung brauchen, fir hir regional Politike kënne besser ze formuléieren an ëmzesetzen. Hëllef vun där Zort dréit direkt zur Responsabilisatioun vun de Féierungskräften an den Entwécklungslänner bäi, déi d’Madame Dambisa Moyo an hirem Buch „Dead Aid“ esou vermësst. Mä amplaz dofir déi ëffentlech Entwécklungshëllef ze verdamen – esou wéi d’Madame Moyo et mécht – ass et sécher méi sënnvoll d’APD bewosst zu eben dësen Zwecker anzesetzen.

Lëtzebuerg huet och en Intérêt, sech verstäerkt fir Fragilitéitssituatiounen no bei eisen traditionellen Partnerlänner z’interesséieren. Een Drëttel vun deene Länner, déi aus engem bewaffnete Konflikt erauskommen, verfale bannent 5 Joer erëm an d’Gewalt, well de Friddensdividend sech dacks net materialiséiert. De Risiko, datt Gewalt aus Nopeschlänner eriwwerschwappt, ass net vun der Hand ze weisen. A wann den Hafen vun Abidjan erëm eng Kéier wéinst Biergerkrich an der Côte d’Ivoire sollt zougemaach ginn, da gëtt déi ganz westafrikanesch Sous-Regioun och nach eng Kéier ekonomesch ofgewiergt. D’Flüchtlinge passéieren op en Neits d’Grenzen a Länner, déi op keng Manéier virbereet sinn, fir se opzehuelen. Duerfir wäerte mer an Zukunft verstäerkt d’Situatioun a Länner wéi der Guinée Conakry, der Guinée Bissau, der Sierra Leone, dem Liberia a Gambien am A halen, mä och a Géigenden an eise Partnerlänner, déi manner stabel sinn. Ech denken heibäi un d’Casamance am Senegal, mä virun allem och un de Südbord vun der Sahara am Mali, am Burkina Faso an am Niger. Dës riseg an extrem dënn besidelt Landstrécher, déi sech vu Mauritanien bis an de Sudan erstrecken, si mat deene Mëttelen, déi de Länner zur Verfügung stinn, net uerdentlech z’iwwerwaachen an zéien deementspriechend all méiglech Zorte vun illegalen Aktivitéiten un, vum Terrorismus, iwwer Waffeschmuggel, bis zum Drogen- a Mënschenhandel.

Konkret kënne mir an Nokrichssituatiounen, dat heescht an der Transitiounsphase tëscht dem Enn vun engem Konflikt an den traditionnellen Développementsaktivitéiten, iwwer eis Action humanitaire hëllefen, d’Situation ze stabiliséieren. Et ass absolut complémentaire mat deem firwat Lëtzebuerg zënter iwwer zwee Joer och an der Peacebuilding Commission zu New York asteet. Souwäit zur Kohärenz tëscht dësen zwou Forme vun aussepolitescher Aktivitéit! - D’Zesummespill tëscht Entwécklung a Sécherheet wäert iwwregens och an der Lëtzebuerger Kandidatur fir e Sëtz vun 2013 bis 2014 am UNO-Sécherheetsrot eng prominent Roll spillen.

Här President,

Fir eis all deenen Erausfuerderunge stellen ze kënnen, zielen ech virun op eng gutt Zesummenaarbecht mat eise Partner, deenen aus dem Süden, den internationalen Organisatiounen, an heiheem virop mat den Entwécklungs-ONGen. Mat deenen ONGen hu mer, niewt engem regelméissegen Aarbechtsgrupp, zënter enger Rei Joren d’Assises de la Coopération als privilégéierte Forum fir Austausch an Discussioun. D’Editioun 2010 ass fir déi drëtt Septemberwoch geplangt. Ech hoffen, jidderengem mat deem Datum entgéint ze kommen.

Ech wéilt bei dëser Geleeënheet, den ONGe Merci soen, fir déi koordinéiert Reaktiounen (Commentairen a Propositiounen) op déi sektoriell Strategien, déi de Ministère am Laf vum leschte Joer an de Beräicher Santé, Waasser an Assainissement, Educatioun, Agrikultur, Ëmwelt, Bonne gouvernance, Genre, Développement local, Mikrofinanz an Action humanitaire virgeluecht hat. Mir verspriechen eis vun dëse sektorielle Strategien, ënner anerem och d’Aarbecht vun den ONGen op eng nëtzlech a verträglech Aart a Weis mat z’orientéieren. Dofir ass et och natierlech fir eis, d’ONGen an dëse Prozess mat anzebauen. Dat misst och hëllefe bei der Formulatioun a bei der Evaluatioun vu Projeten.

Mir gesinn och d’Noutwennegkeet, grad an dëser Zäit, d’Entwécklungsproblematiken a méiglech Äntwerten dorop dem Public am grousse Ganze méi no ze bréngen, ee Sujet, deen och den ONGen um Häerz läit. Ee Sondage, deen d’ONGen an Optrag ginn haten, huet confirméiert wat den Eurobarometer och well festgestallt hat: an der Populatioun hei am Land gëtt d’Entwécklungshëllef mat grousser Majoritéit als eng wichteg, respektiv eng ganz wichteg Aktivitéit ugesinn; wann et awer ëm déi eenzel Konzepter an Instrumenter vun dëser Hëllef geet, besteet ganz kloer Erklärungsbedarf. Mir huelen dee Message eescht an et ass eis Intentioun de Besoinen an den Erwaardungen, déi aus de Sondageresultater eraus ze liese sinn, mat enger substanzieller Kommunikatiounsstrategie entgéint ze kommen, sou wéi och de CAD se 2008 am Rapport vun der leschter Peer Review proposéiert hat. Ech sinn nämlech iwwerzeegt, datt mer déi bestehend Budgetsmëttelen fir dës Sensibilisatioun nach méi effizient kënnen asetzen.

Esou eng Kommunikationsstrategie gesi mir an zwou Partien:
1. Kommunikatioun fir Entwécklungsresultater erbäizeféieren, andeems mer erklären, wat als Objektiver ugestrieft gëtt (z.B. OMD) a wéi se sollen erreecht ginn (z.B. Déclaration de Paris; Code de conduite sur la complémentarité et la division du travail),
2. Kommunikatioun fir Entwécklungsresultater ze vermëttelen : z.B.: Réckgang vun der Kannerstierflechkeet; Success Stories sou wéi se z.B. virun zwee Joer an der Brochure „La Coopération, ça marche“ dokumentéiert goufen.

An esou eng Kommunikatiounsstrategie leeft fir eis och iwwer zwou Schinnen:
1. duerch intern Kommunikatioun, an déi ech de Ministère a Lux-Development abegräifen,
2. duerch extern Kommunikatioun vis-à-vis vun eisen direkte Partner (den ONGen, de bilateralen an de multilaterale Partner), vis-à-vis vun de Medien a vum grand public en général.

D’Education au développement gesi mer als e wichtegen Bestanddeel vun dëser Strategie, als Complément an net als Konkurrenz zu aneren Initiative vun der Regierung, wéi zum Beispill der Education au développement durable (am zoustännege Comité interministériel, ënnert dem Virsëtz vum Educatiounsministère). D’Opklärungsaarbecht, déi verschidden ONGen am Kader vum Klimabündnis mat an an de Gemenge leeschten, an déi souwuel vun der Kooperatiooun wéi vum Nohaltegkeetsministère finanziell ënnerstëtzt gëtt, geet an déi selwecht Richtung.

Mä och méi détailléiert Informatiounen iwwer Stage- a Formatiounsméiglechkeete um Terrain gehéieren an esou eng Strategie; sou zum Beispill Informatioun iwwer de Service volontaire de coopération, dee mer zesummen mat den ONGen a mam Service National de la Jeunesse an d’Liewe geruff hunn. Mä och Informatiounen iwwer d’Méiglechkeeten sech Beruffserfahrung ze sammelen a Stagen a Formatiounen bei eiser nationaler Entwécklungsagence Lux-Development, bei der Europäescher Kommissioun a bei de Fongen a Programme vun der UNO.

Här President,

Ech sinn op d’Konsequenzen vun der d’Finanz- an der Wirtschaftskris fir déi international Entwécklungshëllef agaangen. Mä wann een nohalteg Entwécklungspolitik wëll gestalten, muss een och där anerer globaler Realitéit kënnen an d’A kucken, déi den Développement durable am grousse Ganzen hypothekéiert: ech schwätze vum Klimawandel. Nom enttäuschende Resultat vum Klimasommet leschten Dezember zu Kopenhagen, bleiwe mer – ech géif bal soen noutgedrongen – och 2010 staark an der Discussioun iwwer de Kampf géint de Klimawandel mat agebonnen. Deen nächste Rendez-vous um héchsten Niveau ass fir Enn dës Joers zu Cancun a Mexico aberuff. De Finanzement vun de Mitigatiouns- an Adaptatiounsmesure weltwäit, also och an den Entwécklungslänner, wäert virun ee wichtegen Deel vun de Verhandlungen bleiwen. Datt Budgete fir d’Entwécklungshëllef heifir net a Fro kommen, war well zu Kopenhagen staark zum Ausdrock komm, net zulescht och vu Lëtzebuerger Säit. Dofir kommen déi additionnell 9 Milliounen, déi Lëtzebuerg iwwer déi drei nächst Joër, fir de Fast Start a Finanzement vun Adaptatiouns- a Mitigatiounsmesuren am Süden ugekënnegt huet, och net aus dem Kooperatiounsbudget.

Dat hënnert eis awer net drun, zesumme mat de Kollege vum Nohaltegkeetsministère, nei Weeër an Opportunitéiten z’identifizéieren, déi souwuel den Entwécklungslänner wéi och der Lëtzebuerger CO2-Bilanz zegutt kommen. Virsiichtegerweis hu mer op Basis vun de CAD-Regelen ausgelot, wéi eng Dépensen an dësem Kontext nach als APD kënnen zielen a vu wéini un aner Budgetsquellen mussen ugezaapt ginn, fir z.B. Emissiounsrechter iwwer Clean Development Mechanisms ze kafen. Wann dat bis viru Kuerzem nach net jidderengem kloer war, sou krute mer verséchert, datt mer eis Kooperatiouns-Séil net verkafen, wa mer eise Partnerlänner mat technescher a finanzieller Hëllef zur Säit stinn, fir CDM Projeten z’identifizéieren an ze formuléieren. Fir den eventuelle Finanzement bei der Ëmsetzung vun esou engem Projet wier, vu Lëtzebuerger Säit, awer héchstens de Kyoto-Fong zoustänneg. Gewëss Procès d’intention, déi mer regelméisseg an dësem Kontext gemaach kréien, kucken ech geloossen entgéint. Villméi géif ech et irresponsabel fannen, wa mer eis verwiert hätten, dës Iwwerschneidungszon tëscht Aarmutsbekämpfung a Klimawandelbekämpfung z’exploréieren. D’Sujeten ëm déi et hei geet, sinn effektiv vill ze eescht, fir datt ee sech kéint erlaben, Zäit mat Gestëppels oder Kompetenzgerangel ze verléieren !

Här President,

Een Dossier, dee berechtegterweis vu speziellem Intérêt fir d’Chamber ass, ass dee vun der Reform vum Gesetz iwwer d’Kooperatioun. Am Regierungsprogramm ass virgesinn, datt mer d’Opportunitéit vun esou enger Reform wäerten ënnersichen. Éischt Kontakter an deem Sënn sinn och well mat den Auteure vun der Proposition de loi, déi dës Reform virschléit, zustane komm. Mir sinn net der Meenung, datt mer eis op dësem Dossier mussen hetzen. D’Zuel vun de Plazen, op deenen – an d’Zuel vun de Geleeënheeten, bei deneen iwwer Entwécklungszesummenaarbecht geschwat an debattéiert gëtt, war nach ni esou héich wéi elo:

  • am Chamberplenum, bei der alljährlecher Declaratioun vum Minister,
  • an der Chamberkommissioun, sou dacks wéi néideg a gewënscht a virun allem fir d’Presentatioun vum Rapport annuel vun der Kooperatioun,
  • am Comité interministériel,
  • am Groupe de travail tëscht dem Ministère an den ONGen,
  • während den Assisen.

Déi bestehend Versioun vum 1996er Gesetz schränkt weder d’Regierung an hirer Handlungsfräiheet an, nach gëtt duerch deen Text der Chamber hire légitimen Droit de regard limitéiert.

Här President,

Erlaabt mer, sou wéi ech et um Ufank vu menger Ried versprach hat, op d’Aide d’urgence zréck ze kommen, op Basis vun de rezenten Erfahrungswäerter vun der Äerdbiewekatastrof op Haiti.

Virop e ganz spezielle Merci un all déi, déi – iwwer de generéise Spendegeste eraus – hir eege Persoun, hir Zäit an hir Energie an den Déngscht vun den Äerdbiewenaffer 7.000 km wäit ewech vu Lëtzebuerg gestallt hunn. Deen Asaz ass méi wéi een normal kann erwaarden a setzt och anormal vill Courage a Selbstlosegkeet viraus. An eiser individualistescher Gesellschaft vun haut, e Beispill an e Virbild fir eis all!

Ech wëll dës Geleeënheet och net verpassen, deene Merci ze soen, déi eis – an de Ministèren, den Ambassaden, den ONGen an um Terrain – gehollef hunn, en anere Volet vun der humanitärer Hëllef op Haiti, nämlech den Adoptiounsvolet, esou séier, esou onbürokratesch an dach mat der héchstméiglecher Rechtssécherheet ze geréieren.

Et ass am Gespréich mat de Leit vun der Croix Rouge an der Protection civile, mä och mat de Vertrieder vun den ONGen, déi well zënter Joren op Haiti schaffen, datt mer déi Haaptbarrière konnten ausmaachen, déi d’Hëllefsactiounen am Moment nach onnéideg bremsen. Dobäi ass jo grad d’Vitesse vun der Reaktioun zentral, fir Mënscheliewen ze retten. Am Debriefing, dee mer als Koordinateur am Ausseministère mat den Equipen organiséiert haten, war et méiglech relativ séier déi zwou Haaptcontrainten fir nach méi Efficacitéit am Asaz erauszeschielen. Et sinn dat, engersäits, d’Dauer vum Transport op d’Plaz vun der Katastrof an, anerersäits, déi onzouverlässeg Kommunikatiounsméiglechkeeten op – a vun der Plaz aus.

Dës Analyse huet eis dozou ugereegt, d’Kontakter mat zwou Zorte Lëtzebuerger Operateuren ze verdéiwen, well hir kombinéiert Kompetenzen eventuell eng Lëtzebuerger Äntwert op dës Problemer kéinte bréngen. Et handelt sech heibäi, engersäits, ëm Luxembourg Air Rescue, déi bannent enger Stonn vun der Alerte prett sinn, fir mat hiren Jetten op egal wéi eng Plaz an der Welt ze fléien. Anerersäits ëm d’Firmaen ASTRA Tech-Com Services an HITEC, déi op Basis vun SESSatellitekapazitéit global Internet-Connectivitéit fir Telefon, Biller- an Dateniwwermëttlung via e mobilen Terminal ubidden. Mir wäerten an nächster Zäit versichen, d’Vitesse vun deem engen an d’Reechwäit vun deem aneren zu engem efficacen Anti-Katastrofeninstrument ze verbannen. Well mer jo awer wëssen, datt mer – egal wéi efficace a séier eisen nationalen Asaz och ass – näischt aleng an enger Katastrofesituatioun kënne bewierken, schloen ech och vir, eis Reaktiounskapazitéite virun a nach méi systematesch an déi europäesch an international Hëllefsmechanismen anzeschreiwen.

Här President,

Ouni elo hei wëllen op déi technesch Detailler vun esou Servicer anzegoen, wollt ech heimatter meng Déclaratioun vun haut ofschléissen an an engems eng Zort Démarche illustréieren, déi et eis a méi wéi engem Dossier erlaabt huet operationnell Plus-Valuen do ze fannen, wou mer se soss net géifen siche goen. Dës Plus-Value läit do verstoppt, wou Kompetenzberäicher sech beréieren an heiansdo sech esouguer liicht iwwerschneiden; tëscht Administratiounen, tëscht öffentlechem a privatem Secteur, mat der Zivilgesellschaft asw. D’Komplexitéit vun de Problemer, déi mer musse léisen, erlaabt et net méi, datt jiddereen a sengem Eck probéiert, säi Stéck vun der Wourecht z’erfannen.

An der Kooperatioun hu mer eis et zur Method gemaach, dës Iwwerschneidungsberäicher z’erfuerschen an, wann et Sënn mécht, all d’Acteuren, déi un engem Sujet interesséiert sinn, un een Dësch ze bréngen, fir ee gemeinsamen Dossier kënnen am Interessi vun all Eenzelem weider ze dreiwen, ouni dobäi déi formell Kompetenzopdeelungen iwwer de Koup ze geheien. Dat geléngt eis weider gutt an der Mikrofinanz; dat si mer amgaang am Kampf géint de Klimawandel unzedréien; dat mécht Sënn am Zesummespill tëscht Entwécklungshëllef a Sécherheet (net zulescht am Hibléck op d’Kandidatur fir de Weltsécherheetsrot) an dat proposéiere mer elo och fir d’Aide d’urgence. An dat ass och déi Zort vu Politikkoherenz, déi de CAD eis am leschte Rapport vun der Peer Review verschriwwen hat.

A fir mat engem ganz konkrete Beispill ofzeschléissen, géif ech mer erlaben, Iech déi nei Versioun vun der Stratégie sectorielle "Genre" ausdeelen ze loossen. Déi heibannen, déi mech gutt kennen, hu sech bestëmmt well gewonnert, datt ech nach net méi staark drop insistéiert hunn, wéi wichteg d’Gläichheet tëscht Fraen a Männer och a vläicht zemools an den Entwécklungslänner ass. Et dierf Iech deemno net verwonneren, datt d’Stratégie sectorielle "Genre" elo déi éischt ass, mat engem neie Plan d’action, dee mer an de nächste Woche mat allen Interesséierte wëllen duerchdiskutéieren, fir en duerno als Referenzdokument fir déi drëtt Generatioun PICen ze gebrauchen.

Ech soen Iech Merci.

Dernière mise à jour