Luc Frieden, Discours à l'occasion du dépôt du projet de budget 2012

Här President,
Dir Dammen an Dir Hären,

Dëst ass bekanntermoossen net d’Budgetsried, déi kënnt am Dezember. Mä ech géing gär haut de Moien am Kader vun dësem Dépôt Iech, als Membere vun der Chamber, Kollegen aus der Regierung, der Press an de Représentante vun de Chambres professionnelles e puer Eckdate vun deem Budget erklären, mat wéi enger Philosophie mir un dee Budget erugaange sinn.

An ech muss soen, datt mir an der Regierung dëse Budget an engem enorm schwieregen Ëmfeld opgestallt hunn. Et ginn eng ganz Rei grouss, negativ Risiken, déi op der europäescher- an der Weltekonomie leien. Et konnt een ee Moment mengen, virum Summer, datt et erëm géing besser goen. Mir hunn dat och hei bannen an op anere Plaze gesot. Elo kommen awer eng Rei Nouvellen, déi sécherlech och wäerten, kuerz- oder laangfristeg, kleng oder grouss Repercussiounen op eist Land hunn.

E bësse si mir jo an enger Zort vun engem Krees. Et ass ugaange mat enger Bankekris, aus Amerika hier provozéiert; doraus koum eng Wirtschaftskris, d’Staaten hunn intervenéiert; domat ass d’Staatsschold méi grouss ginn, et ass zu enger Staatsscholdekris komm, an déi riskéiert elo erëm nei Problemer fir d’Finanzwelt ze schafen.

An et ass an deem schwierege Cercle, wou mir an enger oppener Ekonomie, wéi déi lëtzebuergesch eng ass, versicht hunn de Budget vum Joer 2012 opzestellen.

Mir mierken, an all déi international statistesch Ämter soen eis dat, datt dat 2. Semester 2011, do wou mir elo dra sinn, wäert méi lues goen; datt verschidde Previsioune mussen zréckgeholl ginn. An dat gëllt och fir d’Joer 2012.

Et ass esou, datt mir dëse Budget opgestallt hu mat enger Wirtschaftsprognos vum Wuesstem vun dem PIB fir d’nächst Joer vun 2%. Dëst Joer rechne mir mat engem Wirtschaftswuesstem vun 3%. Dat heescht, d’Wirtschaftswuesstem vum nächste Joer, d’Basis vum Budget, ass manner héich wéi dat Wirtschaftswuesstem wat mir fir dëst Joer virausgesot kréien.

Positiv ass bei deem negativen Element, datt de Wuesstem méi lues ass, wéi gesot, wéi d’lescht Joer, mä mir stelle fest, datt eist Wirtschaftswuesstem e bësse méi héich ass wéi dat vun der gesamter Eurozon, wou d’Europäescht Statistescht Amt dovun ausgeet, datt dat tëscht 1% an 1,5% läit. Lëtzebuerg léich also mat 2% liicht do driwwer. Mä nach eng Kéier, et ass manner wéi dat wat mir dëst Joer, 2011, kannt hunn.

Mir stellen och fest, datt d’Inflatioun weider op engem relativ héijen Niveau läit. Wann ech an der kuerzer Vergaangenheet kucken, d’Inflatioun d’nächst Joer wäert dem Statec no, bei 2% bis 2,5% leien. Gutt wier et, wann een eng Inflatioun hätt déi ënner 2% läit. Mä wéi gesot, do sinn eng Rei Facteuren déi do matspillen.

An deem Ëmfeld, wat schwiereg ass, wou een net 100%eg weess wéi d’wirtschaftlech Entwécklung europawäit an international ass – denkt drun, datt mir net nëmmen eng Scholdekris an enger Rei Eurolänner hunn, mir hunn och eng Scholdekris an Amerika, mir hunn e Welthandel, dee méi lues ass, a wat mir elo feststellen, méi lues ass zënter dem Summer, wéi dat virun e puer Méint de Fall war – an deem Kontext hu mir versicht, als Regierung eng aktiv Sozial- a Wirtschaftspolitik ze maachen, déi kombinéiert ass mat enger responsabeler Finanzpolitik.

Dat ass, en Equiliber ze sichen deen net einfach ass, mä dee sech an de Chifferen déi ech de Moien hei an der Chamber virun e puer Minutte konnt déposéieren, wéi follegt zréckspigelt.

De Budget vum Joer 2012, no de Critèrë vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun gerechent, schléisst of mat engem Defizit vun de gesamtëffentleche Finanze vun 0,7% vum Bruttoinlandprodukt. A Suen ausgedréckt ass dat en Defizit vun 330 Milliounen Euro.

Beim Zentralstat, de Stat selwer, ass den Defizit 2,6% oder 1,14 Milliarden Euro.

Et ass den Iwwerschoss vun der Sécurité sociale, déi jo och aus dem Staatsbudget zu engem Drëttel finanzéiert gëtt, kombinéiert mat dem Zentralstat, dee wéi gesot bei de gesamtëffentleche Finanzen zu engem Defizit vun 0,7% vum PIB féiert. Et ass déi gesamtëffentlech Finanzen, déi, wëll ech hei nach eng Kéier rappeléieren, am europäesche Kontext matenee verglach ginn.

Par rapport zum Budget 2011, deen ech d’lescht Joer hei déposéiere konnt, hu mir eis verbessert. Par rapport zu de Previsioune fir 2011 leie mir in etwa um nämmlechten Niveau.

Eis Previsioune fir 2011 fir de Moment, esou wéi mir se virun 2 Deeg op Bréissel notifiéiert hunn, leie bei engem Defizit vun -0,6% vum Bruttoinlandprodukt.

Mir si mat dëse Chifferen, déi ech elo grad hei gesot hunn, eent vun den 3 eenzege Länner an der Eurozon, déi d’Defizit- an d’Scholdecritèrë vun der Wirtschafts- a Währungsunioun respektéieren, zesumme mat Finnland an Estland.

D’Schold wäert och am nächste Joer ënner 20% bleiwen. Mir wäerte bei eppes 17%, 18% leien. D’Regierung freet d’Chamber d’Autorisatioun ze kréie fir 500 Milliounen Empreint opzehuelen. Dat ass eng Autorisatioun déi mir froen. Vun där d’lescht Joer opgehollener Schold ass nach eng gewëssen Zomm do, esou datt mir net wëssen ob mir déi Autorisatioun brauchen. Mä an enger Zäit, wou een net genee weess, wéi d’wirtschaftlech Entwécklung ass, freet d’Regierung d’Chamber fir eng Autorisatioun fir 500 Milliounen. Mä mir bleiwen en tout état de cause, och wa mir déi géingen ophuelen, ënner der Grenz vun 20% vum Bruttoinlandprodukt, déi mir eis gesat haten.

Eis Schold fir de Moment ass iwweregens 7,7 Milliarden Euro. Dovun, wéi gesot, hu mir 1 Milliard ongeféier nach net ausginn. Déi Suen déi mir opgeholl hunn hu mir nach. 2 Milliarden, wéi gesot, waren opgeholl gi fir d’Rekapitalisatioun vun enger Bank. Déi Suen, do hu mir also op där anerer Säit vum Bilan en Aktif stoen, esou datt déi reell Schold fir de Moment am Fong 4,7 Milliarden Euro ass. Mä no europäesche Berechnungen, wéi gesot, all déi Suen déi mir opgeholl hunn, sinn et 7,7 Milliarden.

Et ass ganz kloer, datt de Budget net nëmmen abstrakt Chiffere sinn. De Budget, an dat war fir mech ëmmer ganz kloer, ass en Instrument, mat deem mir versichen eng Rei Ziler ze erreechen. An ech mengen, datt an dësem Budget virun allem zwee grouss Ziler sollen erreecht ginn.

Dat eent dat ass d’Zesummeliewen an eiser Gesellschaft nach besser ze organiséieren, Mënsche virun ze bréngen an dëser Gesellschaft, sozial Problemer méi kleng ze maachen. An deen anere Volet, mir versiche mat all deene Kreditter déi mir virgesinn hu fir d’wirtschaftlech Entwécklung am Land ze ënnerstëtzen, fir datt Aarbecht entsteet.

Wéi gesot, hanner deene Chifferen ass enorm vill Aktivitéit, ass enorm vill politesch Zilsetzungen dran, an dofir hu mir versicht dat och an engem schwieregen Ëmfeld fäerdeg ze bréngen.

Natierlech brauch een, wann een déi Ziler wëll erreechen, Einnamen. Et kann een net méi ausginn, net vill méi ausgi wéi dat wat een erakritt. An do kënnt dann d’Zesummespill vun deem wat d’Wirtschaft op där enger Säit produzéiert, an dat wat mir kënne maachen.

Wann een net wëll Scholde maachen, an ech hunn an deene leschte Joeren ëmmer erëm drop higewisen, datt Verscholdung keen Zukunftsrezept ass a ka sinn, an dofir muss d’Schold zu Lëtzebuerg, an engem klenge Wirtschaftsraum, eng ganz niddereg bleiwen.

Mir hunn am Budget vum nächste Joer beim Zentralstat 12,5 Milliarden Euro Recettë virgesinn. Déi Recettë klammen domat ëm ronn 5%, mat ënnerschiddleche Gewiichtunge fir déi eenzel Steierkategorien. Ech géing just hei der wëlle 4 ervirhiewen, déi 4 grouss Kategorie vun de Recetten.

Do ass emol fir d’éischt d’Kierperschaftssteier. Dir wësst, datt d’Kierperschaftssteier zu Lëtzebuerg zum ganz groussen Deel, zu ¾, vum Finanzsecteur generéiert gëtt. Mir mengen, datt mir dëst Joer ronn 1,6 Milliarde kéinten do erakréien. Mir mengen, datt déi Recette d’nächst Joer manner héich wäert sinn, a mir hu se agesat mat 1,55 Milliarden, wëssend awer, datt déi Steier jo net direkt an deem Joer opgehuewe gëtt wou d’Recette, wou de Bénéfice an enger Entreprise gemaach gëtt, mä im Nachhinein, esou datt do ëmmer e gewëssenen Décalage mat der Réalité économique besteet.

D’Steieren op de Gehälter wäerten, no eiser Aschätzung, am Budget 2012 kënne méi héich agesat ginn, wéint der Entwécklung vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg. Mir ginn dovun aus, datt d’nächst Joer 2% zousätzlech Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg geschafe ginn. D’Lounmasse generell evoluéiert all Joer no uewen, esou datt mir mengen, datt een déi Steier kéint d’nächst Joer em 13% méi héich asetze wéi an de Previsioune vun dësem Joer. D’Salairessteier hu mir also op 2,6 Milliarden Euro am Budget festgeluecht.

An weider zu den indirekte Steieren, d’TVA. D’TVA menge mir, datt déi och géing weider wuessen. Mir proposéiere se d’nächst Joer ëm 6% méi héich anzesetze wéi dat wat mir fir dëst Joer erwaarden, nämlech 2,4 Milliarden. D’TVA gëtt net nëmme vu lëtzebuerger Aktivitéite generéiert, mä mir hu festgestallt, notamment an dësem Joer, datt zum Beispill den elektroneschen Handel ganz aktiv war, an doduerch och vill Recetten an de Staatsbudget komm sinn. Et ass also net nëmmen eng Transpositioun vun der lëtzebuerger ekonomescher Realitéit, mä och vu verschiddene Facteuren aus dem Ausland.

Schliisslech, wat d’Taxe d’abonnement ubelaangt, déi opgehuewe gëtt op den Investmentfongen, wat zu Lëtzebuerg, wéi Dir wësst, eng ganz grouss Aktivitéit vun eiser Finanzplaz ass, esou ass et enorm schwiereg ze soen, wéi d’Boursegeschäft am Joer 2012 geet. Mir hunn dofir proposéiert fir einfach dee Montant d’nämmlecht festzesetze wéi dat am Budget vun dësem Joer de Fall war, nämlech op 630 Milliounen. Ech mengen net onbedéngt, datt een d’Boursesituatioun vun dëse Woche kann automatesch extrapoléieren op d’Enn vun 2012, mä kee weess wéi do d’Evolutioun ass.

Wann ech da versichen Iech e bëssen ze soen, wat an deem Budget mat deene Sue gemaach gëtt, soen ech nach eng Kéier, fir eis ass et fir d’Zesummeliewen tëscht de Mënschen op där enger Säit, an d’wirtschaftlech Entwécklung op där anerer Säit e bësse mateneen ze kombinéieren. An dofir mengen ech, datt mir dräi Haaptcharakteristiken an dësem Budget hunn.

Déi dräi Haaptcharakteristike sinn, datt mir wëllen éischtens déi sozial Entwécklung vun eisem Land stäerken. Dofir gëtt et och an dësem Budget eng zolitt Ënnerstëtzung fir d’Familljen – zum Beispill a Kannergeld, Crèchen, Maisons relais – eng zolitt Ënnerstëtzung fir d’Acquisitioun vu Wunneng, mä och zolitt Ënnerstëtzung fir Leit, déi op d’Solidaritéit ugewise sinn – e Beispill do, an ech kommen herno dorop zréck, Fleegeversécherung, Altersheimer an ähnlech Strukturen, wou eis Gesellschaft selbstverständlech eng Flicht huet, fir datt d’Leit kënne wierdeg, jee no hirer Liewenssituatioun kënnen an eiser Gesellschaft liewen.

En zweete Charakteristik vun dësem Budget ass, datt mir wëllen d’Kafkraaft vun de Leit stäerken. Et kënnt an dësem Budget zu kenger Steiererhéijung, mä am Géigendeel zu enger Steiererliichterung. D’Budgetsgesetz wat ech elo grad déposéiert hu wäert d’Krisesteier, déi 2011 ageféiert gi war, wou am Budget d’lescht Joer stoung datt se och fir 2012 virgesi wier, ofschafen, esou datt d’Nettoakommes vun de Leit duerch déi Steiererliichterung ëm 0,8% klëmmt.

An dann deen drëtte Volet, dat ass, datt mir wëllen d’Entreprisen, d’Ekonomie stäerken, andeem mir dräi Ënnerakzenter setzen. Engersäits d’Investissementer ganz héich halen, voir se nach e bësse steige loossen. Zweetens, datt mir d’Accorde vun der Bipartite mam Patronat ëmsetzen, wou eng Kompensatioun fir, wéi dir wësst, Mindestloun an Ännerungen an der Assurance accidents a bei der Formation professionnelle virgesi waren. Dat huet natierlech eng Repercussioun an dësem Budget vun 80 Milliounen. An drëtten Akzent an der Ënnerstëtzung vun der Ekonomie sinn d’Fuerschungskreditter. D’Fuerschung, domat preparéiert een d’Zukunft vun der lëtzebuerger Ekonomie, vun der Gesellschaft am Fong. Well wann ee Saache fuerscht, dat huet een net muer. Et huet een haut d’Dépensë fir iwwermuer e Resultat ze hu wat eis virubréngt.

Ech géing Iech och gär soen, wéi dee Budget a senge grousse Kategorien ausgesäit, ier ech Iech e puer Beispiller ginn.

Ronn 35% vun eise Gesamtausgabe si Sozialausgaben. Dat sinn Transferten un d’Krankekeess, un d’Pensiounskeess, u Leit déi am Chômage sinn, u Kannergeld. Dat si ronn 35%.

Mir hu ronn 20% Gehälter un déi Leit déi beim Stat schaffen, a mir hunn 13% Investissementskreditter an dësem Budget virgesinn. D’Consommatioun, déi pur Consommatioun beim Stat beleeft sech nëmmen op 7% vum Gesamtvolume vun den Ausgaben déi mir maachen.

Ech hunn Iech gesot, datt mir an deem Sozialbudget eng ganz Rei Akzenter hunn, eng ganz Rei Kreditter hu fir d’Zesummeliewe vun de Mënschen hei am Land ze verbesseren, fir hinnen och ze erlaben hir perséinlechen Ziler an hir Verflichtungen innerhalb vun deem Ensembel wou se wunne besser kënnen ze realiséieren. De Stat hëlleft de Mënschen. An dee Budget, wéi gesot, sinn net nëmmen Chifferen, dee Budget dat si ganz konkret Hëllefe fir d’Liewe vun de Leit ze verbesseren.

Esou hu mir zum Beispill 1 Milliard Euro fir de Beräich vum Kannergeld, Gebuertenzoulag, Rentrée scolaire-Zoulagen. Dat si ronn 1 Milliard am Budget.

Och d’Kreditter fir d’Betreiungsstrukture vun de Kanner gi weider erop – Crèchen, Maisons relais, Foyers du jour – déi klammen am Budget vun 2012 ëm 60% op 223 Milliounen, esouwuel Fonctionnements- wéi Investissementskreditter. Dat ass also e ganz substantielle Wuesstem vun deenen Dépensen.

A mir hunn och an deem Budget gekuckt, fir vill kleng Problemer, wat heiansdo grouss Suerge sinn ze versichen duerch eng Rei Kreditter ze stäerken. Esou hu mir zum Beispill am Budget 2012, mä mir hate schonn domat an dësem Joer ugefaangen, ronn 75 zousätzlech Leit virgesi beim Stat oder bei konventionéierten Organisatiounen am Beräich vun der Begleedung vu Kanner déi sozial Schwieregkeeten hunn, déi ganz Thematik déi de Staatsminister bei der Erklärung vun der Lag vun der Natioun virbruecht hat.

Mir hunn och versicht Problemer hëllefen ze léisen – an ech mengen, jiddweree vun eis dee Papp oder Mamm ass weess wéi esou Situatioune sinn – mir hunn zum Beispill e Kredit fir eng Organisatioun fir krank Kanner doheem gehéicht, fir besser ze erlabe Famill mat Beruff ze kombinéieren. Dofir hu mir zum Beispill esou e Kredit op 370.000 Euro gehéicht, fir sécherzestellen datt Suergen déi een huet, wann ee moies opsteet an d’Kanner krank sinn, besser an de Grëff kënnen ze kréien.

An ähnlech Kreditter hu mir och bei deenen eelere Leit gemaach. Mir hunn zum Beispill am Budget e Kredit virgesi vun 300.000 Euro fir eng Nuetswaach ze assuréiere bei Leit déi fleegebedierfteg sinn. De Staat iwwerhëllt déi Dépensen, well soss keen do ass deen dat ka maachen. An dat sinn also duerch de Budget mat abstrakt Chifferen, Mënschesituatiounen, déi mir versichen ze hëllefen méi einfach ze maachen.

Souwisou ass de Beräich vun de Leit déi am Alter sinn een dee wichteg an dësem Budget ass. Och do klammen d’Kreditter ëm 10% fir de Fonctionnement an d’Investissement vun Alters- a Fleegeheemer op 44 Milliounen.

A mir hunn eis och ofgi mat der Problematik vun der Finanzéierung vun der Fleegeversécherung, wat eng ganz wichteg Saach ass an enger Gesellschaft wou d’Leit méi al ginn, a méi op d’Solidaritéit ugewise sinn. Dir kënnt Iech erënneren, datt mir 2006 beschloss haten aus finanzielle Grënn, datt mir d’Contributioun vum Stat un d’Fleegeversécherung géinge während e puer Joer plafonéieren op 140 Milliounen. Well awer der Fleegeversécherung hir Ausgabe weider klammen, a well mir net wëllen an dësem Moment, aus deene Grënn déi ech gesot hunn, weder d’Steieren erhéijen nach d’Soziallaaschten erhéijen, huet d’Regierung décidéiert, a proposéiert der Chamber am Budgetsgesetz, fir d’Contributioun vum Staat un der Fleegeversécherung, un den Ausgabe vun der Fleegeversécherung, an zwou Etappen erëm op 40% vun de Gesamtausgabe vun der Fleegeversécherung ze héijen.

Dat heescht, mir ginn am Joer 2012 op 35%. Dat spigelt sech am Budget nidder mat enger Mehrausgabe vu 35 Milliounen, esou datt d’Part vum Stat am Finanzement vun der Fleegeversécherung am Budget 2012 bei 175 Milliounen Euro läit.

Solidaritéit heescht natierlech och an enger wirtschaftlech méi schwiereger Zäit Solidaritéit mat deene Mënschen déi keng Aarbecht hunn. Dofir klammen och d’Ausgabe vum Fonds pour l’emploi. Mir wäerten d’nächst Joer alleng fir Chômage complet a Chômage partiel ronn 200 Milliounen Euro ausginn. Woubäi ech wëll hei soen, datt natierlech d’Ausgabe vun deem Fonds pour l’emploi schonn eng gréisser Erausfuerderung ass, well d’Solidaritéitssteier, déi d’lescht Joer gehéicht gi war, déi fir de Finanzement vum Fonds pour l’emploi geduecht ass, grad esou wéi eng Contributioun, déi mir um Bensin ophiewen, datt déi bei wäitem net duergi fir d’Ausgabe vum Fonds pour l’emploi ze decken. Esou datt och e ganz décken Zouschoss aus dem Budget nach zousätzlech huet misse gemaach ginn un de Fonds pour l’emploi, fir datt dee sengen Ausgabe kann nokommen.

Zum Zesummeliewe gehéiert och, datt mir versiche mat ville Mëttelen d’Integratioun vun den Auslänner an eiser Gesellschaft nach ze verbesseren. An dofir hu mir och zum Beispill e Kredit virgesinn, e vill méi staarke Kredit, fir Associatiounen a Gemengen ze ënnerstëtzen, déi lëtzebuerger Sproochecoursen organiséieren. Dee Kredit wiisst, dee gëtt méi wéi verduebelt. D’lescht Joer hate mir do 117.000 Euro virgesinn, d’nächst Joer gesi mir do 300.000 Euro vir. Well mir mengen, och gesinn, datt déi Sproochecourse vill Succès fannen, an datt dat wichteg ass, fir datt mir hei am Zesummeliewen op eng gutt Aart a Weis mateneen eis weider kënnen entwéckelen.

Ech mengen och, datt zum Zesummeliewe gehéiert, datt mir de Respekt vun de Regelen déi d’Zesummeliewen organiséieren assuréieren. An dofir hu mir och proposéiert, datt d’Kreditter vu Police a Justiz weider klammen. Si klammen ëm 5% op ronn 320 Milliounen Euro. Dat ass wichteg, fir datt de Staat och do kann, wou e muss sinn, agräifen; datt d’Zesummeliewen am Respekt vun den demokratesch ofgemaachene Regele fonctionnéiert. D’Police kritt dofir duerch de Budget vun 2012 40 zousätzlech Leit accordéiert.

An enger Gesellschaft déi wiisst, an d’lëtzebuerger Gesellschaft wiisst, a wiisst ganz schnell, ass Mobilitéit natierlech och e ganzt wichtegt Thema. Et muss ee kucken, datt een d’Leit vun doheem op d’Schaff, an d’Schoul bréngt. Dat ass eng Erausfuerderung, dat geet net alleng duerch den Individualverkéier, dat geet iwwerhaapt net bei wuessender Zuel mam Individualverkéier, dofir muss den ëffentlechen Transport weider ausgebaut ginn. An d’Kreditter vum ëffentlechen Transport, esouwuel Fonctionnement wéi Investissement, wuessen am Budget vum nächste Joer op eng Gesamtzomm vu ronn 700 Milliounen Euro, dat si 4% méi wéi am Budget vum lafende Joer.

Alles dat Soziaalt, dat Zesummeliewen, dat kann een natierlech nëmme fäerdegbrénge wann een och e Stat huet dee gutt organiséiert ass, deen och eng Rei Mëttelen dofir huet. Dofir hu mir och virgesinn, datt de lëtzebuerger Stat mat sengen ugeglidderten Etablissementer, am nächste Joer an déi eenzel Verwaltungen 200 zousätzlech Leit wëll astellen. Dat gëtt och Perspektive fir vill Jonker déi aus der Schoul kommen, mat interessante Plazen. Mir wëllen niewent deenen 200 zousätzleche Leit an de Verwaltungen och 180 zousätzlech Leit am Enseignement astellen. Dat ass Grondschoul, de Gemenge war, an an de Lycéeën.

Bei de Verwaltunge menge mir och, datt en extraen Effort um Personalplang muss gemaach ginn an de Finanzverwaltungen, wëssend datt d’Zuel vun den Dossiere bei de Steierverwaltungen enorm eropgaangen ass, notamment vun de Gesellschaften. A wa mir wëlle kucken, datt d’Einnamen och kommen, musse mir och kucken, datt déi Efforten d’nächst an déi Joeren duerno viru ginn.

Mä wéi gesot, et kann een net méi Suen ausgi wéi een der erakritt, an dofir brauche mir eng Wirtschaft déi fonctionnéiert a wou de Stat wëll an engem schwieregen Ëmfeld säi Bäitrag leeschten.

An do musse mir e schwieregen Equiliber sichen tëscht enger Budgetsdisziplin engersäits an enger Ënnerstëtzung vun der Ekonomie anerersäits. Ech gi gär zou, datt dat en Dilemma ass, well den Defizit, dee mir hu bei dem Zentralstat, ronn 1 Milliard, deen ech Iech virdru gesot hunn, ass en fait fir mech en Defizit dee mëttelfristeg gekuckt ze héich ass. Mä ech mengen awer och, datt mir kuerzfristeg musse kucken, datt mir all Efforte maache fir d’wirtschaftlech Entwécklung am Land virunzebréngen, an dofir wollte mir net bei den Investitioune spueren, am Géigendeel, mir hu gesot, datt mir d’Investitiounen op engem héijen Niveau halen.

Mir haten ee Moment gesot, virun een, zwee Joer, datt mir géinge versichen op engem Niveau vun 2009 ze bleiwen. Mir hunn dat liicht revidéiert, well mir mengen, datt an dësem Moment et gutt wier wa mir d’Infrastrukture géife weider ausbauen, domat dem Handwierk an den Entreprisen aus dem Bausecteur géingen hëllefen. An dofir hu mir fir d’nächst Joer gesamt Investitiounsausgabe vun 1,8 Milliarden Euro virgesinn. Am Verglach, 2009 ware mir op 1,4 Milliarden Euro. Also 1,8 Milliarden Euro, dat si ronn 4% vum Bruttoinlandprodukt. Dat ass enorm héich och am europäesche Verglach. An et ass wéi gesot nach e Wuesstem par rapport zu deem wat mir dëst an d’lescht Joer haten.

Domat kënne mir ganz vill maachen. Domat baue mir Schoulen, dat ass fir mech eng absolut Prioritéit. Dofir hunn ech och dem Bauteminister gesot, datt mir déi Schoulbauprojeten, déi mir ee Moment liicht reportéiert haten, datt mir déi erëm an de pluriannuelle Programm ophuelen, fir se esou schnell wéi méiglech, an esou schnell mir kënnen ukommen, ze bauen. Dat gëllt virun allem fir d’Lycéeë vu Klierf a vun Déifferdeng.

Mir hunn och an deem Gesamtvolume enorm héich Kreditter, net nëmme fir Schoulbaute virgesinn – wat mir um Häerz läit, well ech mengen dat huet wierklech eppes ze doe mat der Entwécklung vun eisem Land. D’Schoul ass d’Basis vun der Entwécklung vun engem Land – mä och Spideeler, fir datt dee Programm ka weider ausgebaut ginn, d’Stroossennetz, d’Schinnennetz. D’Kläranlagen, jo, 80 Millioune fir Kläranlagen, och dat huet domat ze doen, wéi mir kënnen dës Gesellschaft weider op engem héijen Niveau entwéckelen.

Ech soen dat och dobäi, well de Stat och weider am Beräich vum Waasser ganz substantiell intervenéiert. Et ass also net esou, datt de Waasserpräis de ganze Käschtepunkt géing decken deen d’Leit bezuelen. De Stat gëtt d’nächst Joer 80 Milliounen aus fir den éischten Investissement an de Kläranlagen, déi do gebaut ginn, meeschtens vu Gemengesyndikater, datt mir och do weider kommen.

Wéi gesot, Investissementer op engem ganz héijen Niveau, wat eng enorm Stäip ass fir d’lëtzebuerger Ekonomie an dësen Zäiten.

Ech hunn Iech geschwat vum Accord Bipartite, deen och eng zolitt finanziell Stäip ass fir d’Betriber – 80 Milliounen – deen awer och en Deel erkläert, fir wat d’Dépensen am Budget méi staark klammen.

Mä ech hätt och gär, datt mir géinge kucken, datt eis Ekonomie sech nach besser am Ausland ka promovéieren. Mir kënnen déi Ekonomie hei net weider entwéckele reng um nationale Plang, an dofir mussen déi Efforten, déi eng Rei vu Ministere maache fir am Ausland de Betriber ze hëllefen, weider gezilt gemaach ginn. Ech ginn Iech e puer Beispiller, wéi mir dat maachen am Budget vum nächste Joer, mat enger Gesamtmass vu ronn 6 Milliounen Euro. Dat hu mir also gehéicht.

An ech ginn Iech do nëmmen dräi, véier Beispiller.

  • D'Entwécklung vun der Finanzplaz, wou mir wëllen déi Efforts de promotion am Ausland nach verstäerken.
  • D’Entwécklung vum Commerce extérieur, wou de Wirtschaftsminister vill Efforten am Ausland mécht fir dem net-Finanzsecteur ze hëllefen.
  • D’Promotioun vum lëtzebuerger Handel an der Groussregioun, wou d’Ministerin vun de Classes moyennes ganz aktiv ass.

All déi Kreditter zesummen, wéi gesot, si 6 Milliounen.

Mä och am Kulturberäich. Et gi Kënschtler, déi professionnel schaffen. Mir wëllen hinnen erlaben och am Ausland Fouss ze faassen, an dofir hu mir och do zum Beispill e Kredit vu 450.000 Euro an där Mass vu Kreditter virgesinn, fir ze hëllefen datt mir eng wirtschaftlech Entwécklung hunn, wou mir wëssen, datt an enger oppener Ekonomie mir musse kucken Investisseuren, Clientë vu baussen an eist Land eran ze kréien, fir datt mir weider kënnen eis Aarbechtsplazen ofsécheren an neier dobäi kommen.

An dann hunn ech gesot, an deem Volet Ënnerstëtzung vun der Ekonomie ass natierlech d’Fuerschung wichtegt, ech hunn et virdru scho mentionéiert. D’Fuerschungskreditter klammen ëm 11% op 280 Milliounen. Nach eng Kéier, bei Fuerschung gesäit een näischt direkt, dat ass eng Dépense à court terme, dat ass eng Entwécklung an eng Recette à long terme.

Zesummeliewen, sozial Akzenter fir ze kucke Problemer ze léisen, mä awer och déi Leit weider ze entwéckelen an eiser Gesellschaft, dat ass deen ee Volet. An Zesummeliewen ass wichteg an engem Land. An hannert deene Chifferen, wéi gesot, sti Mënschen, an op där anerer Säit d’wirtschaftlech Entwécklung. A wa mir keng Aarbecht kënne schafen kréie mir keng Recetten, an hu mir keng Chance fir am Budgetséquiliber weider ze kommen. Et ass en enormen Défi, jo heiansdo esouguer en Dilemma.

Mir mengen, datt mir en an engem raisonnabelen Equiliber fäerdeg bruecht hunn. Mä mir dierfen ni vergiessen, datt mir net alleng op der Welt liewen. Eis geet et den Ëmstänn entspriechend gutt. Ech woen esouguer ze soen, trotz schwieregem Ëmfeld, ganz gutt. Ville Mënschen op der Welt geet et net gutt.

An dofir huet d’Regierung och décidéiert, datt mir d’Entwécklungshëllef op dem Niveau vun 1% vum Revenu national brut halen. Wat heescht, datt mir d’nächst Joer 314 Millioune fir Entwécklungshëllef, där bilateraler an där multilateraler, ausginn. Dat ass eng Croissance vu ronn 5%.

Fir e klengt Land ass et wichteg, datt ee Budgetsdisziplin huet. Villes géing ee vläicht nach méi wëlle maachen. Deen een oder deen anere géing och vläicht en Akzent anescht setzen.

Mir hu versicht, e responsabele Budget op d’Been ze setzen deen d’Budgetsdisziplin hält. Well et ass och wichteg, datt mir an der Welt sérieux geholl ginn, datt och Investisseure bei eis kommen. An dofir sinn ech frou, datt op Grond vun där kontinuéierlecher Finanzpolitik déi mir gemaach hunn, virun e puer Deeg och vun der Ratingagentur Fitch den AAA Status confirméiert ginn ass. Dat ass net iergend eng abstrakt Notatioun. Wann een dat net kritt, dann huet een an Zukunft vill méi Schwieregkeete fir kënne Sue léinen ze goen, respektiv heescht dat, datt ee misst d’Steiere massiv héije fir den Equiliber ze halen. Dofir musse mir un enger Budgetsdisziplin festhalen.

Zugläich awer hu mir en Equiliber gesicht tëscht sozialer Responsabilitéit an ekonomescher Entwécklung. Et ass also e Budget mat enger aktiver Sozial- a Wirtschaftspolitik an enger responsabeler Budgetspolitik, déi net perfekt ass, déi och net allen Zilsetzunge vun der europäescher Finanzpolitik gerecht gëtt, well mir am Fong musse wéinst eise laangfristegen Erausfuerderungen, notamment an der Finanzéierung vun de Sozialversécherungen, zousätzlech Efforten iwwer déi nächst Joere maachen.

Mä mir mengen, datt et e Budget ass, deen der aktueller Situatioun gerecht gëtt an dee versicht dëst Land op eng aktiv, konstruktiv, positiv Aart a Weis no vir ze bréngen.

Mir wäerten an deenen nächste Wochen, a schonn de Mëtteg an der Finanz- a Budgetskommissioun, kënnen am Detail dat mat de Membere vun der Kommissioun, mat den Deputéierten diskutéieren. Ech géing mir e breeden Débat am Land wënschen, och iwwer d’Staatsfinanzen. Et ass d’Grondlag vun esou Villem vun deem, wat hei am Land geschitt. An ech freeë mech op e konstruktiven Débat mat de Fraktiounen a mat alle Forces vives hei am Land.

An ech freeë mech, an ech hoffen, datt dëse Budget kann am Dezember fir d’Joer 2012 vun der Chamber ugeholl ginn.

Merci.

Dernière mise à jour