Message du Premier ministre Xavier Bettel à l’occasion de la fête nationale 2015

Seul le discours prononcé fait foi

"Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Matbierger,

Gudden Owend,

Muer feiere mir all zesummen eisen Nationalfeierdag, den Dag, wou mir als Land, als Natioun an als Gesellschaft zesumme stinn an uechter d’Land zesumme sinn.

Et ass den Dag, wou mer eis op eis selwer konzentréieren, op dat besënne wat mer sinn, a mer denken och un dat, wat mer waren. Eis Geschicht, eis national an eis europäesch Vergaangenheet, gehéiert zu eisem Land a gehéiert zu eiser Identitéit.

Lëtzebuerg ass Grënnungsmember vun der Europäescher Unioun, mir gehéieren och zu deene fënnef Länner, déi virun 30 Joer de Schengen Accord ënnerschriwwen an domat en neit europäescht Kapitel opgeschloen hunn. Mir hunn eis agesat fir deen eenzegaartege Friddensprojet, mir hu gehollef Brécken op a Grenzen ofzebauen. Lëtzebuerg ass e Land wat vermëttelt an d’Leit zesummeféiert, mir hëllefe Konflikter ze evitéieren an ze léisen. Dat ass en Deel vun eis an doropper solle mer houfreg sinn.

D'nächst Woch iwwerhëlt Lëtzebuerg fir d'12te Kéier d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun. Dat ass eng grouss Verantwortung, eng Erausfuerderung awer och eng grouss Chance fir Lëtzebuerg. Déi nächst 6 Méint hu mir d’Geleeënheet d’Prioritéite verstäerkt matzebestëmmen. Mir droe Matverantwortung fir d’Positioun vun 28 Memberlänner, mir kënne Léisunge proposéieren an eis fir gemeinsam Positiounen a fir Décisioune staark maachen. Déi Lëtzebuerger Presidence stellt de Bierger kloer an de Mëttelpunkt. Mir brauchen en Europa wat méi mat amplaz nieft de Leit fonctionnéiert, mir brauchen Décisiounen, déi novollzéibar a verständlech sinn.  Zu deene wichtegsten Aufgabe fir déi nächst 6 Méint gehéiert d’Lutte géint de Chômage an d’Relance vun der Economie. Mir mussen Aarbechtsplaze schafe fir Chômage ze bekämpfen, a mir brauche Perspektive fir déi vill Leit an Europa, déi riskéieren d’Hoffnung op besser Zäiten ze verléieren.  Déi wirtschaftlech Entwécklung soll awer och nohalteg sinn. Lëtzebuerg setzt sech mat vill Energie derfir an, dass d‘Konferenz iwwer Klima an nohalteg Entwécklung Enn dës Joers zu Paräis e Succès gëtt. Mir mussen net nëmme Sozial- a Steierdumping bekämpfen, mä och Dumping am Ëmweltberäich muss verhënnert ginn.

D’Presidence vum EU-Conseil gëtt eis awer och d‘Geleeënheet Gehéier ze fanne fir eis eege Messagen. Mir kënnen eis als dat duerstellen, wat mer sinn: E konstruktive Partner op deen ee sech verloosse kann, deen no vir kuckt a Courage weist, wa Courage néideg ass.

An den nächste Méint kommen och Delegatioune mat Dausende politesche Vertrieder a Fonctionnairen aus deenen 28 Memberlänner an de Grand-Duché a mir maachen alles, datt si och e positiven Androck vun eisem Land beim Retour an hirem Bagage hunn.

Déi nächst Méint sinn awer net nëmmen europäesch.

D'Regierung huet sech eng kloer Linn gi fir d’Land no vir ze bréngen an et ginn och éischt Zeechen, datt mer um richtege Wee sinn. Eis Staatsfinanze bewege sech an déi gutt Richtung an eis Economie erlieft eng Relance. Den Aarbechtsmarché entwéckelt sech gutt, mir kreéieren nees méi Aarbechtsplazen an d‘Vertraue vun de Betriber an de Standuert Lëtzebuerg wiisst.

Déi lescht Wochen a Méint gouf eis Aktualitéit awer och vun engem Sujet dominéiert, wou et ëm d’Reform vun eiser Constitutioun geet.  De 7. Juni sinn dräi Froen tranchéiert ginn, déi beim Ausschaffe vun enger Verfassung keng Eenegung am Parlament fonnt haten. D'Bierger hunn eng kloer Sprooch geschwat an d'Proposë fir déi och d’Koalitioun sech engagéiert huet, sinn net zeréckbehale ginn. Et war en däitleche Vote an dat Resultat léisst mech als Premier net kal. D’Wieler hunn eis gesot, datt de Wee vun engem Awunnerwahlrecht net deen ass, dee si wëlle fir d'Integratioun vun den Auslänner, déi bei eis wunnen, ze förderen. Si hunn eis gesot, datt e Wahlrecht vu 16 Joer u keng Optioun ass an datt eng Limitatioun vun de Mandater an der Regierung net gewënscht ass. Déi Proposë ginn net an den neie Verfassungstext integréiert. D'Chamber schafft awer weider un der neier Verfassung. Mir halen um Prinzip vun der Partizipatioun fest. Et ass mir awer och kloer, datt mir d’Leit besser an éischter musse mat abannen. D’Partizipatioun u politesche Prozesser muss fréi ufänken a se muss gutt, besser wéi bis elo, organiséiert ginn.

Léif Matbierger,

Et leien Erausfuerderunge virun eis, déi mer wëllen ugoen. Ze vill Leit bei eis am Land hu keng Aarbecht, vill Familljen hunn et schwéier fir déi zwee Enner beieneen ze kréien. Vill Jonker verloossen d’Schoul ouni Ofschloss a kréien et da ganz schwéier fir Fouss ze faassen. Eis Finanzplaz muss weider gestäerkt ginn, eis Economie awer och méi breet opgestallt ginn. Mir brauche weidere Wunnraum dee bezuelbar ass, mir wëlle weider e séchert Land mat héijer Liewensqualitéit bleiwen. D‘Regierung ass prett fir Äntwerten ze ginn op d’Froe vun der Zukunft – mir wëllen déi Äntwerte verstäerkt zesumme formuléieren.

Chers concitoyens, 

À ceux qui vivent chez nous et viennent de plus loin.

Le Luxembourg a toujours été un pays à esprit ouvert capable de se réinventer à chaque fois que cela était nécessaire. Nous nous trouvons actuellement dans une phase d’évolution et de transition. Ceci est vrai pour les secteurs-clés de notre économie mais c’est vrai aussi pour notre société. Nous sommes en train de développer de nouveaux secteurs comme celui des nouvelles technologies, nous faisons des efforts pour attirer de nouveaux investisseurs et nous nous engageons pour le maintien de la qualité de vie exceptionnelle dans notre pays. Les défis sont importants et ce n’est qu’ensemble que nous serons capables à construire notre futur en sécurité et en prospérité.

Ech wënschen Iech a mengem perséinlechen Numm an am Numm vun der Regierung e schéinen Nationalfeierdag a vill schéi Momenter mat deene Mënschen, déi Iech wichteg sinn.

Vive eise Grand-Duc

Vive eis Grande-Duchesse

a vive eist Land"

Dernière mise à jour