Discours de Xavier Bettel lors de la séance solennelle de commémoration en l'honneur de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean

Lors d'une séance solennelle de commémoration en l'honneur de Son Altesse Royale le Grand-Duc Jean à la Chambre des Députés, en date du 03 mai 2019, le Premier Ministre, ministre d'État, Xavier Bettel, a prononcé le discours suivant. Seul le discours prononcé fait foi. (Le discours fut prononcé en Luxembourgeois)

©SIP/ Emmanuel Claude
Xavier Bettel lors de son discours

Monseigneur,

Här President,

Här Maréchal de la Cour,

Exzellenzen,

Léif Éieregäscht,

Dir Dammen an Dir Hären,

 

De Grand-Duc Jean huet eis virun zwou Woche fir ëmmer verlooss.

 

De Chamberspresident huet vun engem "Papp vun der Natioun" geschwat an eise fréiere Staatschef treffend beschriwwen. Et ass awer och e Papp, e Grouss- an Urgrousspapp, e Brudder, e Monni, e Familljemember gestuerwen. Dir Monseigneur hutt ee Mënsch verluer, deen Dir gären hat, mat deem Dir enk verbonne waart an deen Iech an Ärem Liewe begleet huet.

 

Wa mir haut zesumme sinn, fir deem aussergewéinleche Mënsch ze gedenken, da wëlle mir eisem Grand-Duc Henri, Iech Monseigneur, an der groussherzoglecher Famill dobäi eist déifste Matgefill ausdrécken. An dëse schwéiere Momenter sinn eis Gedanke bei der Famill an all deene Mënschen, déi dem Grand-Duc Jean no stoungen.

 

Eise fréiere Staatschef stoung symbolesch fir fundamental Prinzipien, déi eis alleguerte begleeden, déi vir eis selbstverständlech gi sinn – et awer net ëmmer waren. Eis Fräiheet an Onofhängegkeet, demokratesch Grondwäerter vun Toleranz, Respekt, Solidaritéit, Matbestëmmung a Pluralitéit hu missen erkämpft a verdeedegt ginn an de Grand-Duc Jean huet zu deene gehéiert, déi sech aktiv fir hirt Land an d'Fräiheet an de Fridden agesat hunn.

 

Wa mir haut also un dee grousse Staatsmann erënneren, dann ass dat och d'Geleeënheet, fir eis Dankbarkeet ze weisen. Mir sinn eis bewosst, dass dat Land, an deem mir haut liewen, dass déi Gesellschaft, wéi mer se haut kennen a guttheeschen, nëmme méiglech ass, well Mënschen wéi de Grand-Duc Jean sech an der däischterer Zäit vum zweete Weltkrich dofir agesat an hiert eege Liewe riskéiert hunn. Mir hunn doduercher eng Verantwortung. Dat wat d'Generatioun vun Ärem Grousspapp, Monseigneur, eis iwwerlooss huet, verflicht eis derzou, dat Ierwen och héich ze halen an eis duerfir ze engagéieren.

 

D' Welt ass net manner komplizéiert ginn an et besteet duerchaus d'Gefor, dass mer vergiessen, wat fir e Privileeg mer hunn, zu enger Generatioun ze gehéieren, déi kee Krich bei eis kannt huet. Et ass dofir eis Aufgab, dem Vergiess entgéint ze wierken an ze erënneren. Esou wéi mer un de Grand-Duc Jean erënneren an un dee Mënsch, dee mer gären haten, musse mer och un dat erënneren, wat him wichteg war.  An dat ass d'Fräiheet, de Respekt vis-à-vis vun deem aneren, d'Solidaritéit mat deene méi Schwaachen an eiser Gesellschaft, den Engagement fir den Erhalt vun der Natur an eisem Planéit.

De Grand-Duc Jean war iwwerzeegten an devouéierte Scout, De Chef Scout zu Lëtzebuerg. An hien ass dem Grondprinzip vum Fondateur vun deem Jugend-Mouvement, dem Lord Baden-Powell,  Zäit senges Liewens trei bliwwen:

 

De BP  sot : "Probéier a verlooss dës Welt e wéineg besser, ewéi's de se virfonnt hues. Wann d'Zäit kënnt an däi Liewen op en Enn geet, da kanns de a Fridden zeréckkucken mat der Gewëssheet, dass deng Zäit op der Äerd net ëmsoss war an dass de däi Bescht gemaach hues."

 

Säi Bescht maachen. D'Welt zum Gudde veränneren a sech dru ginn. Dat ware fir de Grand-Duc Jean keng eidel Wierder, et war d'Fundament vu sengem Schafen a vu sengem Schaffen. Déi Jonk, Kanner a Jugendlecher ware fir hien ëmmer en Element vun der Hoffnung, vun der Perspektiv op eng Zukunft, fir déi et sech lount sech ze engagéieren. De Grand-Duc Jean huet et duerch seng Mënschlechkeet an duerch seng onkomplizéiert Aart a Weis ëmmer erëm fäerdeg bruecht, deene Jonken eppes matzeginn, als Virbild ze dengen a si drun ze erënneren, dass jiddereen eng Verantwortung huet, déi iwwert dat eegent Liewen eraus geet.

 

Dat Monseigneur, Här President, Dir Dammen an Dir Hären, solle mir eis zu Häerz an als Virbild huelen.

 

An de leschten zwou Wochen konnt ee spieren, gesinn an héieren, ewéi präsent a wichteg de Grand-Duc Jean an der Erënnerung an an den Häerzer vum Vollek, vu senge Matbierger a vun eis alleguerten ass. Als Zaldot am zweete Weltkrich, als Prënz an Ierfgroussherzog, a während bal 36 Joer als Lëtzebuerger Staatschef huet hien op der ganzer Welt Spueren hannerlooss an d'Matgefill an d'Betraffenheet op déi traureg Noriicht war international grouss. Zu Lëtzebuerg huet d'Nouvelle kuerz no Ouschteren fir déif Betraffenheet am ganze Land gesuergt an d'Leit hunn hir Trauer duerch Bréiwer, Messagen, Blummen an e leschten “Au-revoir” an der Chapelle Ardente gewisen. Et konnt ee Reportagen gesinn, Artikele liesen, Temoignagen nolauschteren vu Leit, déi e Stéck vum Wee vum Grand-Duc Jean sengem Liewen matgaange sinn, hie begéint an erlieft hunn. Et huet sech dobäi e Bild gezeechent vun engem Mënsch, deen nogelauschtert huet, mat Intelligenz a Fläiss an awer och mat Spontanéitéit, a wann et ubruecht war mat Humouer seng Fonktioun un der Spëtzt vun eisem Land ausgefouert huet. E loyalen, éierlechen an dévouéierte Staatschef, dee sech ëmmer an den Déngscht vun eis all gestallt huet.

 

Ech hat d'Chance an d'Éier de Grand-Duc Jean reegelméisseg zu Fëschbech besichen ze dierfen. Fir d'lescht nach dëst Joer am Januar fir him fir säi Gebuertsdag ze wënschen. Mir hunn ewéi ëmmer och iwwert d'Aktualitéit geschwat, fir déi hien sech staark intresséiert huet. Mir hunn iwwert d'Vergaangenheet an awer och iwwert d'Zukunft diskutéiert an de Grand-Duc Jean huet gäre geschwat an diskutéiert – am mannsten awer iwwert sech selwer. Et war kee Mënsch, dee geklot huet, obschonns säi Kierper méi schwaach an den Alldag him méi schwéier gefall ass. Hien hat och keng aussergewéinlech Wënsch, keng Uspréch a war virun allem dorëms beméit, derfir ze suergen, dass et deenen anere Leit gutt geet.  Hien ass sech trei bliwwen a senger Approche, fir sech selwer an den Hannergrond an d'Wuelbefanne vu senge Matmënschen an de Vierdergrond ze stellen.

 

Mir hunn virun zwou Wochen eise Grand-Duc Jean verluer, e léiwe Mënsch ass vun eis gaangen. Mir wäerten hien net vergiessen an eis Méi ginn, säin Ierwen ze respektéieren an Hien als Virbild ze behalen.

Dernière mise à jour