Luc Frieden au sujet des résultats du sommet du G20 organisé à Londres

Corinne Folscheid: No laangen an zéie Verhandlunge koum Lëtzebuerg also net op déi schwaarz Lëscht, dofir steet eist Land elo op enger sou genannter "groer Lëscht", gëtt gesot, eng Lëscht vun de sou genannte Finanzzentren, well mir bis elo nach keng Accorden mat anere Länner ënnerschriwwen hunn. Wat bedeit dat elo konkret fir Lëtzebuerg, datt mir op där dote Lëscht stinn?

Luc Frieden: Déi gro Lëscht ass total irrelevant an onnéideg gewiescht. Well dat ass jo am Fong eng Lëscht vun deene Länner déi selwer gesot hunn, datt se géingen an Zukunft d'OECD-Standarde fir Informatiounsaustausch op Ufro akzeptéieren. Mir hunn dat den 13. Mäerz gemaach. An dofir hätt een net nach eng Kéier missten dat rappeléieren wat déi Regierunge wéi mir, mä och wéi Éisterräich, d'Belsch an d'Schwäiz gesot hunn.

Wichteg war fir eis, an dat war eis Missioun an de leschte Méint, z’évitéieren, datt mir op eng schwaarz Lëscht géinge kommen an dat hu mir erreecht. Mir sinn net op enger schwaarzer Lëscht, dat wier schlecht gewiescht fir eist Land, dat wier schlecht gewiescht fir d'Finanzplaz. Dat Zil hu mir erreecht an dofir si mir de Moien zefridden an erliichtert.

Corinne Folscheid: Wéini sollen dann elo éischt Accorden ënnerschriwwe ginn? Respektiv, wéini ass mat éischten Demandë vun anere Länner ze rechnen, wat deen Informatiounsaustosch ugeet?

Luc Frieden: Déi Décisioun vum 13. Mäerz, déi mir geholl hunn zu Lëtzebuerg, et war wichteg déi och deene Membere vum G-20 z’erklären déi hei eng wichteg an heiansdo komesch Roll gespillt hunn. Dofir war ech op Washington, Paräis a Berlin. An et ass och mat deenen 3 Länner wou mir während menger Visite schonn d'Verhandlungen ugefaangen hu fir eist Duebelbesteierungsofkommes ze änneren.

Ech ginn dovun aus, datt mir dofir awer eng Rei Méint brauchen, well d'OECD no ganz komeschen a vun eis contestéierte Critèrë verlaangt, datt ee muss 12 esou Duebelbesteierungsofkommes hunn. Dat ass en Exercice dee wäert d'ganzt Jor 2009 daueren an da mussen och all déi Accorden natierlech vun de Parlamenter, souwuel an eisem Land wéi och an deem Land mat deem mir ënnerschreiwen, approuvéiert ginn. Dat ass sécherlech e Prozess deen 1 bis 2 Joer wäert daueren.

Corinne Folscheid: Wann Dir elo d'Länner kuckt déi op där Lëscht vun der OECD stinn, sidd Dir dee Moment zefridden? Erfëllt se och Är Erwaardungen?

Luc Frieden: Mir sinn zefridden, datt Lëtzebuerg net op der schwaarzer Lëscht steet. Mir bedaueren extrem d’Façon wéi hei d'OECD sech mëssbrauche gelooss huet, fir no net-klore Critèren déi Lëschten opzestellen.

Wat Lëtzebuerg betrëfft, ass, wéi gesot, déi Lëscht keng Nouvelle. Well et ass dat wat mir selwer gesot hunn. Wat vill méi erstaunlech ass, contestabel ass, dat ass, datt op där sou genannter "wäisser Lëscht" Territoirë komm sinn, wéi Jersey, Guernsey, Isle of Man; datt verschidde Länner déi um G-20 soutzen op iwwerhaapt kenger Lëscht sinn, wéi zum Beispill Brasilien an Indien. Datt also hei d'OECD hir Roll net gespillt huet, well d'OECD, dat ass eng Organisatioun déi Memberen huet, déi misst och fir d'éischt mat hire Memberen doriwwer schwätzen. Dat ass net geschitt. Dofir ass dat hei e ganz schlecht Comportement vun der OECD.

Wéi gesot, wat Lëtzebuerg ubelaangt hu mir dat erreecht wat mir gär gehat hätten. Nämlech, datt mir net géingen op eng schwaarz Lëscht kommen. Dat ass dat wichtegst fir eis. Mä dat anert dat muss an den nächste Méint och mat der OECD gekuckt ginn.

Corinne Folscheid: De britesche Premier Gordon Brown sot fir den Ofschloss vum Sommet, datt d'Ära vum Bankgeheimnis eriwwer ass. E Punkt dee jo och eist Land besonnesch dierft interesséieren. Wat huet de britesche Premier domat gemengt? A wat heescht dat fir Lëtzebuerg?

Luc Frieden: Et dierf ee jo net vergiessen, datt de britesche Premier scho bei der Zënsbesteierung, deemools war e Finanzminister, déi doten Theorie ëmmer vertrueden huet. De britesche Premier a seng Kollege kënnen dat net einfach esou dekretéieren. Et ass iwweregens contraire zu deem wat d'OECD eis den 12. Mäerz bei menger Visite zu Paräis gesot huet. D'OECD huet eis kloer gesot, datt d'Bankgeheimnis kéint bestoe bleiwen, an datt d'Bankgeheimnis net incompatibel ass mat den OECD-Standarden. Dat ass also einfach eng politesch Ausso déi vun engem Organ geholl gëtt, wéi de G-20, deen natierlech net bindend ass, un all déi Memberstaaten, un all déi Memberen, un all déi Länner déi net do sinn. An dofir ass dat einfach eng politesch Ausso. Si ass contraire zu den Diskussiounen déi mir mat der OECD gefouert hunn a contraire och zu deem wat d'OECD mir schrëftlech den 13. Mäerz matgedeelt huet.

Corinne Folscheid: Wéi stidd Dir nach allgemeng zur der Ofschlossdeclaratioun vum Sommet? Ass d'Resultat effektiv déi gréisste Reform an esou historesch wéi vum amerikanesche President oder nach vun der däitscher Kanzlerin behaapt gëtt?

Luc Frieden: Ech gesinn dat net esou. Et sinn eng ganz Rei Schrëtt an deene Conclusiounen déi richteg sinn, nämlech, datt all d’Finanzakteuren an all d’Finanzproduite besser musse reglementéiert ginn; datt d'Ratingagenturen an d'Hedge Fonge mussen iwwerwaacht ginn.

All déi Saachen hu mir jo och an der Europäescher Unioun diskutéiert. Domat sinn ech ganz d'accord. Ech mengen, dat ass wichteg a gutt. Dat wäert och hëllefen aus dëser Kris eraus ze kommen. Deen Terme "historesch"? do ze gebrauchen ass vläicht e bësse wäit gegraff.

Corinne Folscheid: Här Frieden, villmools Merci fir d'Explikatiounen.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour