Interview de fin d'année avec le Premier ministre, Jean-Claude Juncker

Marco Goetz: Wa mir Iech elo eng Stonn Liewensqualitéit géife schenken, mat wat géife mir Iech déi gréisste Freed maachen?

Jean-Claude Juncker: Datt Dir direkt géift goen a mir e schéint Buch géift hei loossen. Dat misst e Buch mat Gedichter sinn, well déi kann een an enger Stonn esou a Stécker leeën, datt d'Stonn e ganzt Liewe mécht.

Marco Goetz: Dee Gefale kann ech Iech dann elo direkt net maachen, mä dat kënnt awer nach. Dir schéngt ofgeholl ze hunn – maacht Dir Sport?

Jean-Claude Juncker: Ech war d'lescht Joer net ganz gutt, ech war um Schluss vum Joer midd, an dofir hunn ech dëst ganzt Joer e bësse Sport gemaach an dat deet mir och mental gutt. Dat huet zwar vläicht net jiddweree gemierkt, mä dat ass awer esou.

Marco Goetz: Komme mir bei déi méi seriös, ma dofir awer net onbedéngt méi wichteg Saachen. 2010 seet Äddi. D'Suitë vu Finanz- a Wirtschaftskris awer net. Dorunner knae mir nach, Wéi vill dann nach am neie Joer?

Jean-Claude Juncker: Ech hu fir dat neit Joer éischter e Gefill vun Seriositéit wéi vu Verspilltheet. Ech mengen, datt mir nach ëmmer an enger Krisesituatioun sinn, där hir lescht Konsequenzen nach net ausgestane sinn. An dofir kënnt e Joer op eis duer, wou mir nach eng Kéier musse Fouss beim Mol halen.

Marco Goetz: Et gouf 2010 e Spuerpak décidéiert a virun engem éischter däischtere Szenario presentéiert. Du gouf en ofgeschwächt, firwat ? Ass d'Situatioun awer net esou eescht?

Jean-Claude Juncker: D'Situatioun ass unhalend eescht an et muss een d'Endresultat kucke fir Tëschenetappë kënne richteg ze reappreciéieren.

Mir hu fir d'Joer 2011, fir dat wat elo ufänkt, e Budget deem seng Ausgaben ëm 1,9% par rapport zu de previsibelen Ausgabe vum Joer 2010 klammen. Dat ass grosso modo an der Héicht vun der Inflatioun. Dat ass also e rigouréise Budget, dee quasi keng Krediterweiderunge kennt. Obschonn nei Akzenter gesat ginn, an déi nei Akzenter gi finanzéiert iwwer Aspuerungen, déi par ailleurs am Budget gemaach gi sinn.

Mir hunn dee Spuer- a Konsolidéierungsprogramm opgeluecht, deen Agang fonnt huet an de Budget fir d'Joer 2011 a mir hunn en Desaccord an der Tripartite gehat, an awer um Enn vum Joer en insgesamt gutt Tripartite-Resultat dat 2 Bipartiten erbäigefouert hunn.

Ech hat décidéiert, well d'Sozialpartner net méi richteg konnte matenee schwätzen, well si analytesch total wäit ausernee louchen, déi Tripartite opzehalen a se duerch Gespréicher mat de Gewerkschaften a mat de Patronatsorganisatioune getrennt z’ersetzen.

A wann ech dat alles zesummefaassen, da gesäit dat um Enn vum Joer folgendermoossen aus: mir maachen eng Erhéijung vum Mindestloun. Mir hunn den Index moduléiert. Déi Indextranche erfält wahrscheinlech am Juli, gëtt awer eréischt am Oktober ausbezuelt, well d'Pëtrolspräisser ganz staark wuessen. Mir hunn eng Ofsenkung vun de Lounniewekäschten an deem Lounberäich dee mir de Mindestloun nennen. Mir ënnerstëtzen d'Betriber méi staark wat den Effort ubelaangt fir hir Leit liewenslänglech auszebilden. Dat si Suen, 20 Milliounen, déi kommen [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Déi gutt investéiert sinn.

Jean-Claude Juncker: Si si gutt investéiert, well déi kommen net nëmmen de Betriber zegutt. Et si keng Kompensatioune fir d'Betriber, et si jo och Suen déi de Leit zegutt kommen déi schaffe ginn an déi, doduerch datt si sech weiderbilden, méi fit a méi flott fir den Aarbechtsmaart bleiwen.

Mir hunn d'Gesondheetsreform gestëmmt mat alle Stëmme vun der Koalitioun. Mir hunn de Budget mat alle Stëmme vun der Koalitioun gestëmmt kritt; de Spuer- a Konsolidéierungspak géint all Erwaardunge mat alle Stëmme vun der Koalitioun gestëmmt kritt.

Esou datt insgesamt d'Staatsfinanzen ënner resserréierter Form ënner eng quasi-Kontroll zréckbruecht gi sinn. Do mussen nach ganz grouss Efforten d'nächst Joer an déi Joeren duerno gemaach ginn. A mir hunn eng sozial Situatioun déi sech berouegt huet.

Marco Goetz: Wéi ass et da mam lëtzebuerger Modell? Lieft en ees wéi ees, oder ännert en?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee wëssen, datt de lëtzebuerger Modell heiansdo aner Erscheinungsformen unhëllt wéi déi déi mir klassesch gewinnt sinn. Mir waren dru gewinnt an der Tripartite [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Net wéi déi Häre Kinsch, Castegnaro, Juncker.

Jean-Claude Juncker: Do kommen ech nach drop zréck.

Mir hunn dëst Joer déi Bipartitë gehat, well d'Tripartite net esou konnt geuelegt gi wéi si hätt misse geuelegt ginn, fir datt all hir Rieder géifen dréinen.

Ech, vun deem ëmmer gesot gëtt, e wier ni am Land, hunn 19 Sitzunge gehat mat de Sozialpartner tëscht Enn Januar an Mëtt Dezember. Wann een 19 Sitzunge mat de Sozialpartner huet a wann een zu Accordë kënnt, esouwuel mat der Gewerkschaftssäit, wéi mat der Patronatssäit, da kann een net soen, datt de lëtzebuerger Modell a sech selwer zesummegefall wier.

Ech hunn en och ni wëllen zesummeklappen, well ech der Meenung sinn, datt déi Kultur vun Dialog a vu kollektiver Responsabilitéitsiwwerhuelung zu Lëtzebuerg muss sinn. Well mir si jo nëmmen zu 500.000 a mir mussen zesummestoen, a wa mir heiansdo ausernee geroden, da muss ee probéieren, och wann dat ustrengend ass, d'Leit erëm beieneen ze bréngen.

Wat schwiereg ass, zum groussen Deel, déi déi haut regéieren an déi och an der Gewerkschaftsbeweegung sinn, och an de Patronatsorganisatiounen, si Leit déi keng hefteg Krisenerfahrung hunn. Ech sinn an d'Regierung komm, viru laanger Zäit schonn, matzen an d'Stolkris eran an do hu mir geléiert, datt ee muss iwwer säin eegene Schied kënne sprangen. De John Castegnaro, deem hunn ech heiansdo gehollef iwwer de Schied ze sprangen an hie mir och. De Jupp Kinsch, deen ass och gesprongen, esouguer wann en heiansdo net wollt, an haut [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Et sinn och d'auslännesch Patronen déi haut Drock maachen.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä dat war deemools och esou. Mir si jo deemools an der Stolkris eréischt en Aktionär vun der Stolindustrie ginn. Wéi d'Stolkris ugefaangen huet, du ware mir dat net.

Et besteet natierlech Drock aus de Mammenhaiser well och déi déi d'lëtzebuerger Ekonomie décisiv féieren net Meeschter iwwer all Décisioune sinn.

Mä ech stelle fest, bei ville Leit déi Responsabilitéit droen, datt se vläicht e bëssen ze vill un hiert Bild an hirer Organisatioun denken, wéi un dat Gesamtbild wat mir zu Lëtzebuerg musse molen.

Mä ech mengen, dat huet sech awer um Enn vum Joer gebessert an ech ginn dovun aus, datt elo d'Conditiounen erëm zesumme sinn, fir datt een erëm zu 3 ka gutt zesumme schaffen. Dat musse mir nämlech. Dat musse mir wéinst de Leit. D'Leit sinn es och midd dee Kaméidi dauernd ze hunn [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Deen Hin an Hir wou een net weess, wien huet Recht, oder mussen décidéieren an et huet een net all Informatiounen, dat jo näischt wat de Leit gefält.

Jean-Claude Juncker: Ech géif jo gär soen, d'Regierung huet ëmmer Recht, mä leider ass et net esou. Awer meeschtens.

Marco Goetz: Zur politescher Situatioun. Do goufen et Stëmmen am Land déi frou iwwer Neiwahle gewiescht wieren. Anerer hu begréisst, datt dann elo an der Koalitioun endlech emol gestridde gouf, ouni datt awer dann, wann der 2 Sträit mateneen esou hunn, wierklech Sträit mateneen hunn. Wien huet dann do Recht?

Jean-Claude Juncker: Et ass an enger Demokratie, besonnesch an enger staark mediatiséierter Demokratie, net anormal, datt och an der Regierung selwer déi eenzel Kollegen heiansdo ënnerschiddlech Vuen hunn.

Marco Goetz: Soss bräicht ee keng zwou Parteien an enger Koalitioun.

Jean-Claude Juncker: Eech hu léiwer eng Regierung mat zwou Parteie wéi eng Regierung mat enger Partei, well da géif et och vill Kaméidi ginn. Ech hu just net gär, wann ee Meenungsverschiddenheeten déi ee kann hunn no baussen dréit. Dat kann een 1-2 Mol maachen, 3 Mol mécht een dat net.

Marco Goetz: Dat hat och am Land keng Traditioun hei.

Jean-Claude Juncker: Mir hu kee gutt Gediechtnis. Dir musst emol dem Här Werner seng Memoiren eng Kéier liese fir ze gesinn, wéi vill Ausernanersetzungen et a senger Partei gi sinn, an de Koalitiounen déi e gefouert huet.

Mir haten och 1983 eng Tripartite déi ausernee gaangen ass an déi un der Indexfro gebrach ginn ass, wou den Här Werner net probéiert huet duerno dann awer en Accord mat deenen 2 Säiten erbäi ze féieren, mä wou en direkt d'Majoritéit an der Chamber zur Ofstëmmung bruecht huet. Dunn hate mir e Generalstreik vum 5. Abrëll 1982 an deem Zesummenhang.

Also, Ausernanersetzunge sinn et ëmmer ginn. Just muss eng Regierung wëssen, datt si zur interner Solidarflicht condamnéiert ass. Kuckt emol, mir hu jo och eng Gesondheetsreform eestëmmeg gestëmmt kritt, mat de Stëmme vun der Koalitioun. Do ware jo och d'Ministere vun der CSV, d'Deputéierte vun der CSV mat eenzelnen Detaildispositiounen net averstanen. Ech och net. Mä dat hu mir awer ni no bausse gedroen, well mir gesot hunn, et ass eng schwiereg Reform, de Minister huet et net einfach. Elo sti mir zesummen a kommentéieren net Detailaspekter.

Et wier gutt, wann all Ministere sech géifen un deem gudde Beispill inspiréieren am Joer 2011, wat d'CSV-Ministeren hinnen am Joer 2010 ginn hunn.

Marco Goetz: Vläicht an engem Wuert just, also ass d'Regierungsbilanz 2010 eigentlech gutt?

Jean-Claude Juncker: Et gëtt keng gutt Regierungsbilanz an dësen Zäiten. Esou wéineg wéi et optimaalt regéieren an dësen Zäite gëtt.

Déi Bilanz déi mir kënne virleeën, no all där Méi déi mir haten, an no all deene knubbelege Weeër déi mir hu mussen am Laf vum Joer 2010 goen, mécht et mech zefridden, mä et mécht mech net exzessiv zefridden. Si ass um Enn vum Joer besser gi wéi ech an der Mëtt vum Joer geduecht hätt.

Marco Goetz: Wat dat méi? Méi Ratio oder méi Häerz do hannendrun?

Jean-Claude Juncker: Politik ass ëmmer eng Mëschung vun deenen 2. Et kann een net nëmme mam Verstand regéieren, well de Verstand vun deem engen entwéckelt sech anescht wéi de Verstand vun deem aneren. Et muss een ëmmer Gefill hunn an et muss een och e gewëssent Flichtgefill hunn.

Et ass méi einfach heiansdo d'Bengele bei d'Tromm ze geheien an ze soen, elo kommen ech hei net viru mat mengen Iddien. Ech si jo och mat eenzelnen Iddie gescheitert: d'Deckelung vum Index, well ech net verdroen, datt d'Mindestlounbezéier 40 Euro bei enger Indextranchë bäikréien an aner Leit kréie 400 Euro bäi, matzen an der Kris, wou Solidaritéit ugesot ass; ech wollt d'Pëtrolsprodukter aus dem Indexwuerekuerf huelen, mat alle deene Propositiounë sinn ech gescheitert.

An da seet ee sech schonn heiansdo, wa se et net wëllen, da solle se et stoe loossen, da maache mir elo Neiwahlen. Domat ass awer kengem gedingt. Politik ass d'Buere vun décke Brieder, an dee Seemiel deen een do an d'A kritt tëschenduerch, ass keen agreabelt Gefill, mä wann dee Seemiel erëm eraus ass, da gesäit een erëm méi kloer.

Marco Goetz: A bei Europa? Do huet een an der lescht awer d'Impressioun, datt vill ze vill Ratio mat am Spill ass a vill ze wéineg Häerz. Wéi gesitt Dir dat?

Jean-Claude Juncker: Dat gesinn ech genau d'selwecht. Europa ass natierlech rational ze begrënnen. Mir [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Awer net ze spieren.

Jean-Claude Juncker: Mä rational sinn 2 Virgäng: rational ass d'Asiicht an d'Tatsaach, datt kee Land, och dat gréisst net, also Däitschland net, Frankräich net, Italien net, England net, alleng, op sech gestallt am Solodanz mat de Konsequenzen a mat de Verlängerunge vun der Kris zuwee kënnt. Dat geet net. An enger globaliséierter Welt gëtt et keng grouss Natioune méi, mat Ausnam vun den USA a vun China, Indien e bëssen.

Marco Goetz: Géint déi musse mir eis zesummen opstellen?

Jean-Claude Juncker: Mat deene musse mir eis zesummen opstellen, zum Beschte vun de Mënschen déi liewen.

A firwat musse mir an Europa méi no zesummeréckelen?

Éischtens gëtt et keng grouss europäesch Länner méi an zweetens gëtt et ëmmer manner Europäer. Mir haten 20% Europäer um Ufank vum 20. Joerhonnert, weltwäit. Um Ufank vun dësem Joerhonnert ware mir nach zu 11%. An der Halschent vum Joerhonnert, 2050 gëtt et nach 7% Europäer an um Enn vum Joerhonnert gëtt et nach 4% Europäer. Dat heescht, dee Verloscht un demographeschem Gewiicht an déi Tatsaach, datt et ëmmer manner Europäer gëtt, déi musse mir kompenséieren doduerch, datt mir aus deene 500 Milliounen Europäer net eng Mass maache wou alles d'selwecht ass, mä ee staarke Grupp vun engem staarke politesche Wëlle beséilt, fir datt déi europäesch Stëmm gehéiert gëtt, a fir datt dat wat Europa eegen ass, eng bestëmmten Iddi iwwer de Mënsch, eng bestëmmt Konzeptioun vun dem Zesummeschaffe vun de Staaten, Natiounen a Länner weltwäit, fir datt dat ëmmer erëm op déi international Agenda kënnt.

Dofir brauch ee méi Europa, net manner Europa. Alleguer déi déi eis elo wëllen an eng Systematik zwénge wou et zu enger Renationaliséierung kënnt, vum globale Standpunkt aus betruecht, enger Reprovinzialiséierung gläichend, déi iere sech fundamental.

An da muss een dorop, well dat war Är Fro, nieft dem rationalen, wat ee begrënne kann, d'Gefill setzen. D'Gefill fir europäesch Eegenaarten, d'Gefill wat ee muss hunn, datt ee sech fir dat muss interesséiere wat an aneren europäesche Länner stattfënnt, fir déi a fir sech selwer besser ze verstoen. D'Gefill och, dat kann een awer och rational beweisen, datt an Europa 2+2 ëmmer 5 gëtt an datt eng ongerued Zuel an Europa ëmmer gerued ze liesen ass.

Marco Goetz: Mä de Problem an Europa ass jo awer och e bëssen dat, datt, wat fir deen ee sozialen Ofbau ass, dat ass fir deen aneren eppes wat nach in weiter Ferne läit. Dat heescht, wéi schaaft een déi Solidaritéit ënnerteneen?

Jean-Claude Juncker: D'Positioune si jo ënnerschiddlech vu Land zu Land. D'Länner si jo och all anescht regéiert. Et huet jo all Land seng eege Regierung an et gëtt jo vill Regierunge wou 3, 4, 5, 7, 8 Parteien dra sinn. Ech dierf net dorun denken, wann ech gesi wéi vill Méi datt ech mat 2 hunn, wat dat fir eppes wier wann een 8 Parteien hätt. Do verdichte sech vill innepolitesch ze explizéierend Sensibilitéiten, déi een am kollektive Geescht muss geréieren.

A wichteg ass jo, datt ee kuckt wat bei deenen Anere gemaach gëtt a geschitt, an datt ee probéiert ze moossen, wéi wierkt dat sech dann op eist klengt Lëtzebuerg hei aus, a wat musse mir iwwerhuele vun deene Politiken déi gemaach ginn, a wéi vill eegestännege Raum behale mir fir d'Gestaltung vun deem wat typesch lëtzebuergesch ass. An dat ass net liicht erauszefannen.

Marco Goetz: Mä grad do hunn d'Leit dacks d'Impressioun, datt dat wat vun der Europäescher Kommissioun kënnt vläicht iergendenger Befindlechkeet vun engem Land Rechnung dréit, ma net onbedéngt eisem.

Jean-Claude Juncker: Dat ass ouni all Zweiwel richteg, mä dat Gefill gëtt et an alle Länner.

Wann ech gesinn, wéi sech an Däitschland, wéi sech a Frankräich, wéi sech an Holland, wéi sech a Schweden iwwer munch Propositioun vun der Kommissioun eräifert gëtt, dann ass d'Oflehungsfront do wiesentlech méi grouss wéi zu Lëtzebuerg. An
d'Provokatioun, wann Dir esou wëllt, vun deem zentralen Niveau par rapport zu eenzelne Länner, gëtt als méi grouss ëmfonnt wéi dat hei zu Lëtzebuerg de Fall ass.

Ausserdeem gehéieren ech net zu deenen déi mengen, datt Europa oder datt d'Bréisseler Kommissioun ëmmer Recht hätt. Déi proposéiert an d'Regierungen an d'Parlament, d'Europaparlament an d'nationaalt Parlamenter décidéiert. Mir liewen an der Demokratie an dofir muss een och ophalen all Meenungsverschiddenheet déi am Kreess vun den europäesche Staats- a Regierungschefen opkënnt, als en Drama ze bewäerten.

Wann an engem Nationalstaat, wéi an eisem oder wéi an Däitschland, oder soss éierens, hefteg gestridde gëtt iwwer de richtege Wee an der Finanz- a Wirtschaftspolitik, da seet keen, déi däitsch Demokratie ass a Gefor, oder déi däitsch Entscheedungscapacitéit ass dauerhaft a Gefor.

Wann an Europa gestridde gëtt, wann d'Madame Merkel an ech net enger Meenung sinn, da schreiwen d'Zeitungen, méi an Däitschland nach wéi heiheem, et geet alles bei der Däiwel, déi déi sech ëmmer gutt verdroen, déi verdroe sech net méi. [gëtt ënnerbrach]

Marco Goetz: Oder Merkel siegt, Juncker muss klein beigeben, steet dann do ze liesen.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä entretemps gëtt et jo Verëffentlechungen aus den Interna vum Europäesche Rot, wat ech net esou gutt fannen, wou een e bësse gesäit wie sech ëmmer duerchsetzt a wien ëmmer verléiert. Dat huelen ech laut Lichtenberg folgendermoossen: auf euren Kleinkram lach ich, Philosoph, aus heitrer Höh.

Marco Goetz: Op wat, europäesch gesinn, dierfe mir eis dann 2011 astellen?

Jean-Claude Juncker: Mir mussen eis drop astellen, an dat ass och meng Absicht als President vum Eurogrupp, datt mir d'Eurozon a senger Finanzstabilitéit reconsolidéiert kréien.

Dat ass méi wéi nëmme budgetär Consolidatioun. Dat ass d’Méi-stabil-maache vum ganze System.

Mir formuléieren am Januar/Februar eng méi breet Äntwert op all déi Problemer déi sech an deem Zesummenhang vun der Verschëldung vun eenzelnen Eurostaate stellt. Mir si jo net an enger Eurokris, mä an enger Verschëldungskris an eenzelne Memberstaaten. Dat gëtt vill Aarbecht, vill Ustrengendes. Mä et ass essentiell fir d'Kohäsioun an Europa an et ass essentiell fir d'Bäibehale vu Chancen déi mir hei zu Lëtzebuerg kënnen notzen.

Marco Goetz: Dat heescht, wa mir an engem Joer hei zesummesëtzen, da bezuele mir nach ëmmer mam Euro?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net, ob mir a 25 Joer nach hei zesummesëtzen, wahrscheinlech sidd Dir da pensionéiert, ech wahrscheinlech nach net, da bezuele mir och nach ëmmer mam Euro.

Marco Goetz: Wat hutt Dir Iech perséinlech fir dat anert Joer virgeholl?

Jean-Claude Juncker: Mech manner opzereegen, wann eppes net direkt geet. Ech hunn dëst Joer geléiert – ech hat dee Verdacht awer scho méi fréi – datt een heiansdo d'Saache muss mautsche loossen.

Marco Goetz: Philosophesch, wéi den Här Lichtenberg.

Jean-Claude Juncker: Jo, wéi den Här Lichtenberg. Et muss een d'Saache mautsche loossen.

Dat gëtt eis schwéier gemaach an enger iwwermediatiséierter Welt. Ech kritiséieren d'Medien net, mä wann een all Moment zu all Fro direkt muss eng Äntwert formuléieren, a wann ee lächerlech gemaach gëtt – dat ass mir e puer Mol geschitt dëst Joer – wann ee seet, ech weess dat net oder ech weess et nach net an ech muss doriwwer fir d'éischt nodenken, da komme mir an eng politesch Debattekultur eran, déi sech weder duerch Kultur nach duerch Debatten auszeechent.

Ech beanspruche fir mech am Joer 2011 d'Recht ze soen, datt ech gär nodenken ier ech schwätzen.

Marco Goetz: Wat wënscht Dir de Lëtzebuerger?

Jean-Claude Juncker: Ech wënschen de Lëtzebuerger, datt si an deem Sënn voll lëtzebuergesch sinn, datt si zur Kenntnis huelen, datt d'Problemlag esou ass, datt déi eenzel Problemer schwéier ze léise sinn.

An ech wënschen hinnen an och mir, datt een eng al lëtzebuergesch Dugend zréckentdeckt, an dat ass déi, datt mir, well mir net zu dacks sinn, nëmmen eppes Bestänneges fäerdeg brénge wa mir zesummestinn, wat Meenungsverschiddenheeten ënnerteneen net ausschléisst.

Marco Goetz: Jean-Claude Juncker, villmools Merci an e gudde Rutsch an d'neit Joer.

Jean-Claude Juncker: E gudde Rutsch an d'neit Joer.

Dernière mise à jour