Reaktioun vum François Bausch op politesch Aussoen an de soziale Medien zu de Reparaturaarbechte vun de Stroosseschied am Mëllerdall

De Minister fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur, François Bausch, ass erstaunt an enttäuscht iwwer Aussoen, déi vu verschiddener politescher Säit an de soziale Medien zu de Reparaturaarbechten no de schlëmme Schied am Mëllerdall gemaach gi sinn. Dës entspriechen net am Geréngsten der Realitéit. A Wierklechkeet huet d’Ponts et chaussées mat vollem Asaz an der Regioun geschafft. Au vu vun der Gravitéit vun de Schied an der enormer Onstabilitéit vun den Häng muss bei allen Aarbechten d’Sécherheet vun de Bierger am Mëttelpunkt stoen, an et dierfe keng abenteuerlech an oniwwerluechten Decisioune geholl ginn.

Zum CR364: D’Etüden an de Projet si fäerdeg. De Marché négocié fir dës Aarbechten ass mat der Association momentanée Wickler / Sitp ausgehandelt ginn, an beleeft sech op Ronn 2,0 Mio Euro.

Dëse Marché ass de 27. Juli un den HCPN gaang pour Approbatioun a Commande.

Den Entrepreneur fänkt nom Congé collectif mat den Aarbechten un, an dës dauere bal e Joer.

D‘Erkundungsbuerungen op dëser Strooss hu gewisen, datt mir bei der Rutschung bis an eng Déift vu 6,5 Meter nëmme Remblais hunn, respektiv Hangschutt, da Lehm, an ab 8-9 Meter Mergel.

Dofir musse mir an deene Beräicher vun de Rutschungen d‘Strooss bis op de Mergel ofdroen (bis zu 9 Meter déif, Niveau vun der Baach). Duerno gëtt mat Geogitteren (Terre armée) de Stroossekierper nees Schicht fir Schicht opgebaut.

Am Beräich vun de bestoende Stützmaueren ass festgestallt ginn, datt hei d‘Fondatiounen ënnerspullt sinn. De ganze Beräich ronderëm ass hei a Beweegung. Dës Maueren an d’Fondatioune gi mat Injektioune stabiliséiert an och deelweis nei gebaut.

Bis op déi dräi grouss Chantieren (wou de Suivi géologique an den Dossier technique schonn duerchgefouert gi sinn):
CR364 Iechternach-Berdorf, 2,0 Mio ttc (en attente Commande)
CR364 Vugelsmillen-Berdorf (Priedegtstull), 2,3 Mio ttc (Commande ass schonns eraus)
OA908 Halerbaach, 1,4 Mio ttc (Commande ass eraus)

sinn d'Aarbechten zu 95% ofgeschloss. Insgesamt huet d’Ponts et chaussées bis elo Reparatiounen am Mëllerdall mat engem Wäert vun 1,4 Mio Euro ttc schonns realiséiert.

Déi dräi grouss Chantiere fänken all nom Congé collectif un.

De Nohaltegkeetsminister François Bausch huet vill Versteesdemech fir déi penibel Situatioun vun de betraffene Bierger, besonnesch den Accès op Bäerdref a kann hir Ongedold gutt verstoen. E bedauert awer, datt hei vu verschiddener politescher Säit um Bockel vum Misär vun de Leit probéiert gëtt, Wahlkampf ze maachen.

Communiqué vum Ministère fir nohalteg Entwécklung an Infrastruktur

Aktualiséiert