Corona ass d'Wuert vum Joer 2020

Op Plaz zwee kënnt den Hashtag #bleiftdoheem, Plaz dräi ass fir dʼHeibleifskärchen

Jury a Publikum si sech eens: Corona ass dat lëtzebuergescht Wuert vum Joer 2020. Dat Wuert, dat mat Ofstand am heefegste vun de Leit proposéiert gouf, krut um Enn och déi meeschten Zoustëmmung vum Jury. Op déi zweete Plaz gouf dʼOpfuerderung bleiftdoheem mam Hashtag gewielt, op Plaz 3 koum dʼHeibleifskärchen, bekannt aus dem Ausdrock "mat der Heibleifskärche fueren", fir ze soen, datt een net an dʼVakanz fiert, mee doheem bleift. Dat sinn dʼTopp dräi vun der éischter offizieller Sich no engem Wuert vum Joer zu Lëtzebuerg, organiséiert vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch (ZLS) zesumme mam Radio 100,7 a mat RTL Lëtzebuerg.

Begrëffer am Kontext vun der Covid-19-Pandemie hunn also eendeiteg dʼCourse gemaach – geneesou wéi am Ausland. An Däitschland ass dʼWuert vum Joer Corona-Pandemie, an Éisträich Babyelefant (well dat der Distanz entsprécht, déi een a Corona-Zäiten anhale soll), a Flandern ass et den Neologissem Knuffelcontact (dat heescht Kuschelkontakt, där een zäiteweis just een oder zwee duerft hunn) an an der Schwäiz war et am Däitsche systemrelevant, am Franséische coronagraben, am Italieenesche pandemia an am Rätoromanesche mascrina. Frankräich wielt keen offiziellt Wuert vum Joer, fir déi englesch Sprooch huet de Cambridge Dictionary quarantine nominéiert an de Collins Dictionary lockdown. Corona dominéiert dʼSprooch iwwer dʼGrenzen ewech!

Wéi gouf zu Lëtzebuerg ofgestëmmt?

Tëscht dem 8. an dem 15. Dezember konnt jidderee seng Propos beim Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch online areechen. 497 E-Maile sinn am Zenter ukomm, mat alles an allem 542 verschiddene Proposen, dorënner 185 verschidde Begrëffer.

Aus dëser Longlist huet dʼEkipp vum ZLS eng Shortlist vun 20 Begrëffer gemaach a se dem Jury virgeluecht. Dora waren de Commissaire fir dʼLëtzebuerger Sprooch Marc Barthelemy, dʼPresidentin vum Conseil fir dʼLëtzebuerger Sprooch Myriam Welschbillig, de Programmchef vum Radio 100,7 Yann Logelin, de Chefredakter vun RTL.lu Olivier Treinen an dʼDr. Sara Martin vum Zenter fir dʼLëtzebuerger Sprooch.

An engem éischte Walduerchgang gouf dʼLëscht vun 20 op 10 Begrëffer reduzéiert, an engem zweete Schrëtt du vun 10 op 5 mat dësem Resultat:

1.       Corona

2.       #bleiftdoheem

3.       Heibleifskärchen

4.       Lockdown/Confinement

5.       Geste-barrièren

Net an dʼTopp fënnef hunn et dʼPropose vulnerabel, Large-Scale-Testing, Social Distancing an Homeoffice/Teletravail gepackt, aner Begrëffer ewéi Covidiot, Frupstut an teamsen hat de Jury net fir dʼTopp zéng zeréckbehalen. Dora waren iwweregens exklusiv Begrëffer, déi eppes mat der aktueller Pandemie ze dinn hunn. Anerer sinn och kaum vun der Leit proposéiert ginn, wann een z. B. vu Muffel, Siggy, lost an Trumpismus ofgesäit.

DʼArgumentatioun vum Jury

1. Corona – dʼWuert vum Joer 2020

Corona ass dem Jury no einfach dat prägnantst Wuert vum Joer 2020. Ënnert der Schreifweis Korona huet een et zu Lëtzebuerg ewell virun der Pandemie kannt, sief et fir de Liichtkrees bei enger Sonnendäischtert, sief et fir e Grupp Leit, déi ee begleeden, ze bezeechnen. Mat der Schreifweis Corona huet ee virun 2020 virun allem eng mexikanesch Béierzort associéiert. Dat huet sech mat der Verbreedung vum Virus stënterlech geännert, Corona war op eemol virun allem dʼKuerzform vu Coronavirus an domat goufen och eng Hellewull aner Wierder kreéiert: Corona-App, Coronakris, Coronamesüren, Coronapandemie. Doriwwer eraus goufen Evenementer coronabedéngt oder wéinst Corona ofgesot; e Land, dat vum Virus verschount blouf, war coronafräi; vill Leit hunn dëst Joer op d'Zäit viru Corona zeréckgekuckt oder hu mëttlerweil d'Flemm mat deem ganze Corona asw. Corona war och mat Ofstand am heefegste vun de Leit als Wuert vum Joer 2020 proposéiert ginn.

2. #bleiftdoheem

De Message bleift doheem war mat Amenter omnipresent: Domat sollt een dʼVerbreedung vum Coronavirus stoppen an déi aner, awer och sech selwer schützen. Den Appell un d'Solidaritéit an un déi eege Verantwortung huet – mol mat Hashtag, mol ouni; mol mat bleift, mol mat bleif – och zu de Favoritte vum Publikum gehéiert.

3. Heibleifskärchen

Mat der Heibleifskärchen honoréiert de Jury e flotte lëtzebuergeschen Ausdrock, dee Referenz mécht op dʼReesaschränkungen an der Vakanzenzäit: Wie mat der Heibleifskärche fiert, dee fiert néierewou, a scho guer net an d'Vakanz. An esou passt de Begrëff bei de Slogan Vakanz doheem.

4. Lockdown/Confinement

Op Plaz véier eng lexikalesch Dublett, wéi een der esou vill am Lëtzebuergesche fënnt, déi weist, datt dʼLëtzebuerger Sprooch ouni Problem friem oder nei Wierder ophuele kann, wann dat néideg schéngt. Dacks ginn dʼSpriecher sech och net just bei eng aner Sprooch zerwéieren, mee direkt bei zwou, an dësem Fall bei dʼEnglescht a bei dʼFranséischt. Béid Begrëffer vun dëser flotter Wuertkoppel stoungen och an der Gonscht vum Publikum wäit uewen.

5. Geste-barrièren

Wat an Däitschland d'AHA-Reegele sinn, si bei eis d'Geste-barrièren: e weideren neie Begrëff, deen een duerch dʼPandemie begleet huet an deen duerch dʼIwwersetzung Schutzmoossnamen dach u Prezisioun an un Nuancë verléiert. De lëtzebuergesche Pluriel weist, wéi séier, einfach a selbstverständlech nei Wierder – an dësem Fall aus dem Franséischen – kënnen integréiert ginn, an déi aktualiséiert Orthografie kläert och, wéi dʼWuert an deem Fall ze schreiwen ass.

Ënnert allen, déi e Virschlag fir dʼWuert vum Joer ageschéckt haten, goufen zwee Gewënner gezunn: Jeeweils ee Bong fir lëtzebuergesch Produiten am Wäert vun 100 Euro vun "100 % Lëtzebuerg" zu Gréiwemaacher an dʼBuch "Aläert, jauwen, Zockerboun – 123 Pärelen aus der Lëtzebuerger Sprooch" vum ZLS ginn op Gonnereng an op Mutfert. Felicitatioun!

Den ZLS a seng Partner soe jidderengem Merci, dee sech op déi eng oder aner Manéier un der Sich nom Wuert vum Joer 2020 bedeelegt huet. Mir sinn elo scho gespaant, wéi eng Wierder dat nächst Joer markéieren a freeën eis op dʼWiel vum Wuert vum Joer 2021.

Comuniqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend

Aktualiséiert