COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Mee

An der Woch vum 24. bis den 30. Mee, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 495 op 354 (-28,5%) weider erofgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, déi vun 1.757 op 1.298 Kontakter erofgaangen ass (-40,6%). Dëst ass déi 9. Woch hannerteneen an där et ee Réckgang bei den Neiinfektiounen, souwéi déi 5. Woch bei där et e Réckgang bei de Kontaktfäll gouf.

Et sief unzemierken, dass d'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 24. bis den 30. Mee duerchgefouert goufen, vun 72.118 op 44.490 staark erofgaangen ass.

209 Persounen hunn e positiven Antigen-Schnelltest gemellt.

Den 30. Mee war d'Zuel vun den aktiven Infektioune mat 878 nees erofgaangen (am Verglach zu 1.283 den 23.05.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 67.483 op 68.238 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen ass mat 32,6 Joer stabel bliwwen.

D'Zuel vun de neien Doudesfäll bleift niddereg mat 4 Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass op 71 Joer erofgaangen.

An de Spideeler ass nees een däitleche Réckgang festzestellen, mat 19 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, am Verglach zu 28 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better och vun 19 op 13 zeréckgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten bleift stabel bei 58 Joer.

Vum 5. Juni u gi Weekends keng Donnéeën zum COVID-19 méi publizéiert

Opgrond vun der positiver Entwécklung vun der sanitärer Situatioun, wäert de Gesondheetsministère bis op Weideres Weekends keng Donnéeën zum COVID-19 méi publizéieren. D'Statistike vum Weekend fannt Dir allerdéngs ëmmer an de Grafiken, déi de Méindeg duerno op der Websäit www.covid19.lu souwéi op der Open-Data-Websäit https://data.public.lu publizéiert ginn. Dës Decisioun gouf geholl fir den Ekippe vun de Spideeler a vum Monitoring eng Paus ze erlaben.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,81 stabel bliwwen (géintiwwer 0,82 an der viregter Woch), an de Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) ass liicht geklommen, mat 0,80% par rapport zu 0,69% an der Woch virdrun (Wochenduerchschnëtt). Déi selwecht Tendenz gëtt et och beim Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, deen elo bei 2,24% läit, géintiwwer 1,45% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux geet an allen Altersgruppe weider erof a läit op 7 Deeg bei 56 Fäll pro 100.000 Awunner, am Verglach zu 78 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch vum 17. Mee. Déi gréisste Baisse gëtt et bei der Alterstranche vun 0-14 Joer (-41%) an der Alterstranche vu 75+ Joer (-40%). D'Alterstranche vu 75+ Joer weist deen niddregsten Inzidenz-Taux op, mat 7 Fäll pro 100.000 Awunner, dono kënnt d'Alterstranche vu 60-74 Joer, mat 24 Fäll pro 100.000 Awunner. Den héchsten Inzidenz-Taux gëtt et bei der Alterstranche 15-29 Joer, mat 85 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 24. bis den 30. Mee, waren 1.169 Persounen an Isolatioun (-29,7%) an 1.128 a Quarantän (-40,6% par rapport zu der Woch virdrun).

Kontaminatiounen

Fir déi 354 nei Fäll bleift de Familljekrees weiderhin déi heefegst Source mat 46,2% vun de COVID-19-Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (5,1%), d'Fräizäitaktivitéiten (3,7%), d'Aarbecht (2,7%) a Reesen an d'Ausland (2,3%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, läit bei 38,8%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 24. bis den 30. Mee, goufen am Ganze 25.682 Dosissen aginn. Dëse Réckgang ass op déi méi geréng Unzuel u Liwwerunge par rapport zu den erwaarten Dosen zeréckzeféieren. 7.001 Persoune kruten eng 1. Dosis an 18.681 kruten déi 2. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 1. Juni op 356.322 (1. an 2. Dosis). 135.558 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Evolutioun vun de Varianten

An der Woch vum 17. bis den 23. Mee, louch de Sequenzéierungstaux vun der Gesamtbevëlkerung bei 66,3%, wat wäit iwwert deem vun der ECDC recommandéierten optimalen Taux vun 10% fir representativ Stéchprouwe leit.

Fir déi 495 Echantillonen, déi fir d'Kalennerwoch 20/2021 duerchgefouert goufen, konnt folgend Verdeelung vun de Variante festgestallt ginn:

  • déi brittesch (UK-)Variant (B.1.1.7) representéiert 76,5% vun de Fäll, am Verglach zu 78,9% an der Woch 19
  • déi indesch Variant (B.1.617.2) representéiert 7,5% vun de Fäll, am Verglach zu 3,8% an der Woch 19
  • déi südafrikanesch (SA-)Variant (B.1.351) representéiert 2,5% vun de Fäll, am Verglach zu 5,9% an der Woch 19
  • déi brasilianesch Variant (P.1) representéiert 2,2% vun de Fäll, am Verglach zu 3,9% an der Woch 19

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

Wéinst dem Feierdag an der Woch vum 24. bis den 30. Mee huet de LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) eréischt de Freideg, den 28. Mee, de Kontaminatiounsniveau vun de Kläranlagen ënnersicht. Dës Resultater ginn zesumme mat deene vun der Woch 22 am nächste Rapport verëffentlecht.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert