COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 30. August bis de 5. September

An der Woch vum 30. August bis de 5. September, ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 542 op 573 (+6%) geklommen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 1.514 op 1.112 erofgaangen ass (-27%).

Vun de 573 Neiinfektioune ware 420 Persounen net geimpft (73,3%) an 153 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (26,7%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 76,7% vun de Patienten an der Normalfleeg an 100% an der Intensivfleeg net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 30. August bis de 5. September duerchgefouert goufen, ass vun 27.349 op 29.057 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 3 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 4 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 287. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 30. August bis de 5. September). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 5. September war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.052 geklommen (am Verglach zu 913 den 29.08.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 73.929 op 74.361 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 31,4 Joer op 31,7 Joer liicht eropgaangen.

An der Woch vum 30. August bis de 5. September, gouf et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler goufen et 22 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 21 an der viregter Woch. An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better vu 6 op 9 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 46 op 60 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) op 1,04 erofgaangen (1,11 déi Woch virdrun). De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing) huet sech bei 1,97% stabiliséiert. De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, huet sech och stabiliséiert a läit elo bei 6,19%.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 90 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 85 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei den Altersgruppe vu 15-29 a vu 60-74 Joer. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vun 30-44 Joer (+16%), vun 0-14 Joer (+13%) a vu 45-59 Joer (+12%).

Déi héchsten Inzidenz , gouf an der Altersgrupp 0-14 Joer registréiert mat 127 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 75+ Joer a 60-74 Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 30. August bis de 5. September, waren 1.240 Persounen an Isolatioun (+21%) an 820 a Quarantän (-16%).

Kontaminatiounen

Fir déi 573 nei Fäll bleiwen d'Auslandsreesen déi heefegst Source mat 31,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen de Familljekrees (25,2%) an d'Fräizäitaktivitéiten (6,3%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 28,6% erofgaangen.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 30. August bis de 5. September, goufen am Ganze 7.401 Dosissen aginn. 3.584 Persoune kruten eng 1. Dosis, 3.757 kruten déi 2. Dosis a 60 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 8. September op 769.652. 395.384 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz.

Um 2. September loung den Taux vun Persounen ab 18 Joer mat komplettem Impfschutz bei 71,5 %. Vun den 30 europäischen Länner, dei den Zentrum fir d'Präventioun an  d'Kontroll vun Krankheeten (ECDC) opgelëscht huet, läit Lëtzebuerg op Plaz 12.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" 

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • Donneschdeg, 9. September, vun 11:00 - 18:00 Auer um "Fun um Glacis"
  • Samschdeg, 11. September, vu 14:00 - 18:00 Auer beim "Ettelbrooklyn Street Fest"
  • Samschdeg, 11. September, vu 16:00 - 20:00 Auer beim Maacher Wäin- an Drauwefest

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS): https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 30. August bis de 5. September ënnersicht goufen, huet weiderhin eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Och an der betraffener Woch konnt nees eng Hausse vum SARS-CoV-2-Niveau festgestallt ginn, mat Wäerter, déi den Trend vun deene leschte Wochen allerdéngs bestätegen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Laboratoire National de santé (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert