COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 19. September bis den 3. Oktober

An der Woch vum 27. September op den 3. Oktober ass d'Zuel vun de Persounen déi positiv op COVID-19 gestest goufe bei 591 (+0.2%) stabel bliwwen, wärend d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter vun 2.421 op 2.827 geklommen ass (+17%).

Vun de 591 Neiinfektioune waren 374 Persounen net oder net vollstänneg geimpft (63,3%) an 217 Persounen haten ee kompletten Impfschutz (36,7%).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou ware 81,9% vun de Patienten an der Normalfleeg guer net oder just partiell geimpft an 18,1% haten ee kompletten Impf-Schema. An der Intensivfleeg ware 75,4% guer net oder just partiell geimpft a 24,6% haten ee kompletten Impf-Schema.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober duerchgefouert goufen, ass vun 13.131 op 14.615 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 10 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 5 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 329. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 3. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.115 geklommen (am Verglach zu 1.068 de 26.09.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune op 76.571 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 30,6 Joer op 29,1 Joer erofgaangen.

An der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober, gouf et keng weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

An de Spideeler ass d'Situatioun stabel bliwwen, mat 16 neien Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, an 8 beluechte Better an der Intensivfleeg. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass mat 56 Joer onverännert par rapport zur Woch virdrun.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,06 relativ stabel bliwwen. De Positivitéitstaux vun allen Tester (Ordonnance, Large Scale Testing, Contacttracing), ass vu 4,49% op 4,04% erofgaangen (Wochenduerchschnëtt). De Positivitéitstaux vun den Tester op Ordonnance, d.h. bei symptomatesche Persounen, läit elo bei 4,04%, géintiwwer 4,50% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg bleift stabel bei 93 Fäll pro 100.000 Awunner.

Am Verglach zu der viregter Woch gouf et déi héchsten Haussë bei den Alterstranchë vu 0-14 Joer (+21%) a 60-74 (+16%). Den Inzidenz-Taux ass erofgaangen an den Alterstranchë vu 15-29 Joer (-6%), 30-44 Joer (-15%) a 45-59 Joer (-11%).

D'Alterstranche vun 0-14 Joer huet mat 201 Fäll pro 100.000 Awunner deen héchsten Inzidenz-Taux, an ass 2,2 mol sou héich wéi den Inzidenz-Taux vun der allgemenger Bevëlkerung (93 Fäll pro 100.000 Awunner). D'Alterstranche vun 0-14 registréiert 35% vun alle Fäll an der betraffener Woch, woubäi se just 15% vun der Bevëlkerung ausmécht.

Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an den Alterstranchë vu 60-74 Joer a 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober waren 1.248 Persounen an Isolatioun (+2%) an 3.247 a Quarantän (+28%).

Kontaminatiounen

Fir déi 591 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 30,5% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Bildung (20,2%), virun allem d'Grondschoul (14,5%), d'Auslandsreesen (7,4%), d'Fräizäitaktivitéiten (6,2%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass op 30,5% eropgaangen.

Zenario4 an der Grondschoul Reiler

Tëschent dem 27. September an dem 5. Oktober 2021 goufen am Schoulzenter Reiler (Gemeng Clierf) 32 Persoune positiv op COVID-19 mat engem Antigène-Selbsttest oder PCR-Test getest. 14 vun den 22 Klasse vun de Cyclen 2 bis 4 si betraff.

Opgrond vun der schneller Verbreedung vum Virus an der Vermëschung vun de verschiddene Klassen a Schoulen (Schoulzenter Reiler an Ecole internationale Edward Steichen) an der Maison relais, goufe verschäerfte Mesuren en place gesat.

  • D'Ausgangsgeneemegung vun der Quarantän fir d'Schoul an d'Betreiungsstruktur ze besichen, fir den Zenario 1 (ee Fall) an 2 (zwee Fäll) gëtt ab dem 2. positive Fall opgehuewen, oder beim 1. positive Fall, wann et eng erwuesse Persoun ass.
  • D'Antigène-Selbsttester ginn all Dag an deene Klassen agesat, wou et nach kee positive Fall gèett oder déi am Zenario 1 sinn.

Wéi et sanitären Dispositif virgesinn ass, gi Persounen, déi geimpft oder geheelt sinn, net a Quarantän gesat.

Weider goufen tëschent dem 27. September an dem 6. Oktober 14 positiv Fäll an der Grondschoul Wäiswampech diagnostizéiert, och wann et sech heibäi net ëm een Zenario 4 handelt (et konnt kee Lien tëschent den infektiounen festgestallt ginn). Dëst deit op eng héich Prevalenz vum Virus am Norde vum Land hin. D'Situatioun gëtt weider genau observéiert an déi néideg Mesuren ginn entspriechend den Entwécklunge geholl.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober, goufen am Ganzen 8.686 Dosissen aginn. 1.877 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.739 kruten déi 2. Dosis a 4.070 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 5. September op 789.773. 407.465 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 74% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • 07.10, 11:00 - 15:00 Auer, Zone d'activité économique Suessem – Gadderscheier
  • 08.10, 10:00 - 16:00 Auer, Supermarché Cora - Féiz
  • 08.10, 11:00 - 17:00 Auer, City Concorde - Bartreng
  • 09.10, 09:30 - 13:00 Auer, Veiner Nëssmoort - Veianen
  • 09.10, 11:00 - 15:00 Auer, Nordstrooss Shopping Mile - Maarnech

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn och um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt..

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 27. September bis den 3. Oktober ënnersicht goufen, huet eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Eng signifikant Hausse vum Virus gouf um Ufank vun der Woch festgestallt, a konnt och zum Schluss vun der Woch confirméiert ginn.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert