COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 18. bis de 24. Oktober

An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vu 786 op 981 (+25%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.031 Fäll géintiwwer 3.114 an der Woch virdrun (+29%).

Vun den 981 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 241,39 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 104,76 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 11 vun de 17 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (6 haten ee kompletten Impf-Schema). An der Intensivfleeg ware 5 vun de 7 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 18. bis de 24. Oktober duerchgefouert goufen, ass vu 16.480 op 16.754 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 13 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 17 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 371. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 18. bis de 24. Oktober). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 24. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 1.691 geklommen (am Verglach zu 1.395 de 17.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vu 77.746 op 78.430 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 31,9 Joer op 33,8 Joer eropgaangen.

An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 71 Joer.

An de Spideeler bleift d'Situatioun relativ stabel, mat 17 Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg (par rapport zu 15 an der viregter Woch). An der Intensivfleeg geet d'Zuel vun de beluechte Better awer vu 4 op 7 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vu 67 op 51 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,17 géintiwwer 1,11 an der viregter Woch, liicht eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance,Contacttracing) ass och geklommen, mat 5,86% géintiwwer 4,77% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 155 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 124 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei der Altersgrupp vu 75+ Joer (-10%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 60-74 Joer (+89%), vu 15-29 Joer (+51%) a vu 45-59 Joer (+51%).

Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 231 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober waren 1.740 Persounen an Isolatioun (+13%) a 4.169 a Quarantän (+23%).

Kontaminatiounen

Fir déi 981 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 34,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (14,3%), d'Fräizäitaktivitéiten (7,2%) an d'Aarbecht (6,5%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass mat 29,7% liicht eropgaangen.

Zenario 4 an der Erwuesseneschoul (ENAD)

De 14. a 15. Oktober 2021 goufen 2 positiv Fäll an enger 5e-Klass vun der ENAD (École nationale pour adultes) diagnositzéiert. D'Klass gouf den 19. Oktober a Quarantän gesat, nodeems en 3. an e 4. Fall entdeckt goufen. Den Testing huet 3 weider Fäll opgedeckt, soudass insgesamt 7 positiv Fäll fonnt goufen an en Zenario 4 ausgeléist gouf.

Déi Mesuren, déi en place gesat goufen, hunn et erlaabt, eng Weiderverbreedung vum Virus op aner Klasse vun der Schoul z'evitéieren.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 18. bis de 24. Oktober, goufen am Ganzen 10.556 Dosissen aginn. 4.734 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.330 kruten déi 2. Dosis an 3.492 Persoune kruten eng 3. Dosis. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 26. Oktober op 808.801. 808.801 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 75,1% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Bereetstelle vu gratis COVID-19 PCR-Tester fir Persounen, déi hir 1. Impfdosis virum 10. November kruten

Persounen, déi sech fir eng Impfung entscheed hunn, an déi entspriechend zum Deel virum 10. November geimpft ginn, kréie 5 Bonge fir COVID-19 PCR-Tester. Dëst erméiglecht et de Persounen, sech wärend der Iwwergangsphas bis zur 2. Dosis gratis an engem vun de Laboratoirë fir medezinesch Analysen (BioNext, Ketterthill, Laboratoires réunis) gratis testen ze loossen.

Dës Verlängerung vum Datum, deen uganks op den 1. November festgeluecht war, soll Persounen, déi nach net entscheed sinn, motivéieren, fir sech nach virum Akraafttriede vum neie CovidCheck-System den 1. November impfen ze loossen.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Den Impf-Bus ass bei folgenden Eventer op der Plaz:

  • 29.10, 11:00 - 15:00 Auer, Parking Kichechef, Capellen
  • 29.10, 11:00 - 17:00 Auer, City Concorde, Bartreng
  • an a verschiddene Quartiere vun der Stad Lëtzebuerg.

Fir méi Informatiounen: https://www.vdl.lu/de/die-stadt/coronavirus-covid-19/mobiles-impfzentrum-impf-bus.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/..

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 18. bis de 24. Oktober ënnersicht goufen, hunn nach ëmmer eng héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Den Niveau vum Virus-RNA deen detektéiert gouf, ass zimmlech änlech wéi deen, deen an der leschter Woch gemooss gouf. Eng liicht Tendenz no uewe konnt awer festgestallt ginn. Op regionalem Niveau weisen déi meescht Kläranlagen awer eng generell änlech Tendenz op.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert