COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 25. bis den 31. Oktober

An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 981 op 1.118 (+14%) eropgaangen, genau wéi d'Zuel vun hiren identifizéierten enke Kontakter, mat 4.452 Fäll géintiwwer 4.031 an der Woch virdrun (+10%).

Vun den 1.118 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 258,76 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 123,26 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 18 vun de 24 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (6 haten ee kompletten Impf-Schema). An der Intensivfleeg ware 9 vun de 10 Patienten net geimpft. Ënnert deene 24 hospitaliséierte Patienten an der Normalfleeg befënnt sech och e Patient mat Wunnsëtz an der Belsch.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 25. bis den 31. Oktober duerchgefouert goufen, ass vu 16.754 op 20.631 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 21 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 13 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 392. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 25. bis den 31. Oktober). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 31. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.041 geklommen (am Verglach zu 1.694 de 24.10.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 78.427 op 79.194 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vun 33,8 Joer op 35,2 Joer eropgaangen.

An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 73 Joer.

An de Spideeler goufen et 24 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 17 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vu 7 op 10 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 51 op 59 Joer eropgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,08 géintiwwer 1,17 an der viregter Woch, liicht erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance,Contacttracing) ass och erofgaangen, mat 5,42% géintiwwer 5,86% an der Woch virdrun.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 176 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 155 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zu der viregter Woch, ass den Inzidenz-Taux an allen Alterstranchë geklommen, ausser bei der Altersgrupp vu 15-29 Joer (-9%). Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+54%) a vun 30-44 Joer (+27%).

Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 268 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober waren 2.108 Persounen an Isolatioun (+21%) a 4.583 a Quarantän (+10%).

Kontaminatiounen

Fir déi 1.118 nei Fäll ass de Familljekrees weider déi heefegst Source mat 31,2% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (14,3%), d'Fräizäitaktivitéiten (7,0%) an d'Aarbecht (6,9%). Den Taux vun de Kontaminatiounen, wou den Ursprong net kloer zougeuerdent ka ginn, ass mat 33,8% liicht eropgaangen.

Zenario 4 am Lycée Mathias Adam

An enger Klass am Lycée Mathias Adam goufen an der Woch vum 18. bis 24. Oktober 2 Schüler positiv getest. 5 weider Schüler goufen an der Woch vum 25. bis 28. Oktober positiv getest.

Déi üblech sanitär Mesurë goufen en place gesat (Quarantän fir Schüler déi net geimpft oder geheelt sinn).

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 25. bis den 31. Oktober, goufen am Ganze 15.746 Dosissen aginn. 4.736 Persoune kruten eng 1. Dosis, 1.590 kruten déi 2. Dosis an 9.420 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impf-Schema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 2. November op 817.070. 422.990 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 76,5% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour"

Fir méi Informatiounen: https://www.vdl.lu/de/die-stadt/coronavirus-covid-19/mobiles-impfzentrum-impf-bus

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Déi Leit, déi hir 2. Dosis kréien, mussen och den Impf-Certificat vun der 1. Dosis virweisen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé,  LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 25. bis den 31. Oktober ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. Wann een d'Donnéeë vun de leschte Méint kuckt, ass eng progressiv Hausse z'erkennen. Um regionale Niveau ass eng ganz änlech Tendenz z'erkennen.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert