COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 22. bis den 28. November

An der Woch vum 22. bis den 28. November ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 1.897 op 2.373 geklommen (+25%).

Vun den 2.373 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 571,26 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 271,77 Fäll pro 100.000 Awunner.

Et sief drop higewisen, dass den Infektiounsrisiko fir net geimpfte Persounen méi wéi 2 Mol méi héich ass, wéi fir Persoune mat engem kompletten Impf-Schutz (cf. Grafik).

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 18 vun den 43 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (25 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 5 vun den 11 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 22. bis den 28. November duerchgefouert goufen, ass vun 23.542 op 27.439 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hu 60 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 40 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 541. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 22. bis den 28. November). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 28. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 4.268 geklommen (am Verglach zu 3.334 den 21.11.), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 82.440 op 83.868 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll ass vu 33,2 Joer op 33,4 Joer liicht eropgaangen.

An der Woch vum 22. bis den 28. November, goufen et 11 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 77 Joer.

An de Spideeler goufen et 43 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 39 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 10 op 11 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 56 op 58 Joer geklommen.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,16 géintiwwer 1,20 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 8,65%, géintiwwer 8,06% an der Woch virdrun, geklommen.

Den Inzidenz-Taux op 7 Deeg ass op 374 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 299 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenz-Taux an all den Altersgruppe geklommen. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+58%) a vu 60-74 Joer (+43%). Deen héchsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vun 0-14 Joer mat 688 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen niddregsten Inzidenz-Taux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 171 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 21. bis den 28. November, ware 4.062 Persounen an Isolatioun (+22%) an 8.021 a Quarantän (+9%).

Kontaminatiounen

Fir déi 2.033 nei Fäll (tëschent dem 22. an dem 26. November 2021 enregistréiert) bleift de Familljekrees déi heefegst Source mat 37,3% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Bildung (18,8%) - haaptsächlech Primärschoulen (12,2%) - d'Aarbecht (7,1%) an d'Fräizäitakivitéiten (5,1%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (24,2%).

Speziell Situatiounen am Schoul-Beräich

Zenario 4 am Centre scolaire "Raoul Follereau", Kietscht (Rammerech)

An enger Klass vum Cycle 2.1 goufen den 21. November 4 Schüler positiv getest. De 24. November goufen 2 weider Fäll diagnostizéiert. D'Klass gouf bis de 26. November a Quarantän gesat.

An enger Klass vum Cycle 3.2, goufen den 22. November 5 positiv Fäll, den 23. November 2 positiv Fäll an de 25. November 1 positive Fall diagnostizéiert. D'Klass gouf bis den 30. November a Quarantän gesat.

Insgesamt goufen am ganze Centre scolaire "Raoul Follereau" 38 Schüler aus 15 Klassen an een Enseignant tëscht dem 22. an dem 28. November positiv getest.

Zenario 4 an der Grondschoul Réiden

De 25. November, goufen 2 Schüler aus enger Klass vum Cycle 3.2 positiv getest. De 26. November, gouf e weidere Schüler positiv getest. Den 28. November, gouf een Enseignant an 2 Schüler positiv getest. De 30. November, gouf e weidere Schüler positiv getest. D'Klass ass bis den 3. Dezember a Quarantän.

Insgesamt goufen an der ganzer Schoul 18 Schüler aus 7 Klassen an een Enseignant tëscht dem 22. an dem 28. November positiv getest.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 22. bis den 28. November, goufen am Ganzen 26.653 Dosissen aginn. 2.274 Persoune kruten eng 1. Dosis, 4.289 kruten déi 2. Dosis an 20.090 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 30. November op 907.033.

430.536 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vu 77,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwert 12 Joer).

Impf-Rappel ("Booster"): Eng drëtt Dosis fir déi ganz erwuesse Bevëlkerung

Well d'Effikassitéit vum Impfschutz mat der Zäit noléisst, kritt déi gesamt erwuesse Bevëlkerung d'Méiglechkeet, eng 3. COVID-19-Impfdosis ze kréien ("Booster" oder Impf-Rappel). D'Aluedungen fir den Impf-Rappel géint de COVID-19 gi vun der Lëtzebuerg Regierung per Post verschéckt. Betraff sinn all geimpfte Persounen a follgende Fäll:

  • bei enger Impfung mat 2 Dosissen (Moderna, BioNTech/Pfizer): 6 Méint no enger kompletter Éischtimpfung
  • bei enger Impfung mat 2 Dosissen (AstraZeneca): 4 Méint no enger kompletter Éischtimpfung
  • no enger Impfung mat 1 Dosis (Johnson & Johnson): 1 Mount no enger kompletter Éischtimpfung

Ab dem 1. Dezember 2021, kann den Impf-Rappel géint COVID-19 ("Booster" oder "3. Dosis") just nach op Rendez-vous an engem vun den 3 Impfzentere Victor Hugo, Esch-Belval oder Ettelbréck agi ginn. Déi Persounen déi vum Impf-Rappel betraff sinn, si gebieden op d'Invitatioun vun der Regierung ze waarden.

Selbstverständlech ass et méiglech den Impf-Rappel och ouni Invitatioun vun der Regierung bei engem Hausdokter oder an enger "Pop up" Impfstatioun ze kréien.

"Pop Up" Impfung: Zousätzlech Impfméiglechkeet an Akafszenteren, Gemengen an der Groussgaass vun der Stad Lëtzebuerg am Kader vun der Impfwoch

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfung) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

D'Lëscht vun all de neien temporären Impf-Plazen, déi vun Dag zu Dag erweidert a kontinuéierlech aktualiséiert gëtt, kann een um Internetsite covidvaccination.lu consultéieren.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2 

De Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) am Laf vun der Woch vum 21. bis den 28. November ënnersicht goufen, hunn eng nach ëmmer héich Prevalenz vum Virus am Ofwaasser op nationalem Niveau opgewisen. D'Resultater vun dëser Woch weisen op en Neits eng liicht Erhéijung vun de SARS-CoV-2-Stréim, am Verglach mat der Woche virdrun, woubäi d'Wäerter nees op engem änleche Niveau si wéi am Dezember 2020. Déi generell Tendez iwwert e puer Wochen oder Méint gekuckt, weist kloer no uewen. Eng generell Tendenz no uewen ass och um regionalen Niveau fir déi meescht analyséiert Kläranlagen z'erkennen, ouni regional Disparitéiten.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

 

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Inzidenztaux bei geimpften an net-geimpfte Persounen (+/- lescht 7 Méint)
Inzidenztaux bei geimpften an net-geimpfte Persounen (+/- lescht 7 Méint)

Aktualiséiert