COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022

An der Woch vum 27. Dezember 2021 bis den 2. Januar 2022 ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 2.688 op 5.641 geklommen (+110%).

Vun de 5.641 Neiinfektioune louch den Inzidenztaux bei Persounen, déi net geimpft waren, bei 952,65 Fäll pro 100.000 Awunner a bei de Persounen, déi ee kompletten Impfschutz haten, bei 858,95 Fäll pro 100.000 Awunner.

Wat d'Hospitalisatiounen ugeet, esou waren 22 vun de 47 Patienten an der Normalfleeg net geimpft (25 haten ee kompletten Impfschutz). An der Intensivfleeg ware 14 vun den 20 Patienten net geimpft.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar duerchgefouert goufen, ass vu 25.070 op 23.008 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 151 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 78 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 905. Säit dem Aféiere vun de Selbsttester, goufen 804 positiv Fäll gemellt (mat 0 Fäll an der Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar). Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 2. Januar ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 8.448 geklommen, am Verglach zu 5.487 de 26. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 93.318 op 95.993 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 33,9 Joer.

An der Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar, goufen et 5 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 77 Joer.

An de Spideeler goufen et 47 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better liicht vun 19 op 20 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass vun 61 op 56 Joer erofgaangen.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,30 géintiwwer 0,88 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 24,52%, géintiwwer 10,72% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 889 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 423 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppe staark geklommen. Mat Ausnam vun der Altersgrupp 0-14 Joer, wou et eng Hausse vu 37% gëtt, ass den Inzidenztaux an all den Altersgruppen ëm méi wéi 87% geklommen. Déi héchsten Haussë gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (+182%) a vu 15-29 Joer (+178%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vu 75+ Joer, mat 257,4 Fäll pro 100.000 Awunner.

Quarantän an Isolatioun

An der Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar, waren 8.122 Persounen an Isolatioun (+35%) an 2.540 a Quarantän (-21%).

Kontaminatiounen

 De Familljekrees bleift déi heefegst Source mat 32,8% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (10,5%), d'Fräizäitaktivitéiten (4,8%) an d'Aarbecht (3,1%). De Prozentsaz vun den net-identifizéierte Sourcë geet erof (43,4%). Variatiounen (Selektiounsverzerrung) opgrond vum Wochendag, dee fir d'Beschreiwung vun der Tendenz fir déi komplett Woch benotzt gouf, kënnen net ausgeschloss ginn. D'Entwécklung bei de Kontaminatiounssourcen, mat engem Réckgang vun de Fäll am Beräich Bildung an enger Hausse vun de Fäll am Beräich Reesen erschéngt no de Feierdeeg logesch.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 27. Dezember bis den 2. Januar, goufen am ganzen 30.991 Dosissen aginn. 3.111 Persoune kruten eng 1. Dosis, 2.341 kruten déi 2. Dosis a 25.539 Persoune kruten eng komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschutz. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 4. Januar op 1.079.967.

444.896 Persounen hunn ee kompletten Impfschutz, wat engem Impftaux vun 80,4% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 12 Joer).

Provisoresch Verlagerung vum Impfzenter an der Victor Hugo Hal an d'Luxexpo The Box

 Wéinst technesche Problemer am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg, befënnt sech deen Zenter säit dem Méindeg, 3. Januar 2022 an der Luxexpo The Box.

Déi Persounen, déi e Rendez-vous am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg geholl haten, si gebieden zur Auerzäit an zum Datum vun hirem urspréngleche Rendez-vous an d'Luxexpo The Box (Kierchbierg) ze goen.

COVID-19: Upassung vum Contact Tracing fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren

Am Hibléck op d'Hausse vun der Zuel un Neiinfektioune mam COVID-19, huet d'Contact-Tracing-Ekipp vun der Gesondheetsinspektioun hir Ofleef ugepasst, fir d'Zeréckverfollege vun de Kontakter z'optiméieren.

Wann Dir positiv op COVID-19 getest gouft: gitt direkt an Eegen-Isolatioun an informéiert d'Persoune mat deenen Dir déi lescht 2 Deeg een enke Kontakt hat.

  • Duerch en Antigène-Selbsttest  (Schnelltest):

Wann Dir keng Méiglechkeet hutt, Är Deklaratioun selwer ze maachen (Antigène-Selbsttest), musst Dir e PCR-Test oder e certifiéierte Schnelltest maache loossen, oder sou schnell wéi méiglech Ären Dokter kontaktéieren.

  • Duerch e PCR-Test/certifiéierte Schnelltest:

Wann Dir keng Méiglechkeet hutt, Är Deklaratioun selwer ze maachen (PCR-Test/zertifiéierten Antigène-Schnelltest), gitt dir normalerweis bannent 48 Stonnen no Ärem positive Resultat vum Contact Tracing kontaktéiert. Wann Dir kee Computer hutt, waart wgl. op den Uruff.

Fir weider Informatiounen zu wat Dir maache sollt wann Dir en héije Risikokontakt hat mat enger Persoun déi positiv getest gouf, besicht wgl. folgende Link:  https://covid19.public.lu/lb/aktuelles-covid19/communiques/2021/12/31-contact-tracing.html

Dir fannt weider Informatiounen op www.covid19.lu, wéi och e Guide, wéi Dir Är Eegen-Isolatioun oder Eege-Quarantän am beschten organiséiert.

"Pop Up" Impfung: Lëtzebuerg léisst sech impfen

Fir den Impftaux ze verbesseren, huet d'Regierung decidéiert temporär Impf-Plazen ("Pop Up" Impfstatiounen) unzebidden, an esou den Zougank zu Impf-Méiglechkeeten ze vereinfachen. Mobil Ekippe wäerten ausserdeem op vill besichte Plazen ënnerwee sinn (Foussgängerzonen, Akafszenteren, Evenementer déi vu verschidde Gemengen organiséiert ginn).

Ouverture vum neie Pop Up an der Gare Lëtzebuerg

De Pop Up am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg huet missen den 31. Dezember 2021 seng Dieren zoumaachen, well d'Lokalitéiten hu misse fräi gemaach ginn. Dofir ass dëse Pop Up op d'Gare geplënnert a mécht seng Dieren de 6. Januar nees op.

Gare Lëtzebuerg

An den Hale vun der Gare

L-1616 Luxembourg

Ouni Rendez-vous: Méindeg bis Freideg vun 10:00 bis 16:00 Auer

Fir laang Waardeschlaangen z'evitéieren, gëtt recommandéiert fir op Är Invitatioun vun der Lëtzebuerger Regierung fir d'Booster-Impfung ze waarden. Dës gëtt per Post verschéckt an erkläert am Detail all d'Demarchen déi ee muss huelen. D'Lëscht vun de Pop Up Statioune gëtt permanent aktualiséiert an ass um Site www.covid19.lu ze fannen.

COVID-19: Kierzung vun der Isolatiounsdauer fir COVID-19-Positiver, Upassung vun der Gültegkeet vun den Impfcertificater op 9 Méint an Ännerunge beim CovidCheck 2G+-System

(Opgepasst: dës Ännerungen trieden eréischt nom Vott vum Gesetz a Kraaft)

Isolatioundauer

De 4. Januar 2021 huet de Regierungsrot e Gesetzesprojet approuvéiert, deen déi maximal Isolatiounsdauer weiderhin bei 10 Deeg festleet, fir Persounen, déi weder komplett geimpft sinn, nach en Impf-Rappel 6 Méint no der Éischtimpfung kruten.

Fir infizéiert Persounen, déi geimpft sinn oder hiren Impf-Rappel scho kruten, proposéiert de Gesetzesprojet d'Isolatiounsdauer op maximal 6 Deeg ze kierzen, virausgesat dass déi betraffe Persounen 2 Antigène-Schnelltester maachen, an dëst jeeweils um 5. a 6. Dag vun hirer Isolatioun, an dass béid Testresultater negativ sinn.

Gültegkeet vun den Impfcertificaten

Am Accord mat der Europäescher Kommissioun, gëtt déi allgemeng Gültegkeet vun den Impfertificaten op 270 Deeg (9 Méint) fixéiert, ab dem Datum, wou d'Impfung als komplett gëllt[1].

CovidCheck  2G+ System

De Gesetzesprojet, deen de 4. Januar 2022 vum Regierungsrot approuvéiert gouf, proposéiert, dass ënnert dem CovidCheck 2G+ System d'Testflicht fir follgend Persounen an Zukunft opgehuewe gëtt:

  • déi, déi ee kompletten Impfschutz hu vu manner wéi 180 Deeg;
  • déi, déi hiren Impf-Rappel scho kruten; an
  • déi, déi e Geheelt-Certificat virweise kënnen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/departement/department-of-microbiology/revilux/.

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

An der Kalennerwoch 52 gouf kee Monitoring vum Ofwaasser am Kader vum SARS-CoV-2 gemaach. https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

[1] Cf. Artikel 1, Punkt 27, vun der Gesetzesännerung vum 17. Juli 2020 iwwert d'Mesuren am Kampf géint d'Pandemie COVID-19.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert