COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 9. bis de 15. Mee 2022

An der Woch vum 9. bis de 15. Mee ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 3.257 op 2.704 erofgaangen (-17%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 9. bis de 15. Mee duerchgefouert goufen, ass vun 10.772 op 9.721 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 21 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 47 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 2.961. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 15. Mee ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 6.232 erofgaangen, am Verglach zu 7.193 den 8. Mee, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 233.915 op 237.577 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 37,3 Joer.

An der Woch vum 9. bis de 15. Mee, goufen et 3 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 81 Joer.

An de Spideeler goufen et 13 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 16 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun geet d'Zuel vun de beluechte Better vun 0 op 1 erop. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten läit bei 59 Joer. 

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,80 géintiwwer 0,97 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 27,82%, géintiwwer 30,27% an der Woch virdrun, erofgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 419 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 505 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux ass an allen Alterstranchen erofgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 15-29 Joer (+0,3%). Dee gréisste Réckgang gëtt et bei den Altersgruppe vu 75+ Joer (-45%) a vun 0-14 Joer (-35%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 245 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 629 Fäll pro 100.000 Awunner. 

Kontaminatiounen

Opgrond vun der héijer Zuel un Neiinfektiounen, ass d'Identifizéierung vun de Quellen aktuell net an alle Fäll méiglech. Vun den 3.213 Fäll, déi an der Woch vum 9. bis de 15. Mee 2022 enregistréiert goufen, goufen nëmmen 2.068 Fäll analyséiert an d'Source ermëttelt.

Fir d'Beschreiwung vun de Sourcë goufen déi 2.068 Fäll geholl, déi an der Woch vum 9. bis de 15. Mee 2022 kontaktéiert goufen. De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 35% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Educatioun (10%), d'Fräizäitaktivitéiten (9%) an d'Reesen an d'Ausland (9%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë bleift d'selwecht (26%). ​

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 09. bis de 15. Mee, goufen am Ganzen 2.475 Dosissen aginn. 74 Persoune kruten eng 1. Dosis, 110 kruten déi 2. Dosis, 508 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.781 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 2 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 17. Mee op 1.281,267.

473.329 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,7% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Temporär Schléissung vum Impfzenter Hall Victor Hugo

Den Impfzenter Hall Victor Hugo bleift op Christi Himmelfaart, resp. Donneschdeg, de 26. Mee 2022, zou.

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site www.covidvaccination.lu matgedeelt.  

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 19. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser op nationalem Niveau.

D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe si méi niddereg wéi nach déi Woch virdrun. Änlech Tendenzen no ënne konnten op regionalem Niveau an deenen eenzele Kläranlagen observéiert ginn, ausser zu Gréiwemaacher. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST) 

Aktualiséiert