COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli 2022

An der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli ass d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persoune vun 4.485 op 5.741 geklommen (+28%).

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli duerchgefouert goufen, ass vun 11.131 op 14.201 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 53 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 44 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.208. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 3. Juli ass d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 10.488 geklommen, am Verglach zu 8.834 den 26. Juni, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 251.237 op 255.322 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 39,9 Joer.

An der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mat COVID-19. D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 69 Joer.

An de Spideeler goufen et 19 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 13 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun ass d'Zuel vun de beluechte Better vun 2 op 1 erofgaangen. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patiente läit bei 53 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,02 géintiwwer 1,11 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 40,43%, géintiwwer 40,29% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 890 Fäll pro 100.000 Awunner geklommen, géintiwwer 695 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Re-Infektiounen an certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux mat abegraff. Den Inzidenztaux ass an allen Alterstranchen eropgaangen, ausser bei der Altersgrupp vun 0-14 Joer, souwéi der Altersgrupp +85% Joer.

Déi héchsten Haussë gëtt et bei der Altersgrupp vu 70-74 Joer (+70%) a vu 20-29 Joer (+61%). Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun de 75+ Joer mat 515 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 30-44 Joer mat 1.509 Fäll pro 100.000 Awunner.

Kontaminatiounen

Opgrond vun der steigender Zuel un Infektiounen, ass et net méiglech all d'Fäll vun der leschter Woch bis zum Erstelle vun dësem Rapport unzeruffen, z'iwwerpréiwen an déi méiglech Kontaminatiounssource z'identifizéieren. Persounen iwwer 60 Joer a Residenten aus de Fleegestrukture gi prioritär kontaktéiert. Vun de 7.766 Fäll, déi an der Woch vum 27. Juni bis de 3. Juli 2022 enregistréiert goufen, goufe 3.445 Fäll bis den 04.07.2022 ugeruff. ​

Et goufen 300 Fäll (8,7%) nom Zoufallsprinzip ugeruff, analyséiert an d'Source ermëttelt. De Familljekrees ass déi heefegst Source mat 24% vun den Infektiounen. Duerno kommen d'Reesen an d'Ausland (19%) a Fräizäitaktivitéiten (14%). Den Undeel vun den net-identifizéierte Sourcë läit bei 26%.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 27. Juni bis de 03. Juli 2022, goufen am Ganzen 1.676 Dosissen aginn. 76 Persoune kruten eng 1. Dosis, 140 kruten déi 2. Dosis, 866 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 592 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 2 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis de 4. Juli op 1.286.324.

474.011 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,8% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

"Impf-Bus on tour"

Déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" ginn um Site  www.covidvaccination.lu matgedeelt.

Et sief nach drop higewisen, dass d'Impfung ouni Rendez-vous gemaach gëtt (Carte d'identité an CNS-Kaart sinn obligatoresch). Et kann entweder eng Éischtimpfung oder e Booster (Impfrappel) gemaach ginn.

Impfzenter Victor Hugo Hal

Persounen ab 70 Joer, souwéi vulnerabel Persoune bei deenen de Risiko fir e schwéiere Verlaf vu COVID-19 besteet an déi eng schrëftlech Recommandatioun vun hirem Dokter hunn, kënnen ab elo eng 4. Dosis vun der Impfung géint de COVID-19 kréien.

An dësem Kader wäert den Impfzenter Victor Hugo ausnamsweis tëschent dem 12. an dem 30. Juli nees op sinn. Persounen, déi sech impfe loosse wëllen, ginn ausserdeem dozou opgeruff, d'Impfméiglechkeeten an den Dokteschcabineten, Apdikten an dem Impfbus ze notzen.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeeten kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 26. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng nach ëmmer héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. Souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau, ass d'Tendenz änlech wéi déi vun der viregter Woch, mat enger liichter Hausse um Niveau vun de SARS-CoV-2-Stréim. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert