COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 24. bis den 30. Oktober

An der Woch vum 24. bis de 30. Oktober fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.560, par Rapport zu 2.384 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 688 Re-Infektiounen, dat sinn 30,6% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 962 (28,7%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 24. bis den 30. Oktober duerchgefouert goufen, ass vun 9.159 op 7.555 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod, hunn 27 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt, géintiwwer 38 déi Woch virdrun. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufe bei 3.682. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 30. Oktober war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 4.420 gefall (am Verglach zu 5.729 den 23. Oktober), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 294.147 op 297.025 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 46,9 Joer.

An der Woch vum 24. bis den 30. Oktober, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 87 Joer.

An de Spideeler goufen et 30 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 30 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 65 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenz-Taux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,75 géintiwwer 0,88 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 20,65%, géintiwwer 26,03% an der Woch virdrun, gefall.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 242 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 369 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 354 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 875 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA) Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen erofgaangen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 81 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 976 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 24. bis den 30. Oktober 2022 goufen am Ganzen 2.812 Dosissen aginn. 29 Persoune kruten eng 1. Dosis, 12 kruten déi 2. Dosis, 154 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 2.516 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 101 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 1. November op 1.291.616.

474.752 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 78,9% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz, dat säit dem 27. Oktober a Kraaft ass, geet de Contact Tracing op een Enn.

Wann Dir unhand vun engem PCR-Test positiv getest gouft, kritt Dir vun der Gesondheetsdirektioun eng SMS vu folgender Nummer: (+352) 621 203 000.

Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covidtracing.lu.

Et sief dorun erënnert, datt säit dem 27. Oktober d'Dauer vun der Isolatioun bei enger COVID-Infektioun vu 7 op 4 Deeg verkierzt gouf. Eng weider Reduktioun vun der Isolatiounsdauer ass méiglech, wann zwee negativ Antigen-Selbsttester am Ofstand vu mindestens 24 Stonnen duerchgefouert ginn. Dëst gëllt souwuel fir geimpften, wéi och fir net-geimpfte Persounen.

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 9. November virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 42 an 43.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:  https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert