COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 31. Oktober bis den 6. November 2022

An der Woch vum 31. Oktober bis de 6. November fällt d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 873, par Rapport zu 1.560 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 444 Re-Infektiounen, dat sinn 33,7% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 688 (30,6%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 31. Oktober bis den 6. November duerchgefouert goufen, ass vun 7.555 op 5.428 erofgaangen.

Bannent der Referenzperiod hu 27 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.709. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

Den 6. November war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 2.936 gefall (am Verglach zu 4.428 den 30. Oktober), wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 297.017 op 299.378 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 47,3 Joer.

An der Woch vum 31. Oktober bis den 6. November, goufen et 4 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 82 Joer.

An de Spideeler goufen et 22 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 30 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 1. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 72 Joer.

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 0,72 géintiwwer 0,75 an der viregter Woch, erofgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,08%, géintiwwer 20,65% an der Woch virdrun, gefall.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 135 Fäll pro 100.000 Awunner erofgaangen, géintiwwer 242 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun.

Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 208 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 562 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA) Am Verglach zur viregter Woch ass den Inzidenztaux an allen Altersgruppen erofgaangen. Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 65 Fäll pro 100.000 Awunner.

Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 594 Fäll pro 100.000 Awunner. (Quell INSA)

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 31. Oktober bis den 6. November 2022 goufen am Ganzen 1.487 Dosissen aginn: 25 Persoune kruten eng 1. Dosis, 19 kruten déi 2. Dosis, 107 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.288 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 48 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 0 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 8. November op 1.291.774.

474.773 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer).

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covidtracing.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft, kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: (+352) 621 203 000.

Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Impfméiglechkeeten

D'Lëscht vun all den Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn:  covidvaccination.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

Laut dem leschte Rapport CORONASTEP vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology), weist de Kontaminatiounsniveau an den 13 Kläranlagen, déi am Laf vun der 43. an der 44. Woch 2022 ënnersicht goufen, eng héich Prevalenz vum SARS-CoV-2 am Ofwaasser. D'SARS-CoV-2-Stréim déi an dëser Woch gemooss goufe sinn deene vun de zwou viregte Woche staark änlech. Allerdéngs sief unzemierken, datt souwuel op nationalem, wéi och op regionalem Niveau an der Kalennerwoch 44 eng Tendenz no ënnen observéiert gouf. D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn: https://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/.

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert