COVID-19: Réckbléck op d'Woch vum 5. bis den 11. Dezember 2022

An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember geet d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen op 1.440 erop, par Rapport zu 1.214 an der Woch virdrun.

Dobäi kommen 980 Re-Infektiounen, dat sinn 40,5% vun all de positiv geteste Persounen, géintiwwer 784 (39,2%) an der Woch virdrun.

D'Zuel vun de PCR-Tester, déi an der Woch vum 5. bis den 11. Dezember duerchgefouert goufen, ass vu 7.543 op 8.595 eropgaangen.

Bannent der Referenzperiod hu 27 Persounen e positiven Antigène-Schnelltest gemellt. Domat läit d'Gesamtzuel vun de positiven Antigène-Schnelltester, déi vu medezineschem Fachpersonal duerchgefouert goufen, bei 3.813. Et sief nach drop higewisen, dass déi gemellte positiv Antigène-Schnelltester fir de Positivitéitstaux net matgerechent ginn.

De 11. Dezember war d'Zuel vun den aktiven Infektiounen op 3.205 geklommen, am Verglach zu 2.931 den 4. Dezember, wärend d'Zuel vun de geheelte Persoune vun 303.714 op 304.878 geklommen ass. D'Altersmoyenne vun de positiv geteste Fäll läit bei 45,8 Joer.

An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember, goufen et 2 weider Doudesfäll am Zesummenhang mam COVID-19.

D'Altersmoyenne vun den Doudesaffer ass 93 Joer.

An de Spideeler goufen et 26 nei Hospitalisatioune vu COVID-Patienten an der Normalfleeg, géintiwwer 22 an der viregter Woch. Op der Intensivstatioun läit d'Zuel vun de beluechte Better bei 3. D'Altersmoyenne vun den hospitaliséierte Patienten ass 66 Joer. 

Positivitéitstaux an Inzidenztaux

Bannent der Referenzperiod, ass den effektive Reproduktiounstaux (RT eff) mat 1,16 géintiwwer 1,06 an der viregter Woch, eropgaangen. De Positivitéitstaux vun den Tester (Ordonnance, Contacttracing) ass op 16,75%, géintiwwer 16,09% an der Woch virdrun, eropgaangen.

Den Inzidenztaux op 7 Deeg ass op 223 Fäll pro 100.000 Awunner eropgaangen, géintiwwer 188 Fäll pro 100.000 Awunner an der Woch virdrun. Wann een d'Re-Infektiounen dobäizielt, läit den Inzidenztaux bei 379 Fäll pro 100.000 Awunner op 7 Deeg a bei 690 Fäll pro 100.000 Awunner op 14 Deeg. (Quell INSA)

Re-Infektiounen a certifiéiert Selbsttester ginn an der Berechnung vum Inzidenztaux no Alterstranche mat abegraff (Quell INSA).

Deen niddregsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 0-4 Joer, mat 95 Fäll pro 100.000 Awunner. Deen héchsten Inzidenztaux gouf et an der Alterstranche vun 90+ Joer mat 828 Fäll pro 100.000 Awunner an bei der Altersgrupp vun 85-89 Joer mat 621 Fäll pro 100.000 Awunner.

Impfung: aktuell Lag

An der Woch vum 5. bis den 11. Dezember 2022 goufen am Ganzen 1.350 Dosissen aginn: 6 Persoune kruten eng 1. Dosis, 9 kruten déi 2. Dosis, 108 Persoune kruten eng éischt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 1.189 kruten eng zweet komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema, 37 kruten eng drëtt komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema an 1 kruten eng véiert komplementar Dosis zu engem kompletten Impfschema. Domat klëmmt d'Gesamtzuel vun den administréierten Impfdosisse bis den 12. Dezember op 1.292.477.

474.872 Persounen hunn ee kompletten Impfschema, wat engem Impftaux vun 79% vun der impfbarer Bevëlkerung entsprécht (also Persounen iwwer 5 Joer). 

Aussergewéinlech Schléissung vum Impfzenter Hall Victor Hugo vum 24.12.2022 bis den 02.01.2023.

Den Impfzenter Victor Hugo bleift vum 24. Dezember 2022 bis den 2. Januar 2023 zäitweileg zou. 

Temporär Ouverture vun engem Pop-up-Impfzenter zu Esch-Belval den 23. Dezember 2022.

Fir et méi einfach ze maache sech impfen ze loossen, gëtt den 23. Dezember am Akafszenter Belval Plaza um éischte Stack ee Pop-up-Impfzenter opgemaach.

En ass freides vun 10:00 bis 16:00 Auer op. Freides den 30. Dezember 2022, bleift de Pop-up ausnamsweis zou.

D'Lëscht vun all dësen Impfméiglechkeete kann op follgender Säit consultéiert ginn: covidvaccination.lu 

Contact tracing: Wéi kritt ee seng Isolatiounsordonnance?

Mam neie COVID-19-Gesetz gëtt de Contact Tracing ugepasst: Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft: Gitt an d'Eegen-Isolatioun. Fir Är Isolatiounsordonnance ze kréien, kënnt Dir de Formulaire fir d'Deklaratioun mat der Referenz REFCP ausfëllen op: www.covid19.lu.

Wann Dir positiv op de COVID-19 getest gouft, kritt Dir och eng SMS vu folgender Nummer: +352 621 203 000 ​

Weider Informatiounen op covidtracing.lu

Evolutioun vun de Varianten

D'Donnéeën zu der Sequenzéierung vun de Variante fënnt een all Freideg um Site vum Nationale Gesondheetslabo (Laboratoire national de Santé, LNS) https://lns.lu/en/publications-en

Monitoring vum Ofwaasser zu Lëtzebuerg am Kader vum SARS-CoV-2

De CORONASTEP-Rapport gëtt all 15 Deeg publizéiert.

De nächste Rapport ass fir en Dënschdeg, 20. Dezember virgesinn a betrëfft dann d'Donnéeë vun de Kalennerwoche 49 an 50.

D'Rapporte vum CORONASTEP kënnen um Site vum LIST consultéiert ginn:

http://www.list.lu/en/covid-19/coronastep/

Communiqué vum Gesondheetsministère, dem Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend, dem Nationale Gesondheetslabo (LNS) an dem Luxembourg Institute of Science and Technology (LIST)

Aktualiséiert