"Respekt... esou einfach wéi Bonjour!" – 2. nationalen Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport

D'Vertrieder vum ëffentlechen Transport hunn sech haut fir eng symbolesch Foto beim Funiculaire vun der Statioun Pafendall-Kierchbierg versammelt, fir op de Kärmessage vum nationalen Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport opmierksam ze maachen: "Respekt... esou einfach wéi Bonjour!".

©CFL Gruppefoto
Gruppefoto

Dës Initiativ, déi 2023 vun der CFL an d'Liewe geruff gouf, steet ënnert dem Patronage vun der Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, Yuriko Backes. An Zesummenaarbecht mat der Verwaltung fir ëffentlechen Transport, der Stad Lëtzebuerg an dem TICE gëtt se och dës Joer weidergefouert. Begleet gëtt d'Initiativ vun enger Sensibiliséierungs- a Kommunikatiounscampagne, déi am ëffentlechen Transport an op de sozialen Netzwierker vun de betraffenen Acteuren diffuséiert gëtt.

Obschonns déi meescht Trajeten ouni gréisser Virfäll oflafen, kënnt et heiansdo zu problematesche Situatiounen, wou d'Fraen a Männer, déi all Dag dofir schaffen enger ëmmer méi grousser Clientèle en héichwäertegen Transportservice ze bidden, mat mentaler, verbaler oder physescher Gewalt konfrontéiert ginn. Dës Campagne soll d'Benotzer vum ëffentlechen Transport op d'Wichtegkeet vun engem respektvollen Ëmgang mat den anere Passagéier a mam Personal sensibiliséieren. Respekt ass eng fundamental gesellschaftlech Valeur. Dofir musse mir eis als Gesellschaft och konstant dofir engagéieren. All Eenzele vun eis kann dozou bäidroen e Klima vu Respekt, Frëndlechkeet an Toleranz am ëffentleche Raum a besonnesch am ëffentlechen Transport ze schafen. Den nationalen Dag vum Respekt ass eng gutt Geleeënheet fir dës wichteg Valeur ervirzehiewen an eng Kultur vu Respekt an der Lëtzebuerger Gesellschaft ze fërderen.

"Et muss ee keng Superheldin a kee Superheld si fir senge Matmënschen oder dem Personal am ëffentlechen Transport e Laachen an d'Gesiicht ze zauberen: en einfache Bonjour kann duergoen", sou d'Yuriko Backes, Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten. "Haut, um Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport, wëll ech drun erënneren, wéi wichteg et ass, sech géintiwwer dem Personal an och géintiwwer anere Passagéier héiflech a korrekt ze verhalen."

"Den ëffentlechen Transport ass e Bestanddeel vun eisem gesellschaftleche Liewen. Dofir ass et wichteg dass d'Trajeten am géigesäitege Respekt, als Kärvaleur vun eisem Zesummeliewen, oflafen", esou déi gemeinsam Erklärung vum Lydie Polfer, Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, dem Patrick Goldschmidt, Schäffen an zoustänneg fir d'Mobilitéit an der Stad Lëtzebuerg, dem Marc Wengler, Generaldirekter vun der CFL, dem Helge Dorstewitz, aktuellen Direkter "Nouvelles lignes" an Nofollger vum André von der Marck als Generaldirekter bei Luxtram, dem Alex Kies, Direkter vun der Verwaltung fir ëffentlechen Transport, dem Lex Bentner, Chef vum Bus-Service bei der Stad Lëtzebuerg an dem Mike Schoos, Generaldirekter vum TICE.

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten, vun der Société nationale des chemins de fer luxembourgeois (CFL) a vun der Stad Lëtzebuerg

Aktualiséiert