Pressekonferenz vum Lex Delles, Franz Fayot a Georges Engel iwwert déi aktuell Situatioun an déi zukünfteg Konditioune fir d'Hëllefen fir kleng a mëttel Betriber (PME) a vum Chômage partiel

Säit Ufank 2020 huet de Staat iwwer 800 Milliounen Euro fir de Chômage partiel ausginn, déi wichtegst Mesure fir d'Entreprisen an hir Salariéen, déi vun der COVID-19-Kris getraff goufen, z'ënnerstëtzen.

No der Reunioun vum Konjunkturcomité de 25. Januar hunn d'Ministere Fayot an Engel op enger Pressekonferenz de Point iwwert déi aktuell Situatioun vum Chômage partiel gemaach an d'Konditioune vun der Applikatioun an den nächste Méint presentéiert.

De Minister fir Mëttelstand Lex Delles huet de Point iwwert d'Hëllefen gemaach an déi zukünfteg Konditioune vun der Applikatioun vun der Aide de relance an der Aide aux coûts non couverts presentéiert.

De Livestream mat franséischer Iwwersetzung fannt Dir hei.

Wann Dir Problemer hutt de Video ofzespillen, da probéiert folgende Link

De Video ass op youtube disponibel.

Aktualiséiert