MATHI – eng nei Method fir Mathematik an engem méisproochege Kontext ze léieren
Ab der Rentrée 2024/2025 wäerten d'Schüler aus dem Cycle 1 vum Fondamental MATHI entdecken, eng nei Serie vun didakteschem Material, mee virun allem eng nei Method fir Mathematik ze léieren. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet en Dënschden, den 19. Mäerz 2024, un der offizieller Presentatioun vum MATHI-Material um Campus Geesseknäppchen deelgeholl.