Aktuell Funktiounen

  • Verdeedegungsministesch
  • Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten 
  • Ministesch fir Gläichstellung an Diversitéit 

Biographie

D'Yuriko Backes ass den 22. Dezember 1970 zu Kobe, Japan, gebuer.

No hirem internationale Premièresdiplom, dee si 1989 op der Canadian Academy International School zu Kobe kritt, absolvéiert d'Yuriko Backes 1992 e Bachelor an internationale Bezéiungen op der London School of Economics and Political Science. Dono féiert si hir Universitéitsstudien op der School of Oriental and African Studies zu London weider a kritt 1993 hire Master a Japanstudien. 1994 schléisst d'Yuriko Backes hiren akademesche Parcours mat engem Master am Beräich europäesch Politik- a Verwaltungsstudien am Collège d’Europe zu Bruges of.

Weiderliesen

©SIP / Claude Piscitelli Yuriko Backes

Neisten Noriichten

Dossier: Formatioun vun der Regierung 2023

Aktualiséiert