Staatsrot

De Staatsrot fënnt säin Ursprong an der Verfassung vun 1856. D'Aufgab vum Staatsrot besteet doran, zu all de Gesetzesprojeten, Gesetzespropositiounen a Reglementsprojeten eng Stellungnahm ze ginn, sou wéi och seng Meenung zu all den anere Froen ze ginn, mat deenen e vum Groussherzog oder vu Gesetzer saiséiert gëtt. Bis 1966 huet de Staatsrot och als Verwaltungsgeriichtsbarkeet gegollt.

De Staatsrot setzt sech aus 21 Conseilleren zesummen, vun deenen op d'mannst 11 en Héichschouldiplom am Droit mussen hunn. Dës Zuel begräift net d'Persoun vum Trounfolger mat an, déi och am Staatsrot ka sinn.D'Conseillere gi vum Groussherzog ernannt. Wann am Staatsrot e fräie Sëtz nei ze besetzen ass, gëtt d'Neibesetzung ofwiesselend an der Rei no op enger vu folgenden Aart a Weise gemaach:

a) Virschlag vun engem Kandidat duerch d'Regierung;

b) Virschlag vun engem Kandidat duerch d'Chamber;

c) Virschlag vun engem Kandidat duerch de Staatsrot.

Fir zum Member vum Staatsrot ernannt ze ginn, muss ee Lëtzebuerger sinn, iwwer seng zivil a politesch Rechter verfügen, zu Lëtzebuerg wunnen a säin drëssegst Liewensjoer ofgeschloss hunn. Den Trounfolger kann allerdéngs zum Member ernannt ginn, soubal hien dësen Titel kritt.

D'Staatsconseillere gi fir e Mandat vun 12 Joer ernannt.

Bei der Ernennung vum Kandidat gëtt d'Verdeelung vun de politesche Parteien an der Chamber sou wéi eng ausgeglache Representatioun vu Fraen a Männer berücksichtegt.

Aufgaben op legislativem Niveau

Am Prinzip gëtt d'Stellungnahm vum Staatsrot vun der Regierung ugefrot, éier e Gesetzesprojet an der Chamber diskutéiert gëtt. D'Stellungnahm gëtt a Form vun engem begrënnte Rapport presentéiert.

An dréngende Fäll kann d'Chamber mat engem Projet saiséiert ginn, ouni dass de Projet dem Staatsrot fir eng prealabel Stellungnahm virgeluecht gouf. An deem Fall muss d'Stellungnahm vum Staatsrot der Chamber virun der endgülteger Ofstëmmung iwwermëttelt ginn.

Sengersäits kann de President vun der Chamber de Staatsrot direkt mat Ännerungsufroen zu lafend Projete saiséieren.

Am Fall vun enger artikelweiser Ofstëmmung iwwert e Gesetzesprojet duerch d'Chamber a falls nach keng Stellungnahm vum Staatsrot fir all d'Artikele virläit, muss dëse seng Stellungnahm spéitstens innerhalb vun dräi Méint, nodeems dem Staatsrot d'Bestëmmungen iwwermëttelt goufen, ofginn. Wa keng Stellungnahm innerhalb vun dësem Zäitraum virläit, kann d'Chamber iwwert dat ganzt Gesetz ofstëmmen.

Fir an enger gewësser Hisiicht d'Nodeeler vum lëtzebuergeschen Eechambersystem ze bewältegen, accordéiert d'Verfassung dem Staatsrot awer e richtegt suspensiivt Vetorecht op legislativem Niveau. De Rot wiisst deementspriechend iwwer seng reng konsultativ Roll eraus.

Theoretesch muss an der Chamber fir all Gesetzesprojet a -propositioun zweemol iwwert dee ganze Gesetzestext gestëmmt ginn. Tëschent dësen zwou Ofstëmmunge mussen op d'mannst dräi Méint leien. D'Chamber kann awer och op eng zweet Ofstëmmung iwwert d'Texter verzichten, woubäi dëse Verzicht allerdéngs nëmme mat der Zoustëmmung vum Staatsrot wierksam gëtt, wat an der Praxis meeschtens de Fall ass. Heiansdo kënnt et vir, dass de Staatsrot de Verzicht op eng zweet Ofstëmmung vun engem Gesetz ofleene muss, an zwar zum Beispill dann, wann en der Meenung ass, dass de gestëmmten Text net mat Verfassungsbestëmmungen, mat internationalen oder EU-Rechtsnormen oder mat allgemenge Rechtsprinzipie kompatibel ass. Et muss deementspriechend en Zäitraum vu mindestens dräi Méint tëschent der éischter an der zweeter verfassungsméisseger Ofstëmmung vun der Chamber leien.

Aufgabe vum Staatsrot op reglementairem an administrativem Niveau

Am Prinzip kënne Reglementsprojete fir d'Duerchféierung vu Gesetzer an Traitéen nëmmen dem Groussherzog virgeluecht ginn, nodeems de Staatsrot seng Stellungnahme bekannt ginn huet.

Wann de Groussherzog allerdéngs de Fall fir dréngend schätzt an d'Gesetz net formell op eng Stellungnahm vum Staatsrot besteet, kann d'Regierung op dës verzichten.

D'Regierung kann eng Stellungnahm zu all de Froe vum Staatsrot verlaangen. Dës Stellungnahm gëtt a Form vun engem begrënnte Rapport presentéiert, deen allgemeng Konsideratiounen, eng Iwwerpréifung vum Projetstext a falls néideg e Géigeprojet enthält. D'Iwwerpréifung duerch de Staatsrot bezitt sech och op d'Konformitéit vun engem Reglement mat enger méi héijer Rechtsnorm, vu wéi enger Aart och ëmmer.

Prozeduren am Staatsrot

Et obläit de Kommissiounen, déi am Staatsrot gegrënnt ginn, d'Gesetzesprojeten a -propositiounen, d'groussherzoglech Reglementsprojeten, déi dorop bezunnen Ännerungsufroe sou wéi Stellungnahmsdemanden, mat deenen de Staatsrot saiséiert gëtt, z'iwwerpréiwen.

Se sinn autoriséiert, d'Regierung op d'Zweckméissegkeet vun neie Gesetzer oder Reglementer bzw. Ännerunge vu bestoende Gesetzer a Reglementer, déi misste gemaach ginn, opmierksam ze maachen.

Aktualiséiert