Walsystem

Chamberwalen

D'lëtzebuergesch Wieler wielen all fënnef Joer déi 60 Memberen, aus deenen sech d'Chamber zesummesetzt. D'Chamberwale ginn duerch direkt allgemeng Wal an nom Verhältniswahlsystem gemaach.

Gemengewalen

 

D'Gemengerotsmembere ginn all sechs Joer direkt vun den Awunner vun der Gemeng, de Wieler mat lëtzebuergescher Nationalitéit an de Wieler mat enger anerer Nationalitéit, déi hir Aschreiwung op d'Wallëschten ugefrot hunn an de gesetzlech festgeluechte Konditiounen entspriechen, gewielt.

All lëtzebuergesch Gemeng gëtt vun engem Gemengerot verwalt, un deem senger Spëtzt de Buergermeeschter steet. De Gemengerot entsprécht dem legislative Pouvoir op kommunalem Niveau.

E Schäfferot, deen sech aus dem Buergermeeschter a Membere vum Gemengerot zesummesetzt, entsprécht dem exekutive Pouvoir op kommunalem Niveau. D'Zuel vu Gemengerotsmemberen a Schäffen hänkt vun der Awunnerzuel vun der jeeweileger Gemeng of.

Europawalen

All fënnef Joer wielen d'lëtzebuergesch Wieler an direkter allgemenger Wal 6 vun insgesamt 751 Europadeputéierter. Bei den Europawale stellt Lëtzebuerg een eenzege Walbezierk duer.

Déi zu Lëtzebuerg unsässeg Bierger vun der Europäescher Unioun kënne fir d'lëtzebuergesch Vertrieder stëmmen, wa si op de Wallëschte vun der Gemeng, an där si wunnen, ageschriwwe sinn an de gesetzlech festgeluechte Konditiounen entspriechen.

Aktualiséiert