Discours de Lydia Mutsch lors du premier coup de pelle pour le Centre thérapeutique pour adolescents à Putscheid

Lydia Mutsch, ministre de la Santé, a prononcé une allocution le 13 juillet 2018 à l'occasion du premier coup de pelle pour le Centre thérapeutique pour adolescents à Putscheid. Le discours est en luxembourgeois.

  1. ©CHNP-Ricardo Tavares

    Maquette du projet
  2. ©CHNP-Ricardo Tavares

    (de g. à dr.) Roger Zanter, bourgmestre de la commune de Putscheid; Dr Thomas Karst, médecin-coordinateur de la filière psychiatrie juvénile (CHNP); Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Dr Michel Nathan, président du conseil d’administration (CHNP); Frank Gansen, directeur général f.f. et directeur administratif et financier (CHNP)
  3. ©CHNP-Ricardo Tavares

    (de g. à dr.) Dr Thomas Karst, médecin-coordinateur de la filière psychiatrie juvénile (CHNP); Frank Gansen, directeur général f.f. et directeur administratif et financier (CHNP); Dr Michel Nathan, président du Conseil d’administration (CHNP); Lydia Mutsch, ministre de la Santé; Roger Zanter, bourgmestre de Putscheid; Miriam Bah-Hormisch, responsable coordination projets (CHNP)

 

Et ass mär eng besonnesch Freed, Iech haut hei zu Pëtschent fir den éischte Spuetestech fir den zukënftegen therapeuteschen Zentrum fir Jonker, ze begréissen.

Déi psychiatresch Rehabilitatioun fir Jonker ënnert dem Lead vum CHNP ass haut net méi aus der Psychiatries-Landschaft hei zu Lëtzebuerg ewech ze denken.

D’ Jugendpsychiatrie vum CHNP huet virun enger Doze Joren seng Dieren mat deemools grad emol 12 Better opgemeet. Haut ginn hei pro Joer ronn 45 Meedercher a Jongen tëscht 12 an 18 Joer opgeholl.

Donieft gëtt et eng permanent Waardelëscht – wou et phaseweis bis zu e puer Méint kann daueren fir eng Platz ze kréien.

Wéi wichteg an dréngend néideg dës Struktur deemno ass, weisen eleng di alarmant Zuelen: analyséiere mer den  aktuellen Stand, dann kéinten op den Dag vun haut, 5 vun den 12 Jonken déi momentan am CHNP  hospitaliséiert ginn, vun esou enger therapeutescher Struktur wéi mer se elo hei zu Pëtschent bauen, profitéieren!

20 % vun de Jonken leiden am Laf vun hirer Kanner- an Jugendzäit ënner psycheschen Stéierungen oder Problemer – esou d’ Weltgesondheetsorganisatioun!

Dat confirméiert och de léschten Jugend-Rapport vun der EU: an der europäescher Unioun ginn haut méi wéi jee psychesch, respektiv, psychiatresch Krankheeten a Stéierungen bei jonke Leit festgestallt.

Lëtzebuerg ass hei keng Ausnam! Entwécklungs-, Emotional- oder Verhalenstéierungen am Jugendalter sinn och bei eis heefeg. Jonk Leit musse sech villen Erausfuerderungen stelle wann si ophalen Kand ze sinn, an Erwuesse ginn.

Dës Erausfuerderungen kënne vum gesellschaftlechen a familiären Drock nach verschäerft ginn; a mär wëssen, datt och déi ekonomesch a finanziell Situatioun vun den Elteren déi psychesch Gesondheet vun de Kanner a Jugendlechen beaflosst.

Dës Jonker brauchen eis!

Si net ze behandelen oder sech net di néideg Zäit ze ginn fir déi noutwenneg Rehabilitatioun, ka katastrophal Auswierkungen op hier Zukunft hunn, ënner anerem wat hier berufflech Perspektiven, an am schlëmmste Fall, hier Liewenserwaardung uginn.

Aus all dëse Grënn mussen mär gëeegent Strukturen hunn, déi souwuel adäquat diagnostesch Méiglechkeeten, wéi och rehabilitativ stationär Strukturen och am psychiatreschen Jugendberäich ubidden; esou wéi et hei de Fall wäert sinn.

Dës Struktur soll och mathëllefen datt Lëtzebuerg seng Jugendlecher, wa méiglech, net méi esou heefeg muss an d’ Ausland schécken, wann eng méi laangfristeg Rehabilitatioun néideg ass.

Dës Struktur – dat wëll ech betounen – ass e wichtege Maillon an der Filière vun der jugendpsychiatrescher Versuergung, deen eis bis elo gefeelt huet!

Déi Jonk déi hei opgeholl ginn, leiden net un enger akuter psychescher Stéierung; an dëse Situatiounen bleiwe weiderhin de Service National vun der Jugendpsychiatrie am HRS an di stationär Jugendstatioun vum CHNP zoustänneg.

Eréischt nodeems e jonke Mënsch do eng éischt Behandlung kritt huet, a psychesch stabille genuch ass fir datt eng psychotherapeutesch Aarbecht och méiglech ass, gëtt hien hei zu Pëtschent opgeholl.

D’ Ziel bleift, si esou gutt wéi méiglech nees an d’ Gesellschaft z’ integréieren.

Fir si derbäi z’ ënnerstëtzen, hire psycheschen Equiliber erëm ze gewannen, gëtt hei zu Pëtschent och dezentral gebaut. Hei fanne si dat richtegt Ëmfeld fir nees gesond ze ginn an dëst ganz no hirem Rhythmus.

Maximal 20 Jungendlecher kënnen also an Zukunft hei opgeholl ginn, an ech wënsche mär datt den Timing agehalen gëtt, fir dass mär hinnen wéi geplangt d’ Dieren Ufank 2020 hei kënnen opmaachen.

Loosst mech fir ofzeschléissen nach di gutt Zesummenaarbecht betounen, tëscht de Professionellen vum Secteur aus der Jugendpsychiatrie – hei schwätzen ech besonnesch vum Dr Thomas Karst a vun senger Équipe - déi di lescht Joren och ëmmer dorëms beméit woren dem Gesondheetsministère – an hei schwätzen ech besonnesch vun der Dr D’Alimonte - konstruktiv Virschléi ze maachen.

Mat hiren Observatiounen an Recommandatiounen leeschten si e wichtege Bäitrag fir d’ Weiderentwécklung am Beräich vun der jugendpsychiatrescher Versuergung hei zu Lëtzebuerg.

Dofir wollt ech hinnen och nach eng Kéier ganz speziell Merci soen: wéll si domadder och ëmmer erëm zum Versteesdemech fir d ‘Noutwennegkeeten an der Gesellschaft vun dëse psychesch kranke Jonken bäidroën. Wéll genee dorëms geet et eis!

Ech soen iech Merci.

Dernière mise à jour