De Guichet.lu Accueil bleift op Rendez-vous accessibel: eng Moossnam fir d’Kontinuitéit vun de Servicer ze garantéieren am Kontext vum COVID-19 Virus

Als Deel vun der Emsetzung vun de Moossnamen déi d‘Regierung decidéiert huet géint d‘Verbreedung vum Coronavirus, huet de staatlechen Zenter fir Informatiounstechnologien déi folgend Moossnam getraff fir d‘Kontinuitéit vun hirem ëffentleche Service ze garantéieren:

De Guichet.lu Accueil bleift op fir de Public, ass awer vum 23. Mäerz un a bis op Weideres ausschliesslech zougänglech op Rendez-vous.

Dës Moossnam betrëfft d'Bierger déi dréngend eng Identitéitskaart oder e Führerschäin brauchen. Si kënnen :

-          eng Lëtzebuerger Identitéitskaart ufroen / ofhuele kommen;

-          e Führerschäin ufroen / ofhuele kommen.

D'Bierger ginn opgefuerdert am Viraus e Rendez-vous bei Guichet.lu Accueil unzefroen. Sie kënnen dat vun 8 bis 18 Auer per Telefon maachen (247-82000) oder per E-Mail (eID.helpdesk@ctie.etat.lu) an de Kontext vum Noutfall erklären.

Mir wëllen de Public och drop hiweisen datt sie d‘Méiglechkeet hunn 24 Stonnen den Dag, 7 Deeg an der Woch, sech um Informatiounsportal Guichet.lu iwwer staatlech administrativ Prozedure ze informéieren. Ausserdeem bleift de Guichet.lu Helpdesk iwwer Telefon (247-82000) vu Méindes bis Freides vun 8 bis 18 Auer erreechbar fir Froen iwwer administrativ Prozeduren ze beäntwerten.

 

Aktualiséiert