Offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec“ zu Manternach um Betrib Mehlen

D‘IBLA a seng Partner hunn op déi offiziell Feldbegehung a Virstellung vum Projet "LeguTec", am Bäisinn vun der Ierfgroussherzogin, dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen an dem President vun der Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, dem Här Pierre Bley, agelueden.

  1. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre de la commune de Manternach remet un bouquet de fleurs à S.A.R. la Grande-Duchesse héritière
  2. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    Fernand Etgen, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs et S.A.R. la Grande-Duchesse héritière
  3. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    Laura Leimbrock de l'IBLA donne des explications
  4. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    Photo de groupe
  5. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    (de g. à d.) Fernand Etgen, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs ; Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre de la commune de Manternach ; S.A.R. la Grande-Duchesse héritière ; Stéphanie Zimmer, directrice, Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Luxemburg (IBLA)
  6. ©SIP / Charles Caratini, tous droits réservés

    (de g. à d.) Jean-Pierre Hoffmann, bourgmestre de la commune de Manternach ; S.A.R. la Grande-Duchesse héritière ; Stéphanie Zimmer, directrice, Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Luxemburg (IBLA) ; Claude Felten, président, Institut fir biologësch Landwirtschaft an Agrarkultur Luxemburg (IBLA) ; Fernand Etgen, ministre de l'Agriculture, de la Viticulture et de la Protection des consommateurs

 

Dësen innovative Projet huet als Ziel, eng ressourcëschounend Eewäissproduktioun opzebauen, wat eng vun den agrarpolitische Prioritéiten duerstellt.

D‘Ofhängekeet vun den Importer vun Eewäiss muss zeréckgeschrauft ginn. Dofir huet de Fernand Etgen virun engem Joer zesumme mat 12 aneren EU-Memberstaaten eng Deklaratioun ënnerschriwwen, déi d’Promotioun vun der nohalteger an OGM-fräier Produktioun vun Eewäissplanzen an der EU fuerdert. Doropshin ass de Projet LeguTec mat der IBLA entstanen, deen op den nohaltegen Ubau vu Sojaplanzen ausgeluecht ass. De Soja ass eng vun de wichtegsten Eewäissquellen an der Déierenernierung hei zu Lëtzebuerg.

De Projet gëtt vun der Oeuvre Nationale de Secours Grand-Duchesse Charlotte, vum Landwirtschaftsministère a vun der Firma Wolff-Weyland finanziell ënnerstëtzt. 

Aktualiséiert