Commemoratiounsfeier zu Hinzert

E Samschdeg, den 21. September 2019 organiséiert de Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale zesumme mat der Amicale Hinzert wéi all Joer eng Commemoratiounsfeier am fréiere KZ zu Hinzert. Dëst Joer sinn et 75 Joer hir, dass de 25. Februar 1944 d’Cheffe vun der Lëtzebuerger Resistenz am Bësch zu Hinzert ermuert goufen. Fir si ze éieren an och déi aner, déi do gestuerwen a gelidden hunn, hu mir dës Kéier d'Éier de Grand-Duc zu Hinzert ze begréissen. Och de Premierminister Xavier Bettel an d'Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz Malu Dreyer wäerten nieft anere Perséinlechkeeten derbäi sinn.

De Programm fir dësen Dag:

Um 14.00 Auer ass di Lëtzebuerger Feier an engem speziellen Zelt beim Wercollier-Denkmal: D'Mass gëtt gelies vum Äerzbëschof Monseigneur Jean-Claude Hollerich a Konzelebratioun mat dem Aumônier vun der Amicale Hinzert an neie Generalvikar Patrick Muller; fir de Gesank suergt d’Chorale vun Dikrech ënnert der Direktioun vum Raymond Majerus. Si gi begleet um Synthesiser vum Joé Laos. Clairon d’honneur: Edmond Faber.

Direkt duerno ass dann déi international Feier op derselwechter Plaz, wou esouwuel de Premierminister Xavier Bettel wéi och d’Ministerpresidentin Malu Dreyer eng kuerz Usprooch wäerten halen.

Hutt Versteesdemech derfir, dass aus Sécherheetsgrënn tëscht der Mass an der internationaler Feier kee méi op de Site eragelooss gëtt.

Di Leit, déi mam Privatauto fueren, mussen d’ P+R Parkplazen huelen déi gezeechent sinn. Si ginn da mat enger Navette vu Reinsfeld an d’Gedenkstätte bruecht. Di läscht Navette fiert um 13.50 Auer zu Reinsfeld bei der Kierch fort. Och si sollen sech bis de 14. September umellen, soss riskéieren se keng Sëtzplazen ze kréien. (Tel: 39 90 58)

D'Horairen vun deenen 3 Bussen, déi den 21. September 2019 op Hinzert fueren:

Bus A Stephany:

10.25 Ëlwen/Gare
10.30 Ëlwen/Gemeng
11.05 Ettelbréck/Gare
11.15 Dikrech/Gare
11.20 Baastenduerf
11.55 Iechternach/Gare
13.05 Hinzert

Bus B Stephany: (nëmme fir d’Chorale vun Dikrech)

11.40 Dikrech/Kierch
11.45 Dikrech/Neie Kolléisch/Schwemm (rue Merten)
13.05 Hinzert

Bus C Siedler-Thill:

08.50 Tétange/église
08.55 Kayl/Brillplaz
09.10 Esch/Gare
09.20 Differdange/parking du contournement
09.25 Bascharage/brasserie Bofferding
09.40 Hobscheid/école 09.55 Brouch/église
10.05 Mersch/centre Marisca
10.25 Luxembourg-Glacis (Busparking)
11.15 Wasserbillig/frontière autoroute (P+R Autobunn Richtung Tréier)
12.30 Hinzert

Umeldunge fir d'Bussen A, B an C beim Anne-Marie Toussaint Tel: 39 90 58 bis spéitstens e Méinden, de 16. September 2019

 

Communiqué par le ministère d'État et le Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale

Aktualiséiert