Temporär Reouverture vun den Impfzenteren Ettelbréck an Esch/Belval

D'Regierung huet decidéiert déi zwee Impfzenteren zu Ettelbréck an Esch/Belval temporär tëscht dem 16. Oktober a 16. Dezember nees opzemaachen. Esou solle Persounen, déi nach net géint de Coronavirus geimpft sinn, eng weider Méiglechkeet kréien, sech ouni gréisseren administrativen Opwand impfen ze loossen.

Genau wéi am Impfzenter an der Victor Hugo Hal um Lampertsbierg, ass et och an dëse béiden Impfzentere méiglech sech spontan an ouni Rendez-vous impfen ze loossen. Vum 16. Oktober u sinn d'Zenteren zu folgenden Zäiten op:

  • Méindes: 13:00 - 19:00 Auer
  • Dënschdes bis Freides: 07:00 - 19:00 Auer
  • Samschdes: 07:00 - 13:00 Auer

Fir eventuell Waardezäiten ze vermeiden, besteet och d'Méiglechkeet am Virfeld ee Rendez-vous op www.impfen.lu ze huelen. Dir musst hei Är Matricule uginn. Den Datum vum 2. Rendez-vous gëtt der betraffener Persoun bei hirer éischter Visitt am Impfzenter matgedeelt.

Persounen, déi virum 16. November hir éischt Dosis kréien, ginn no engem Zäitraum vu 4 Wochen erëm am selwechten Impfzenter fir d'zweet geimpft. Persounen, déi hir éischt Dosis nom 16. November kréien, kënne fir déi zweet Dosis entweder an d'Victor Hugo Hal oder an eng vun den Dokteschpraxisse goen, déi un der Impfcampagne deelhuelen (cf. Lëscht op https://covid19.public.lu/lb/impfung/rendez-vous-huelen.html).

Impfzenter Esch/Belval:

Maison des matériaux / Bâtiment Nord

30, avenue des Hauts-Fourneaux

L-4365 Esch-Uelzecht

Impfzenter Ettelbréck

Sportshal CHNP

Rue du Deich

L-9012 Ettelbruck

Et sief nach drun erënnert, dass déi nächst Rendez-vouse vum "Impf-Bus on tour" op der Säit www.covidvaccination.lu matgedeelt ginn.

Communiqué vum Gesondheetsministère

Aktualiséiert