Dernière modification le
Le ministre des Affaires étrangères, Jean Asselborn, au sujet de la situation en Serbie
Frank Kuffer: De lëtzebuerger Ausseminister ass haut zu Bréissel fir ee Conseil vun den Ausseministeren an do si mir elo live mat him verbonnen. Gudde Moien, Här Asselborn.
Jean Asselborn: Gudde Moien, Här Kuffer.
Frank Kuffer: Wéi ee Gefill hutt Dir dann no deene Gespréicher mam Här Dacic? Seng Partei, muss ee vläicht eng Kéier soen, ass déi vum fréiere President Slobodan Milosevic. Ass hee bereet eng pro-europäisch Regierung an de President Tadic ze ënnerstëtzen? An zu wat fir engem Präis?
Jean Asselborn: Also et ass esou, datt dat effektiv d’fréier Partei vum Här Milosevic ass an Dir wësst, dofir kann een net ganz vill Respekt hunn. Mä et ass eng Partei wou op jiddwer Fall de President, dat huet sech esou ugehéiert, wëll an d’Zukunft kucken, e wëll aus där Vergaangenheet do erauskommen an dofir ass ee Kontakt hiergestallt gi mat der Sozialistescher Internationaler. Ech hunn dann zu Athen d’europäesch Sozialdemokratie vertrueden, fir ze kucken ob et eng Chance gëtt fir dem President Tadic ze hëllefen eng pro-europäesch Koalitioun dann op d’Been ze kréien.
Dir hutt Recht, datt dat immens, immens schwéier ass. Déi Wieler vun där Dacic-Partei, déi haten een Haaptgéigner, dat war de President Tadic. Et si 60 bis 70% géif ech soe déi konservativ-nationalistesch ausgeriicht sinn vun deene Wieler.
Dat Zweet dat ass, a Serbien, dat ass e wéineg entgéint deem wat mir kennen an eiser politescher Kultur, gëtt op zwou Schinne verhandelt, engersäits op där nationalistescher Schinn, also Nikolic-Kostunica-Dacic an dann op där anerer Säit eben Tadic mat Dacic. Watfir eng Chancë bestinn, dat ass schwéier ze soen. Och wann et nëmmen 1% Chance géif ginn, da muss Europa sech do asetzen. Virun allem och ass hei jo déi sozialdemokratesch Famill ass gefuerdert. Dir wësst Europa ka net mat politesche Famillje Kontakt ophuelen. Den Här Kostunica dee war Member vun der EVP, mä Dir wësst, datt awer trotzdem an de leschte Joren a Méint eng Partei ginn ass déi komplett anti-europäesch ausgeriicht ass an et muss een elo kucke wat fir Chancë bestinn. Ech géif soen 30% vläicht fir eng Koalitioun tëscht dem President Tadic an eben deem Dacic do.
Frank Kuffer: Wann dat sollt eppes ginn, d’Sozialisten déi stellen awer och do Konditiounen, de Staat misst zum Beispill majoritaire bleiwen an deenen Entreprisen déi privatiséiert ginn, d’Famill vum Slobodan Milosevic misst rehabilitéitert ginn an, vläicht dat Wichtegst am Kontakt mat der EU, d’Kosovofro misst nei diskutéiert ginn. Ass dat dann denkbar?
Jean Asselborn: Jo, also mir mussen elo do wëssen, datt ee selbstverständlech nëmme ka resultatorientéiert sinn. Dat wat zielt herno ass, wann et géif zu enger Koalitioun kommen tëscht dem President Tadic an deem Dacic, dat ass d’Resultat vun deem Koalitiounsofkommes. Ech gesinn zwee positiv Punkten, dat ass, datt den Här Dacic seet, e kéint deen Associatiouns- a Stabilisatiounsaccord ënnerschreiwen an do steeet ganz vill dran, och zum Beispill iwwert d’Zesummenaarbecht mat dem Tribunal zu Den Haag.
Dat Zweet dat ass, Kosovo, selbstverständlech egal wéi d’Regierung ausgesäit a Serbien, dat bleift fir déi nächst, géif ech soen, zwee, dräi Joer ee ganz ganz grousse Problem. Dat gëtt net geléist an zwee Méint. Do kann een nëmmen de Geescht änneren, d’Approche änneren a Serbien zum Kosovo, fir kënnen zu engem Resultat ze kommen, mä Dir musst awer gesinn, datt nëmmen 3 Méint no der Onfohängegkeetserklärung vum Kosovo d’Leit a Serbien dem President Tadic ee ganz ganz grousst Vertraue geschenkt hunn. Et si praktesch 38% vun de Wieler déi sinn op senger Linn, déi wëllen also proeuropäesch orientéiert sinn. An ech mengen och den Dacic, dee weess dat ganz genee, datt d’Zukunft manner beim Nikolic a beim Kostunica läit, also manner orientéiert ass op dat Nationalistescht, mä vill méi op dat Europäescht. Ech mengen do muss een usetzen, och als Sozialdemokraten alles maache wat méiglech ass ,fir dee Push ze ginn.
Frank Kuffer: Här Asselborn, Merci op Bréissel fir dës Präzisiounen de Moien.
Jean Asselborn: Merci och.