Le ministre Romain Schneider invité de l'émission Riicht eraus

Sophie Morang: Viru gutt 2 Méint gouft Dir als Minister vereedegt. Esou als éischte Bilan, ass de Ministeschjob méi stresseg wéi Dir geduecht hat?

Romain Schneider: En ass net méi stresseg, ech mengen et ass een aneren Job, wéi deen deen ech hat als Buergermeeschter, respektiv als Député-Maire. Et ass een Job wou ee ganz vill an der Ëffentlechkeet, wou effektiv d'Themen och ganz schnell kënne kommen, wou ee muss drop reagéieren, mä ech war mir bewosst, datt et wierklech och eng Aufgab wier, wou ee politesch wierklech gefuerdert wier a wou een och zäitopwenneg muss schaffen, mä ech mengen dat sinn ech gewinnt an domat kann ech liewen.

Sophie Morang: Wat sinn dann awer d'Differenzen tëscht dem Buergermeeschterposten, deen Dir elo eng Partie Joere gemaach hutt an eben dem Ministeschposten?

Romain Schneider: Bon ech mengen et ass esou, datt Dir als Buergermeeschter effektiv 24 Stonnen op 24 Stonne gefuerdert sidd direkt mam Bierger, wou effektiv Problemer zu all Moment kënnen optauchen an déi Dir virun allem da kënnt séier och gréisstendeels léisen. Doniewent als Minister, mengen ech, ass et éischter eng Politik vun der Regierung déi ee vertrëtt, déi meeschtens och op legislativem Wee muss ëmgesat ginn, wou een also éischter muss haut plangen a legifizéieren, fir dann herno kënnen d'Erfolger, d'Resultater eigentlech ze gesinn.

Sophie Morang: A wéi schwéier ass et Iech dann do gefall, dee Buergermeeschteschposten do ofzeginn?

Romain Schneider: Een dee mech kennt, dee weess, datt ech ee Wëlzer sinn, an datt all meng Generatiounen, meng Elteren, meng Grousseltere vu Wolz kommen, dee weess, datt ech u Wolz hänken an datt ech och un deem Buergermeeschtertitel do hänken, net um Titel alleng, mä um Job selwer. Ech hunn dat mat Häerz ëmmer gäre gemaach. Ech mengen d'Leit hunn dat och esou gesinn, well ech och wierklech zweemol massiv erëmgewielt gouf, esouwuel als Deputéierten, wéi och als Buergermeeschter. An et huet mer schwéiergefall fir opzehalen, mä ech hunn awer och gesinn, datt eng flott Relève do wier a virun allem dat huet mir Satisfaktioun ginn, datt et géif virugoen, datt et géing um richtege Wee virugoen.

Sophie Morang: Dir sidd also d'Affer vun Ärem eegene Succès ginn?

Romain Schneider: Esou kann ee soen. Wann ee Politik mécht an et setzt ee sech verschidden Ziler – ech hat mir dat hei sécher net als Zil gesat, wéi ech an d'Chamberwahle gaange sinn. Ech hat mir do ganz kloer als Zil gesat mat enger flotter Equipe vun der LSAP am Norden een zweete Sëtz ze maachen, fir eis am Norden ze hëllefen als Sozialisten, awer och der Partei ze hëllefen, gestäerkt an déi nächst Regierung ze goen an derniewent natierlech selwer erëmgewielt ze ginn. Dat läit selbstverständlech och op der Hand, do dierf een dat net niéieren. Mä datt et esou koum an datt ech effektiv d'Chance kritt hu vun der Partei, déi dës Kéier gesot huet, mir wëllen eis Partei op 4 Bee stellen, mir wëllen an alle Bezierker vertruede sinn, dat war iwwerraschend, et war awer flott esou an et ass fir mech déi richteg Entscheedung och vun der Partei.

Sophie Morang: Elo sidd Dir Landwirtschaftsminister, dat ass eigentlech Ären Haaptministère, nieft dem Sport. Mä de Landwirtschaftsministère, ass dat eigentlech dee Ressort vun deem Dir virun e puer Méint scho gedreemt hutt, wann Dir gedreemt hutt, Dir géift Minister ginn?

Romain Schneider: Ech sinn do ëmmer ganz éierlech, sécher net. Ech mengen et ass ganz kloer, datt wann een iergendwann gefrot gëtt, wat si Ministèren déi ee gäre mécht, déi een direkt mécht, anerer déi een och gäre mécht an anerer déi een iwwerhaapt net wëll maachen, esou war dee vun der Landwirtschaft deen an der Mëtt, wou ech gesot hunn, dat ass ee wou ech mech auskennen, wou ech éischtens vum Land selwer kommen, wou ech d'Problematik vun den Acteure vum Terrain kennen. Och d'Matière wat d’Législatioun betrëfft kennen ech, well ech Vizepresident vun der Agrarkommissioun 5 Joer laang war, ënnert dem President Marcel Oberweis, wou mir op ganz vill flott Dossiere geschafft hunn. An op där anerer Säit hat ech sécher aner Ministèrë wou ech direkt nach méi dra gewiescht wier, dat war mat Sécherheet dee vum Travail, wou ech erauskommen, wou ech jo awer ëmmerhin bal 22 Joer bei der ADEM geschafft hunn als Préposé, wou ech also gesinn hu wat géing lafen. Mä et ass och vläicht grad esou gutt, et ass een deen éischtens net direkt aus dem Secteur kënnt, deen een anere Ministère iwwerhëlt, wéi am Travail zum Beispill, wou ech fannen, datt deen neie Minister, den Nico Schmit eng exzellent Aarbecht mécht, strukturell elo virun allem mol, wou en d'Saach nei wëll beliewen, nei wëll opbauen. An ech mengen ech fille mech och wuel elo an der Tëschenzäit am Agrarministère.

Sophie Morang: Mä bei der Regierungsbildung war d'Rumeur gaangen, Dir géift den Aarbechtsministère kréien. Hat Dir dann Interessen an deem Sënn ausgedréckt.

Romain Schneider: Also ech hat sécher, wéi ech gefrot gouf, wat wieren deng Prioritéiten oder wat kéinst du dir virstellen an enger Regierung ze maachen, war den Travail mat un der Spëtzt fir dat ze nennen. Ech muss awer och soen, datt ee Ministère wéi d'Agriculture, wou ech jo net wousst, datt mir dee géinge kréien och vun der CSV, mat Sécherheet och ee war, wou ech gesot hunn, deen do sinn ech och capabel ze maachen.

Sophie Morang: Wat fir een hätt Dir da guer net gewollt?

Romain Schneider: Also een deen ech net gewollt hätt, well ech kee Jurist sinn, ass d'Justiz, mat Sécherheet, well ech mech einfach do net erëmfonnt hätt.

Sophie Morang: Bon, deen hutt Dir jo och net kritt. Bei der Regierungsbildung gouf eigentlech mat Erstaune festgestallt, datt d'CSV d'Landwirtschaft un d'LSAP ofginn hunn. Wollt d'CSV sech engem Secteur, deen am Moment e bëssen an der Kris ass, lassmaachen?

Romain Schneider: Ech mengen net, well wann ee gesäit wéi d'Regierung eigentlech och voll hannert deenen neie Mesuren déi mir elo geholl hunn an deem ganzen Agrarsecteur steet, esou ass dat eng ganz Regierung, déi besteet aus enger CSV an enger LSAP. Mir hunn zesummen ee Koalitiounsprogramm opgestallt, deen eigentlech och deem Rechnung dréit, deen eigentlech eng Continuitéit am Agrarsecteur duerstellt. Ech mengen et war vläicht esou, datt een des Kéier och gesot huet, et soll een effektiv verschidde Ministèren, wéi den Travail, wéi d'Agriculture, déi jo och ee gréissere soziale Volet hunn, muss ech ëmmer erëm soen, och hei hänken eng ganz Rei, Honnerte vun Aarbechtsplazen hannendrun, niewent deenen Indépendanten déi do sinn, da sinn et der Dausenden déi dann drunhänken, dofir mengen ech ass et och vläicht säitens vun der CSV esou gewiescht, datt si d'Saach am Kontext vun der ganzer Regierung gesinn hunn an eigentlech gesinn hunn, wou kënne mir Leit fannen, wou kënne mir nei Mouvementer fannen, datt vläicht neie Wand a verschidde Saachen erakënnt.

Sophie Morang: Wat mécht dann een LSAP Landwirtschaftsminister anescht wéi ee vun der CSV?

Romain Schneider: Ech mengen no 2 – 3 Méint ass dat elo vläicht schwéier soen, mä mat Sécherheet wäert an Zukunft bei mir och de Volet duerchdréngen, datt mir kucken eng sozial verträglech Landwirtschaft ze maachen, dat heescht, datt mir e bëssen op dat higinn, datt mir eigentlech déi Produkter déi erzeugt ginn, datt een effektiv och de Wäert vill méi drop leet. An datt och en aanere Volet, och ee vun menge Ressorten, d’Economie solidaire, eigentlech och e bëssen dat ass wat hei mat eragräift, datt ee kuckt, datt och Wäerter vu Baueren, wann een elo seet, si erzeugen ee Produkt, doniewent si si awer och den Haaptacteur iwwer Jorzéngte gewiescht a sinn et haut nach, déi eis Landschaft fleegen, wou eigentlech direkt, obschonn kënnt Dir soen, si kréie Primen dofir fir dat ze maachen zum Deel, mä a sech brauche mir si och einfach. Dat ass vläicht d'Ausriichtung déi ech an Zukunft maachen, wou vläicht méi pousséiert nach ka säitens vu mir aus goen.

Sophie Morang: D'CSV ass awer nach ganz interesséiert, well si hu sech dës Woch an där Kris do ronderëm d'Mëllechbaueren zu Wuert gemellt an eng Orientéierungsdébatt iwwert d'Landwirtschaft an der Chamber gefuerdert. Wéini kann déi Debatte sinn a wat ka si bréngen?

Romain Schneider: Also déi Debatte, dat hunn ech och der Chamber geäntwert, soll esou séier wéi méiglech stattfannen. Grad elo musse mir driwwer diskutéieren a wa mir wëllen den 19. Oktober hei zu Lëtzebuerg den Agrarconseil hunn, da wier et flott wann ee vun der Chamber, vun de Membere vun eiser Chamber hei zu Lëtzebuerg och Orientéierungen hätt an Iddien hätt, déi effektiv Lëtzebuerg gesinn. Ech si ganz gär bereet, wann Iddien op d'Tapéit kommen, déi och z'iwwerdenken an déi och mat an d'Diskussioun mat deenen aneren europäeschen Agrarministeren mat eranzebréngen.

Sophie Morang: Dir sidd jo elo do gefuerdert am Sträit ronderëm de Mëllechpräis, do ass jo de 5. Oktober elo een extraordinairen EU-Agrarconseil ageruff ginn. Wäerten d'Mëllechbaueren do Satisfaktioun kënne kréien?

Romain Schneider: Also de 5. Oktober ass een Datum deen ëmmer erëm dorëmmer gesot gëtt an zitéiert gëtt [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: An deen ass net richteg?

Romain Schneider: Dat weess ech net, ob en net richteg ass, deen ass de Moment an der Schwief, dee gëtt effektiv de Moment diskutéiert ob et de 5.Oktober ass oder ob effektiv de Conseil vum 19. no vir geluecht gëtt, vläicht den 11. hei zu Lëtzebuerg. Do sinn nach Pourparleren déi lafen, zwëschent der Kommissioun a virun allem och der Présidence, déi do am gaange sinn ze lafen. Ech menge mir sinn alleguerte prett fir de 5. Oktober matenee kënnen ze schwätzen, wou dat ass, ob dat elo zu Lëtzebuerg ass oder zu Bréissel, ob dat formell ass oder informell, dat muss ee kucken, an ob effektiv dee Moment d'Kommissioun prett ass fir déi Dokumenter, déi Neiausriichtungen och wierklech an enger Form eriwwer ze ginn, wou ee wierklech sérieux kann driwwer debattéiren ob dat och Pistë solle sinn. Et huet kee Wäert, datt mir ee Conseil maache wou näischt erauskënnt dobäi. Wa mir ee Conseil maachen, da musse mir och kloer kënne soen, hei sinn nei Pisten déi opgezeechent ginn.

Sophie Morang: Dat heescht et geet drëm de Bauere Satisfaktioun ze ginn?

Romain Schneider: Et geet net drëm de Bauere Satisfaktioun ze ginn, et geet drëm de Baueren ze hëllefen, datt si déi schwiereg Zäit éischtens iwwerbrécken an zweetens och Perspektive ginn, respketiv hinnen Confiance erëmzeginn, datt si och wierklech gesinn, datt d'Kommissioun an och d'lëtzebuerger Regierung an deem Moment an enger Linn sinn, wéi mir an Zukunft kënnen eng Landwirtschaft opbauen, déi och wierklech nohalteg ka bleiwen an déi och wichteg ass fir eist Land.

Sophie Morang: Mä wat ka Lëtzebuerg dann u sech ouni d'EU konkret maachen, fir senge Baueren ze hëllefen? D'lescht Woch goufen déi direkt finanziell Hëllefen decidéiert. Dat geet de Baueren u sech awer net wäit genuch, si hätten ebe gären eng Reform vum ganze Maart.

Romain Schneider: Et muss een oppasse wann ee vu Bauere generell schwätzt. Et ass jo esou, wéi Dir richteg gesot hutt, datt mir zu Lëtzebuerg eng Rei national Mesurë geholl hunn, fir de Mëllechbaueren direkt, awer och een Deel dovun der ganzer Landwirtschaft eng Hand unzepaken an där schwiereger Zäit vun der Crise économique generell, déi och d'Landwirtschaft erreecht huet, ze hëllefen. Mir kënnen herno op déi Mesuren agoen, wann Dir wëllt. Dat sinn éichter technescher, mä et sinn der awer déi wierklech och an der Somme sech summéieren, déi awer bal esou ronn gerechent 2,5 Milliounen Euro bedroen, wou mir direkt elo Hëllefe kënne ginn, niewent deene Primen an all deene Saachen déi ausbezuelt ginn, déi mir no vir gezunn hunn, fir de Baueren ze hëllefen a verschiddenen Perioden, virun allem elo am Hierscht Liquiditéitsproblemer ze léisen, och beim Remboursement vun de Prêten.

An dann op där anerer Säit hu mir een Deel vun deene Baueren, dat heescht déi sech och an deene ganzen europäesche Mouvementer mat ageschloss hunn, déi éischter higinn a soen, mir brauche längerfristeg eng Decisioun, fir datt mir ee Mëllechpräis kréien dee relativ stabel ass, dee mir selwer kënne mat regléieren esouzesoen, wou mir och, wéi gesot gëtt, an enger Monitoringstell stinn, fir dat mat kënnen ze diskutéieren, wou mir doniewent also eng Aart Flexibilitéit drakréien. Dat ass jo e bëssen dat wat si uschwätzen, wou awer, also wéi et de Moment steet, d'Kommissioun et schwéier gesäit wéi déi Flexibilitéit anzeféieren ass. Well et ass elo eben nun mol esou, dat gouf och méi dacks gesot, eng Kou ass elo net eng Maschinn, wou einfach dann an deem Moment zoudréint an da kënnt näischt méi. Eng Kou ass ee Liewewesen dat fonctionnéiert, dat Mëllech gëtt an dat kann een net vun engem Dag op deen aneren drosselen, dat geet einfach net. Dat wier einfach wann et esou wier. An dofir muss een och déi spezifesch Situatioun vun dësem Beräich esou unerkennen.

Sophie Morang: Mä et ass jo dann e bëssen eng Sakgaass. Wéi kënnt een dann eraus?

Romain Schneider: Bon ech mengen et muss een erauskommen, datt een dat wat ugeduecht ass, wat eigentlech och mam Healthcheck vun der PAC koum, wou gesot gouf, ab 2015 losse mir effektiv d'Quoten ausloossen. Doropshin huet hei zu Lëtzebuerg d'Landwirtschaft sech dorop agestallt. Mir hu gekuckt, datt mir d'Betriber moderniséiert hunn, datt d'Formatioun vun de Betriber gutt gouf, datt eigentlech virun allem d'Jongbaueren dorop getrimmt goufen, enger Politik nozegoen déi d'Zukunft wier an dofir ass et jo ëmsou schwéier elo bemol erëm Zickzack ze fueren.

Ech mengen dofir muss ee kucken, datt een ee Konsens fënnt an dat ass d'Kommissioun mengen ech och am gaang ze maachen, well si eben och den Drock verstinn deen och richtegerweis kënnt, well d'Situatioun ass effektiv net ohne, wéi se de Moment, wat d'Präisser ubetrëfft, ass. Dofir mengen ech ass et wichteg, datt een do esou ee Mëttel fënnt de Moment, fir déi dote schwéier Phase z'iwwerbrécken, ouni awer déi ganz Strategie iwwer Bord ze geheien.

Sophie Morang: Virun enger Woch hat Dir eng Entrevue mat de Mëllechbaueren wou Dir hinnen och kloer gemaach hutt, datt Dir et net géingt an der Rei fannen, datt si Mëllech géifen ausschëdden. D'Bauere soen, mir maachen et och net gär, mä eis Mëllech ass eben näischt méi wäert. Dat ass jo awer eng Verzweiwelung einfach vun deene Leit.

Romain Schneider: Dat ass richteg. Et ass eng Verzweiwelung, ech mengen ech hunn hinnen awer och kloer gemaach, esou wéi iwwregens och vill Baueren net der Meenung sinn, datt ee Mëllech soll ausschëdden. Ech mengen et ass schonn esou, datt virun allem déi déi gestreikt hunn an déi och massiv präsent waren, datt déi direkt déi do Aktioun gemaach hunn, datt dat eng Verzweiwelungsdot war. An ech muss soen, fir mech war och ergräifend, datt bei där Entrevue déi mir haten enger Rei vun deenen d'Tréinen an den Aen haten, wéi si gesot hunn, mir hunn dat misse maachen. Dat ass een Impuls deen ee mat eriwwer kritt, an dat hëllt een och net einfach esou als Mënsch hinn, well ech och selwer vum Land kommen a weess wéivill Aarbecht hannendru stécht, fir do ee Liter Mëllech iwwerhaapt ze sträichen, war dat do eng Verzweiwelungsdot, fir eng vun hiren Haapterzeugnisser dat si iwwer Méint, iwwer Joren erwirtschaft hunn esouzesoen auszeschëdden. Ech wollt hinnen einfach eriwwer ginn awer, datt, géing ech mengen et gutt wier wann een och d'Opinion publique géing hannendru behalen, well déi de Moment ganz kloer hannert de Bauere stinn. Mä et soll een duerch esou eng Aktiounen, wou een effektiv nahrhaft Material ausschëtt, net einfach liichtfankeg op d'Spill setzen.

Sophie Morang: Mä kann een dat dann esou soen, datt u sech d'Beamten hei zu Lëtzebuerg, europäescher, d'Situatioun vun de Baueren net gutt genuch kennen, datt esou eng Politik am Büro gemaach gëtt an um Terrain ass et einfach ganz anescht?

Romain Schneider: Ech géing net mengen, datt déi Politik am Büro gemaach gëtt, well wann ee gesäit, wéi zum Beispill hei zu Lëtzebuerg, do hunn ech mech jo och missen eraschaffen an och e bësschen déi ganz Entwécklung vun de Quoten nach eng Kéier noliesen. A wann ee gesäit och wéi déi Decisioun an d’Positioun vu Lëtzebuerg och hei zu Lëtzebuerg diskutéiert gouf, mat deenen eenzelnen Organisatiounen am Secteur, do mengen ech schonn, datt hei am Virfeld vun deenen Decisiounen ëmmer Diskussioune mam Secteur gelaf sinn an och déi dote Richtungen eigentlech ëmmer erauskoumen an der Diskussioun. An och elo mengen ech, ass et jo net esou, d'Regierung op jidde Fall net, ech mengen dat ka keen dobausse soen, ech hat am Summer mat allen Organisatioune mech gesinn eenzel, ech hu mech zweemol gesi mat enger grousser Ronn, wou ech all d'Acteure vum Secteur, net nëmmen d'Gewerkschaft, mä och all déi déi mam Secteur ze dinn hunn, geruff hat, fir iwwert d'Problematik ze schwätzen. Also d'Regierung hei zu Lëtzebuerg, d'Politik hei zu Lëtzebuerg ass selbstverständlech no bei de Baueren, bei den Acteuren. An och op europäeschem Niveau gëtt jo awer och ëmmer erëm gekuckt Kontakter hierzestellen, fir Léisungen ze fannen.

Mä déi Léisunge sinn net esou einfach, well Dir am Prinzip hei elo ee Phénomen fannt vun zwou Saachen déi erakommen: éischtens mat Sécherheet ass de Moment eng Iwwerproduktioun do bemol entstanen. Firwat ass se entstanen? Dat ass d'Fro jo, well op där anerer Säit och all déi Mäert déi eigentlech ausgeriicht waren, wou sollte grouss Ofname sinn, sech net esou entwéckelt hunn. An da kënnt dobäi, wat een och net soll ënnerschätzen, d'Kris. D'Kris ass esou, datt effektiv op verschiddene Plaze manner consomméiert gëtt, an dat ass leider esou, datt op deene Güter einfach manner erauskënnt de Moment, datt effektiv déi 3 Saache matenee gefall sinn, datt et dann eben och zu der Baisse vun deene Präisser koum.

Sophie Morang: Wa mir um Agrarconseil keng Satisfaktioun kréien, da gëtt de Streik verstäerkt, dat hunn d'Baueren europawäit ugekënnegt. Ass dann deen Ament ze fäerten, datt iergendwann net méi genuch Mëllech ofgeliwwert gëtt fir d'Demande z'erfëllen?

Romain Schneider: Bon dat muss ee kucken. Dat géing jo dann dozou féieren, datt d'Präisser géingen an d'Lut goen. Esou einfach ass et jo, obwuel et net an der Praxis vläicht esou geet. Mä dat féiert jo dozou, wa manner Mëllech um Maart ass da ginn d'Präisser mat Sécherheet erop. Dat mengen ech soll awer elo net d'Léisung sinn. Well et kann jo net sinn, datt d'Baueren elo all Kéiers streiken an da ginn hir Präisser erop. Nee ech mengen et muss ee carrément esou verfueren, datt een déi ganz Geschicht elo mat viru suivéiert an datt mir da kucke wéi déi Entwécklung virugeet.

Sophie Morang: De ganze Sträit a souwisou och déi ganz Evolutioun zanter Joren encouragéiert jo net onbedéngt Jonker an de Beruff eranzegoen. Dir hutt zwar gesot, do gouf an der Vergaangenheet probéiert, trotzdem e bësse Jonker awer z'encouragéieren, mä et ass eigentlech net den Trend.

Romain Schneider: Jein, et muss ee soen, datt een an der Praxis gesäit, dat gesi mir am Minisère och, an de Verwaltungen och, datt awer eng Rei Leit erëm kucke sech fir de Beruff z'interesséieren – wat ee flotte Beruff ass, wou een effektiv och selbststänneg kann zesumme mat Déieren awer och zesummen an der Natur schaffen – dass schonn eng Rei Leit, déi virun allem an dëser Situatioun esou ee Beruff wielen. Wat d'Jugend betrëfft, esou hunn ech virun allem mat deene Kontakter déi ech mat de Jugendorganisatiounen hat ee super Elan do gespuert, ee superen Driff einfach fir eppes ze realiséieren hei a fir och eng Hand mat unzepaken. An deem Sënn mengen ech ass och do begréisst ginn, datt mir och vill méi an Zukunft och op Formatioun, op exzellent Formatioun setzen. Do gëtt begréisst, datt mir de Lycée agricole, datt deen nei gebaut gëtt, dat dee modern gebaut gëtt. Wou mir eng Schoul hunn, déi och mat der Zäit matgeet, wou wierklech eng ganz fott Direktioun ass, déi och nei Projete mécht, déi eigentlech och méi professionnel, awer och méi technesch ausgeriicht un déi Jugendlech erugeet.

An deem Sënn mengen ech schonn, datt Hoffnung do ass, datt mir Jonker fannen, déi do mat aklammen, déi vläicht e bësse méi organiséiert dat kënne maachen, méi encadréiert sinn, mä ech gesi schonn, datt do och eng Nisch ass fir weider ze kommen. Wou ee jo och vläicht muss domat bedenken, datt d'Landwirtschaft mat Sécherheet an Zukunft nei Nische muss opbauen, déi mir och am gaange sinn opzebauen, mat zum Beispill erneierbaren Energien, wou Secteure kënnen opgoe mat Biolandwirtschaft, wou de Moment jo och pousséiert gëtt, säitens vun der Regierung, an an an. Et si mat Sécherheet nei Secteuren ze fannen.

Sophie Morang: Mir hu grad d'Biolandwirtschaft ugeschwat, do gëtt et Potential, gëtt ëmmer erëm gesot. Mä ass dat effektiv d'Zukunft oder ginn et awer och do Limiten?

Romain Schneider: Also et muss ee jo, wann een dobaussen d'Situatioun kuckt, muss ee soen datt de Konsument de Moment dat freet an et gesäit een an alle Secteuren, do wou dat gemaach gouf, datt effektiv eng Nofro ass fir Bioprodukter ze kréien. Ech mengen et muss een am Ufank elo mol, ier dat och richteg voll gegraff huet, eng gutt Mëschung fannen zwëschen engersäits traditioneller Landwirtschaft a Biolandwirtschaft. A wann een dat propper opbaut an et baut een et och konstruktiv op, an enger flotter progressiver Schinn, da mengen ech, dann ass dat schonn eng Zukunft déi och kann a verschiddene Beräicher realiséiert ginn.

Sophie Morang: Et ass awer schwéier fir ee konventionelle Bauer sech ëmzestellen op de Biolandbau?

Romain Schneider: Jo sécher, dobäi brauch e ganz vill Berodung an déi Berodung gi mir him jo och, déi finanziell Hëllefen, dat ass een Deel nëmmen dovun, mä d'Berodung virun allem, dat ass fir mech dat Wichtegst am Moment.

Sophie Morang: Mä fir ee Jonken, Dir hutt gesot, et sinn trotzdem vill Jonker déi interesséiert sinn, dat sinn awer ëmmer nëmme Leit déi ee Familljebetrib iwwerhuelen, well bei null ufänken ass awer onméiglech?

Romain Schneider: Jo dat as richteg, de Beruff Bauer muss am Gen schonn e bëssen draleien, dat ass ganz kloer, et muss ee schonn e bëssen domat vertraut sinn, fir dat kënnen ze maachen, soss geet et net.

Sophie Morang: Trotzdem awer, wann ee kuckt virun egen 30 Joer, goufen et zu Lëtzebuerg nach duebel esou vill Betriber wéi haut. Den Trend geet also hin zu méi grousse Betriber?

Romain Schneider: Jo ech mengen dat ass kloer, datt den Trend zu méi grousse Betriber geet. An der Tëschenzäit ass et och esou, datt mir hei zu Lëtzebuerg eigentlech schonn déi Gréisst vu Betriber ufänken ze hunn wéi et an Zukunft och soll lafen, wou effektiv dann och nach wirtschaftlech ka korrekt geschafft ginn. Ech mengen do si mir zanter Joren och an engem Opbau, och mat mengen Virgänger hu mir do een Opbau gehat, fir effektiv déi Lëtzebuerger Landwirtschaft op déi nei Défie vun dësem Jorhonnert opzestellen. Ech mengen dat ass net nëmmen am Beräich vun der Landwirtschaft esou, dat ass an der ganzer Economie esou a selbstverständlech ass d'Landwirtschaft och een Deel vun dëser Economie.

Sophie Morang: Mä et ass ee Beruff mat Zukunft, sot Dir?

Romain Schneider: Fir mech ass et ee Beruff mat Zukunft, an enger gudder Nischepolitik, gutt forméiert a gutt encadréiert ass et mat Sécherheet ee Beruff dee mir och hei zu Lëtzebuerg brauchen. Well ech stelle mir ëmmer erëm vir, wéi géinge mir hei zu Lëtzebuerg, net nëmme wat d'Erzeuge vun de Produkter ubetrëfft, déi mir jo och brauchen – mir brauche gutt an héichwäerteg Produkter, wéi Mëllech, wéi Kéis an esou weider, mä virun allem och Uebst, dat ganzt Uebst, d'Geméis an esou weider, alles dat brauch een hei zu Lëtzebuerg – mee och d'Fleeg vun der Landschaft mengen ech, kann ech mir net virstelle wa mir eis Baueren net méi hätten.

Sophie Morang: De Mëllechsecteur ass deen deen den Ament e bëssen an der Aktualitéit ass. Wat si weider Dossieren déi Iech um Häerz leien?

Romain Schneider: An der Landwirtschaft?

Sophie Morang: An der Landwirtschaft.

Romain Schneider: An der Landwirtschaft selwer, ass et éischtens d'Zukunft, dat heescht et ass virun allem d'Formatioun déi mir um Häerz läit, ee gutt Opstelle vun eisem neie Lycée agricole zu Gilsdorf, deen elo wäert do entstoen.

Zweetens mengen ech ass et wichteg och, datt mir viruschaffen an deem ganze Beräich vum Développement rural, dat heescht eigentlech d'Dierfer virun erneieren, nei Iddien och an d'Dierfer erabréngen. Hei ass och ee ganz flotten Trend, dee leeft och iwwert déi eenzel Leaderregiounen déi bestinn, an déi sech elo nach ausweiten an hei kann een eng ganz flott Plattform schafen, fir eigentlech déi Verbindung ze kréien, och vun den Iddien vun deenen engen a vun deenen aneren, esou e bëssen eng ländlech Cohésion sociale déi eigentlech entsteet tëschent de Bierger, och mat der Integratioun, an dat ass och ee vun deene groussen Défien déi ech an dësem Beräich hunn.

An doniewent, wësst Dir jo och, datt ech nach Minister vum Wäinbau sinn an och hei mengen ech geet et och viru fir eis Musel exzellent no baussen ze verkafen, eng gutt Promotioun fir eis Musel ze maachen, een héichwäertegt Produkt vum Wäin a Crémant an esou weider, datt mir dat och richteg gutt no bausse verkafen. Well och do huet Lëtzebuerg eng ganz flott Etiquette.

Sophie Morang: Dat heescht, dat ass och een Dossier deen Iech elo grad den Ament mat der Drauwelies nach méi beschäftegt?

Romain Schneider: Jo ech mengen dat ass een Dossier deen ech e bësse méi nei erliewen [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Well Dir aus dem Norde sidd?

Romain Schneider: … a wou ech schon déi richteg flott Saache gesinn hunn, wat d'Wäifester ugeet, wou ee gesäit, datt dat eng ganz flott Ambiance gëtt, mä datt een derniewent awer och gesäit, datt och hei an deem Secteur ganz vill Problemer unzepake sinn, datt och hei ganz vill strukturéiert muss ginn a wou een och zesumme muss kucken an eng Richtung do ze schaffen, fir och hei eng flott Promotioun vum Lëtzebuerger Wäin ze maachen.

Sophie Morang: Och Nowuesproblemer?

Romain Schneider: Ech mengen et ass hei net aneschters wéi bei der Landwirtschaft, hei hu mir ähnlech Symptomer déi kommen.

Sophie Morang: Nach eng Fro un Iech, och als Landwirtschaftsminister, Dir hutt elo an deene vergaangenen Deeg a Wochen déi verschidden Organisatioune gesinn déi et gi bei de Baueren, ginn et do eigentlech Ënnerscheeder, och elo par rapport zu Iech, engem LSAP-Minister? Et gouf ëmmer gesot d'Bauerenzentral ass éischter CSV, schwätze mir e bësse schematesch, beim FLB war de Roby Mehlen, ADR, laang President an de Camille Schroeder vun der Bauerenallianz war mol bei der DP. Ginn net do Ënnerscheeder?

Romain Schneider: Nee ech menge wat den Traitement vum Minister ubetrëfft, muss ech soen, datt ech vun allen 3, respektiv wann den LDB dobäi ass, alle 4 eigentlech ganz korrekt opgeholl gouf. Ech krut wierklech eng Chance mech an d’Dossieren eranzeschaffen, ech krut eng Chance mat hinnen iwwert déi Dossieren ze diskutéieren an de Moment hu mir och ee ganz gudden Echange a mir gesinn eis regelméisseg, mir informéieren eis regelméisseg, an ech hoffen, datt mir op där heiter Basis och kënne viruschaffen.

Sophie Morang: Et geet dann éischter ëm d'Saach do wéi ëm méiglech Differenzen?

Romain Schneider: Also bis elo, wéi ech et emfannen, an där Saach wou mir elo virun allem diskutéiert hunn, dat war d'Mëllechproblematik, ass et ëm d'Saach gaangen.

Sophie Morang: Ok, domatter si mir kuerz virun halwer eng. Domatter ass et Zäit fir den Noriichteniwwerbléck an no halwer eng schwätze mir da weider mam Romain Schneider. E bësse méi gi mir dann op seng Dossieren a vum Sportsministère a mir schwätzen awer och nach iwwert den Zoustand vun der LSAP, de Romain Schneider ass den Ament jo nach Generalsekretär vun der LSAP.

Noriichteniwwerbléck

Sopie Morang: Domat ass et kuerz no hallwer eng. Och an der nächster hallwer Stonn schwätze mir nach mam Romain Schneider, dem aktuelle Landwirtschafts- a Sportsminister. Déi lescht hallef Stonn huet der Landwirtschaft gehéiert, elo da schwätze mir iwwer de Sport.

Ufank der Woch waart Dir als Sportminister gefuerdert, Här Schneider, fir tëscht der Coque an dem Marathonsorganisateur ze vermëttelen, Verhandlungen déi awer échouéiert sinn?

Romain Schneider: Échouéiert kann ee soen, wann ee seet, mir sinn higaangen, an hunn eigentlech alleguer gesot, mir hätte gären, datt de Marathon an der Coque géing fortlafen als Départ an als Arrivée. Et kann ee soen dat Zil ass net erreecht de Moment ënnert deenen Ëmstänn, obwuel ee muss soen, datt, mäi gréisst Zil dat war een Dossier deen eigentlech zou war, wou eigentlech keng Gespréichspositioune méi op waren, an datt ech deen erëm opgemaach hunn, an eigentlech och d’Leit erëm eng Kéier un een Dësch krut, déi déi direkt concernéiert waren, an och den Organisateur à part, an och duerno zesumme mam Organisateur eng Léisung fonnt hunn, datt dëse Marathon stattfënnt. Dat war fir mech als Sportminister déi éischt Conditioun, datt mir och 2010 e flotte Marathon hei an der Stad hätten.

Sophie Morang: Mä hat Dir dann do net awer misse mat der Fauscht op den Dësch schloen? De Sträit ass jo am Fong geholl eng grotesk Geschicht. Et huet een den Androck, datt op jidderwerfalls de Verwaltungsrot vun der Coque op stuer gestallt huet, oder ass do esou vill geschitt, datt do einfach näischt méi méiglech war?

Romain Schneider: Dat mat Sécherheet, et ass elo net esou, datt elo dëst Joer dat do eigentlech eng éischte Kéier ass, mä ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Neen, et war schonn.

Romain Schneider: ... an deene leschte Joeren ass eng Accumulatioun vun enger Rei Punkten, déi sech ugehäuft huet, a wou och de 5. Juni eigentlech an engem Bréif kloer gesot krut, do war de leschte Marathon, an de Marathon fënnt net méi hei statt. Et war also relativ kloer. Op där anerer Säit, mengen ech, ass d’Coque een Établissement public, dat autonom soll fonctionnéieren. An ech mengen, wann een en Établissement public huet, dat ganz korrekt fonctionnéiert, oder méi wéi korrekt esouguer, wat déi ganz Gestioun ubetrëfft, net nëmmen déi finanziell, och déi ganz administrativ, an och den Zenter a sech, a wann een eng Kéier, duefir war ech selwer och eng Kéier dohinner, fir mech do vun der Praxis kënnen ze iwwerzeegen, wéi gutt déi Coque eigentlech gefouert ass, dann ass et fir mech net de Fall, datt ech esou engem Etablissement, mir hunn där anerer déi net esou gutt fonctionnéieren och, mä en Etablissement dat eigentlech ganz gutt fonctionnéiert, och soen, hei neen, dat do geet net. Si hunn hir Argumenter gehat, déi och fir mech aliichtend waren, an déi eigentlech net zur Situatioun higefouert hunn, fir ze soen, dat do geet net, mir mussen op en anere Wee goen.

Ech hu probéiert ze iwwerzeegen, datt mir nach eng Kéier solle probéieren et ze maachen, an enger anerer Form, andeem een eng Art Stell dotëschent geschallt hätt, dat war meng Offer, déi ech wollt maachen, datt ee gesot hätt, tëschent Coque an tëschent dem Erich François, d’FLA, schallt een nach eng Kéier e Gremium dotëschent, wat eng Aart professionnellen Eventmanager och hätt kënne sinn, deen dann e Lien gemaach hätt dotëschent, an da probéieren ob et 2010 géif goen. Bon hei waren eng Rei Saachen, déi iewer nach am Raum stoungen, déi och net konnten dozou féieren, datt et ënnert där Form konnt lafen.

Sophie Morang: Huet de Marathon dann do elo Schued un där Geschicht geholl, oder muss dat Iech egal sinn, schlisslech ass et awer eng privat Organisatioun?

Romain Schneider: Et ass eng privat Organisatioun, do huet Dir Recht. Wat fir mech wichteg ass, ass datt de Marathon stattfënnt. Dat ass dat éischt. Ech sinn och iwwerzeegt, datt de Plan “B�?, deen elo ausgeduecht gëtt, deen och den Erich François mir erkläert huet, wou hien iwweregens och ganz begeeschtert ass vun deem Plan “B�?, dee wierklech e Stadlaf gëtt. D’Coque, muss een éierlech soen, war jo eigentlech just Départ an Arrivée, méi hat se jo eigentlech net ze dinn [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Et war eng Infrastruktur, déi engem awer gutt koum.

Romain Schneider: Et war eng Infrastruktur déi do war, mä wann ech huelen dat laangt Lafen iwwer d’Bréck fir dohinner ze kommen, muss ech éierlech soen, ech war als Spektateur ëmmer an der Stad fir ze kucken, fir déi flott Ambiance. Do waren och déi meescht Leit, an herno d’Zil war eigentlech just dat, wat als Infrastruktur gedéngt huet. Duefir mengen ech, datt dësen Auslaf vun 2010, dat heescht wann en elo esou stattfënnt wéi e geplangt ass, och e ganz flotten Evenement ka ginn.

Sophie Morang: Lafen ass jo e breede Sport. Breede Sport ass eppes, wat déi nei Regierung weider wëllt ënnerstëtzen. D’Leit sollen encouragéiert gi sech sportlech ze bewegen, well dat och gutt ass fir d’Gesondheet. Verschiddener kritt een awer wuel ni drun, oder huet Dir do Konzepter fir do awer weiderzekommen?

Romain Schneider: Jo, mir hunn de Konzept, zesumme mat dräi anere Kollegen aus der Regierung, et kënnt e véierte Ministère elo dobäi, well ech déi zwou Kape och vum Landwirtschaftsminister hunn, deen och kann dobäi kommen, mat de Produkter aus der Regioun. Déi ganz Initiative gesond iessen, méi bewegen, ass eng flott Initiative, déi schonn e puer Joer hier ass, an déi, mengen ech, et och dozou bruecht huet, datt vill méi Leit sech ëmmer méi bewosst ginn, éischtens méi gesond ze iessen, an zweetens och sech erëm méi bewegen. Dat kann einfach sinn spazéieren, wat dës Kéier e bëssen de Motto wäert ginn, dat hate mir beim Schwammen, dat hate mir beim Vëlo fueren, beim Lafen, an esou weider. An ech mengen, datt an der Tëschenzäit eng ganz Rei Manifestatiounen entstane sinn, awer och am Niveau vum Bénévolat, déi esou Saachen ënnerstëtzen.

Ech kommen aus enger Gemeng, déi e Projet huet “Fit Woltz�? zum Beispill, wou mir och esou Initiative gemaach hunn, a wou mir esou klenger gemaach hunn, wou zum Beispill dann einfach ëmmer en Treffpunkt ass, wou zum Beispill Leit sech treffen, an dann zesummen eppes maachen. Sief et zu 10 zesummen en Tour mam Vëlo maachen, sief et Nordic Walking zu 4 zesumme maachen. An all déi Impulser muss d’Politik ginn, déi huet d’Politik ginn, an ech mengen, datt mir hei op enger, ech wëll net soen eng Well, et ass eng ganz kleng Well nach, mä déi Well muss méi grouss ginn, wou een d’Leit muss initiéieren de Kader ze schafen, an d’Plattform ze schafen, datt se dat kënne maachen.

Sophie Morang: Dir kommt jo selwer aus dem Fussball, ass et och deem Sport, wou weider Äert Häerz gehéiert, oder wou sidd Dir nach mat dobäi?

Romain Schneider: Also ech hunn aktiv ëmmer Fussball gespillt, dat ass richteg, ech hu ganz gäre gespillt, Fussball huet mir och immens vill ginn, immens vill Sieger an immens vill Nidderlagen, awer virun allem immens vill Frënn, déi ech do kennegeléiert hunn, an och haut nach hunn. Mä ech hu mech zënter jeehier fir all Sportaarten interesséiert, soudatt et mir net schwéier fällt an dësem Ressort och un all Sportaarten interesséiert ze sinn. Ech fannen an alle Beräicher, déi déi Leeschtunge maachen, awer och déi einfach aktiv Sport maachen, ass et eng Iwwerwannung, ass et eng super Schoul fir d’Liewen, wat de Sport bitt. De Sport bitt e Kampf, fir Sport muss een Disziplin hunn, Sport léiert ee sech ze integréieren, léiert een ze verléieren, léiert een ze gewanne mat Kollegen, ass gesellschaftlech fir mech dat super Organ an eiser Gesellschaft iwwerhaapt, wou och kann déi ganz Gesellschaft virun fonctionnéieren doen.

Sophie Morang: De Sportsministère ass ee Ministère, deen Dir och gäre gehat hätt?

Romain Schneider: Selbstverständlech hätt ech dee gäre gehat, si hunn awer gemengt, datt dat net esou einfach wier fir deen ze kréien, well mir e Sportsminister haten, deen do drun houng, an deen och sech immens [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Och en ale Fussballspiller.

Romain Schneider: Genee, och en ale Fussballspiller, deen immens engagéiert war, esouwuel national, wéi um europäeschen Niveau. Duefir war ech och frou, datt hie gesot huet, et deet mir zwar Leed fir de Ministère ze verléieren, mä et ass ee Kolleg, deen aus dem Beräich vum Sport kënnt, deen, wéi en et genannt huet, de Geroch vum Vestiaire kennt, an dat war fir mech eng flott Ausso.

Sophie Morang: Hien huet do verluer, an Dir huet gewonnen?

Romain Schneider: Neen dat sécher net, mir schaffe weider zesummen drun, a mir sëtzen eis fir d’Cause vum Sport an.

Sophie Morang: Dir sidd den Ament Landwirtschaftsminister, Sportsminister, dat hu mir scho gesot, Dir sidd awer och nach LSAP-Generalsekretär. Dir wëllt awer vun deem Posten démissionéieren. Ass do scho kloer wien Ären Nofolger gëtt?

Romain Schneider: Neen, ech mengen, et ass esou, datt selbstverständlech de Moment gekuckt gëtt, wien deen Nofolger ka sinn. Et ass jo gewosst, datt e Posten als Generalsekretär e Posten ass, dee vu menger Siicht aus, immens flott ass, an deen engem och kann immens vill bréngen, selwer, deen och fir d’Partei e Posten ass, deen an d’Vitrine ze stellen ass. De Generalsekretär as niewent dem President deen, denn effektiv aktiv um Terrain muss sinn, deen effektiv Kontakt zu de Sektioune muss hunn, zu de Bezirker muss hunn, zu de Fraktiounen, zu de Regierungsmemberen, deen eigentlech dat Bindeglied muss sinn zwëschen allen, an deen doniewent dann och zu Wahlzäiten deen ass, deen de Wahlkampfmanager muss sinn. An hei sti Gemengewahle virun der Dier, hei brauche mir also Leit, déi d’Partei kennen, déi d’Parteielandschaft hei zu Lëtzebuerg kennen, de Fonctionnement an de Gemenge kennen. Virun allem, an doniewent, mengen ech sollt ee kucken, an dat si mir och am gaangen, ech mengen de President ass am gaange mat anere Leit, déi och un der Parteispëtz stinn, fir eng geeegent Persoun ze fannen.

Sophie Morang: Mä Dir hätt et als Minister nach kënne weider maachen, Dir wëllt et awer net méi weider maachen?

Romain Schneider: Ech hätt et kënne viru maachen. De Statuten no ass dat kompatibel mateneen, datt een de Generalsekretär mécht an och nach Minister ass. Mä op där anerer Säit mengen ech, datt éischtens, meng Aarbecht déi ech elo als Minister maachen, datt ech déi wierklech wëll zu 200% maachen. Ech mengen net, datt do nach Sputt ass fir och nach méi elo, déi wierklech, déi Sisyphusaarbecht ze maachen, déi muss gemaach ginn, fir bei de Sektioune ganz no ze sinn, fir all Dag, all Stonn eigentlech en offent Ouer, an en offenen Telefon ze hunn, fir kënnen drop ze reagéieren. An dann hunn ech léiwer, iert ech mech do géing vläicht och nëmme 5% noloossen, engem ze ginn, deen et erëm voll nei mécht. An et ass och ëmmer gutt, mengen ech, wann elo Evenementer wéi Landeswahlen, wann erëm neies kënnt, en neie Wand erëm erakënnt.

Sophie Morang: Mä fillt Dir Iech eigentlech désavouéiert op deem Posten no de Wahlen, déi d’LSAP, gëtt gesot, net verluer huet, mä op jiddwerfall awer och net gewonnen huet?

Romain Schneider: Also, désavouéiert sinn ech mat Sécherheet, mengen ech, net ginn, well wann ech och gesinn hunn, wéi iewer den Applaus war, wéi ech als Minister genannt gouf op dem LSAP-Kongress, kann ech net mengen, datt do Leit gesot hunn, dat do war elo d’Schold vum Romain Schneider, Generalsekretär, datt d’LSAP e Sëtz verluer huet oder net gestäerkt gouf an dëser Regierung, an och an der Chamber. Mä ech mengen éischter, datt ee muss soen, datt selbstverständlech eng Enttäuschung ëmmer do ass. Ech sinn mat Sécherheet ëmmer erausgaangen, ouni dat am Virfeld ze soen, a gesot hu, majo ech kommen aus dem Sport, a mir wëlle probéieren Null zu Null ze spillen, an huelen alles mat, wat méi ka sinn, wou ech sécher direkt gemengt hunn, datt mir ee Sëtz géinge bäimaachen am Norden. Dat ass déi grouss Enttäuschung, déi ech hunn, well ech virun allem do eng super Équipe [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Do war et knapp, dat kann Iech tréischten.

Romain Schneider: Neen, dat geet net duer. Wat hu mir dovun?

Sophie Morang: Verluer ass verluer.

Romain Schneider: Mir hu bal 10.000 Stëmme méi wéi déi aner Parteien, déi iewer ee Sëtz hunn. Dat bréngt eis näischt. Mir hunn eng super Équipe gehat, hu super geschafft, haten eigentlech och dobaussen d’Gefill, d’Leit géingen eis, jiddwereen huet eis och gesot, dir musst dës Kéier en zweete Sëtz kréien, et as op 2000 Stëmmen net duer gaangen. Also musse mir kucken, datt mir et déi nächst Kéier maachen.

Sophie Morang: Wat huet dann trotzdem de Posten als Generalsekretär Iech bruecht?

Romain Schneider: Also, et huet mir bruecht, datt ech selbstverständlech eng vill méi déif Approche zu deenen eenzelne politeschen Dossiere krut. Et war ee permanent am Bild iwwer déi eenzel Dossieren, déi an der Politik géinge lafen. Zweetens huet et mech immens virubruecht, an deem ech d’Partei vill méi kennegeléiert hunn, seng Strukturen, awer och seng Membere selwer. De Kontakt mat de Membere war nach ni esou enk, kann een net méi enk kréie wéi als Generalsekretär, zum Deel och als President selbstverständlech. An doniewent hunn ech och geléiert eng éischte Kéier Landeswahle mat organiséieren, mat alle Problemer, mat alle flotten Erfahrungen, déi een dobäi mécht. An dat ass mengen ech, eng Erfahrung fir d’Liewen, déi ee muss maachen.

Sophie Morang: De leschte Weekend war d’LSAP zesummen, an huet, soe mir, sech d’Wonnen no de Wahlen nach emol geleckt. Wéi ass eigentlech d’Stëmmung an Ärer Partei?

Romain Schneider: Also bei der Summerakademie hunn ech, no där Summerakademie, an och während deem Dag, dee mir do haten, eigentlech gemierkt, datt eng immens Opbrochstëmmung do ass, et waren esou vill Leit op där Summerakademie wéi nach ni, mir haten der iwwer 100, déi do waren, déi aktiv matgeschafft hunn. An eigentlech war jiddweree sech bewosst, mä grad elo musse mir beweisen, wat an eiser Partei stécht. Mir kënnen net einfach elo soen, eisen Trend dee leeft, an dee musse mir lafe loossen. Neen, mir musse kucke fir erauszefannen, wou kënne mir eis als Partei stäerken an deenen nächste Joeren, wou kënne mir nei Akzenter setzen, a wou kënne mir eis virun allem och par rapport zu anere Parteien elo ofzeechnen, ganz kloer ofzeechnen? An ech mengen, dat ass déi grouss Chance, déi mir de Moment elo hunn.

Sophie Morang: Mä Dir sot, et ass eng Opbrochstëmmung, da geet et jo awer och drëm, déi dann elo konkret um Terrain zu Resultater ze féieren?

Romain Schneider: Jo, ech mengen d’Summerakademie war een éischten Ustouss, deen huet jo eng Rei Pisten opgezeechent, déi ginn elo intern verschafft. An an deem Moment wäerte mir dann och elo direkt, mengen ech, no der Rentrée, déi jo elo leeft, och déi ugefaange gëtt, mat der Rentrée, mat der Journée parlementaire vun der LSAP, den 30. September, an duerno wäerte mir aktiv doru schaffen, fir dat ze realiséieren.

Sophie Morang: Mir wäerten eis erëm méi staark fir de Sozialstaat asetzen, wéi mir dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, gouf en Dënschdeg op der Bilanspressekonferenz vun Ärer Summerakademie gesot. Wéi konnt et dann iwwerhaapt passéieren, datt esou eng elementar Iddi iwwerhaapt an enger sozialistescher Partei e bësse verluer goung?

Romain Schneider: Bon, ech mengen net, datt se verluer gaangen ass, mä wat domat wollt gesot sinn, ass datt mir nobaussen déi do Akzenter vill méi no musse bréngen, wat mir eigentlech an där ganzer Bewegung gemaach hunn. Mir hunn zum Beispill Saache realiséiert, déi och zum Sozialstaat gehéieren, wéi zum Beispill de Statut unique. Wéi viru Joeren, Joerzéngten eigentlech kee gewot huet dorun ze denken, dat hu mir fäerdeg bruecht. Mir hunn et fäerdeg bruecht, an et gouf eigentlech net geschwat dovunner. Gutt, et gouf gemaach, an et huet jiddwereen et esou ugeholl, et gouf eigentlech net dat wou mir eis agesat hunn, wierklech a villen, ville Réuniounen, a villen Discussiounen och mat anere Partner, mat Gewerkschaften, wou dat opgebaut gouf, et gouf net genuch nobausse gedroen. An ech mengen, et ass dat, wat ee muss eriwwer bréngen, déi Akzenter, déi mir gréisstendeels gesat hunn, datt een déi och wierklech nobaussen dem Bierger weist.

Sophie Morang: Et geet drëm sech besser ze verkafen?

Romain Schneider: Verkafen an och ganz kloer Positiounen ze soen, och eng Kéier d’Positioun ze soen, déi herno vläicht net zeréckbehale ginn, mä da kloer d’Positioun vun der Partei ze soen, déi vläicht herno an engem Kopromëss eng aner gëtt.

Sophie Morang: D’Partei misst och méi authentesch optrieden, sot den LSAP-Fraktiounschef Lucien Lux, op där Pressekonferenz. Dat ass jo am Fong geholl esou ee mea culpa, wou ee sech freet, firwat fënnt d’LSAP sech selwer net authentesch?

Romain Schneider: Ech mengen, dat ass eng Discussioun, déi einfach opkoum, déi kann ee sécher hannerfroen eng Kéier. Dat soll een hannerfroen, mengen ech. Mä ech mengen net, datt dat an der Vergaangenheet esou war. Ech mengen, datt d’LSAP nach ëmmer d’Original ass vun enger Lénksbewegung, an datt mir dat ebe méi kloer an Zukunft och mussen déterminéieren.

Sophie Morang: Et feelt u Fraen, u Jonken, un Auslänner an der LSAP. Elo soll probéiert ginn déi méi fir d’Partei ze interesséieren.

Wat ass dann elo d’Zauberformel, well et ass jo am Fong geholl e Problem, deen aner Parteien och hunn, a bis elo huet nach keen d’Léisung wierklech fonnt?

Romain Schneider: Bon, mir hu jo an eisem Aarbechtsgrupp, deen doriwwer Rieds hat, virun allem och iwwer deen do ganze Volet geschwat, wéi kréie mir nei Memberen erëm, dat kënne selbstverständlech Jonker sinn, dat solle Frae sinn, dat solle virun allem net Lëtzebuerger och sinn, wéi kënne mir déi uschwätzen? An duefir musse mir Iddien entwéckelen, musse mir Stréimungen entwéckelen, wou d’Leit och soen, mä hei sinn effektiv Punkten, wou ech enger LSAP ka bäitrieden, déi do erfëllt dat wat ech sichen. An duefir mengen ech, muss een an Zukunft kucken, datt een och eng Rei Strukturen vereinfacht.

E Beispill ass dat vun eise Statuten, déi mir mussen iwwerschaffen, all déi Kongresser, déi lafen, Generalversammlungen, déi fonctionnéieren, well d’Prinziper wéi mir se zënter 50, 60 Joer hunn, dat kann et net méi sinn, fir haut och Jugendlecher unzeschwätzen. Haut wëll kee méi an e Kongress sëtze goen, wou Stonne laang just geschwat gëtt, haut wëll ee partizipéieren, haut wëll een mat an Aarbechtsgruppe schaffen, haut wëll ee Leit kenneléieren, wou aner Meenungen hunn. An déi, déi Forme musse mir ganz einfach moderniséieren, ech mengen, dann hu mir schonn e gudden Ufank gemaach.

Sophie Morang: Dat heescht, dat si virun allem déi administrativ Froen, déi ëmmer mussen op Kongresser eigentlech gekläert ginn?

Romain Schneider: Jo, déi administrativ verbonnen dann awer och mat den Décisiounen, Décisiounen déi een da kann an engem anere Kader maachen, ouni mussen iwwer Méint laang am Virfeld scho Positiounen ze hunn, da kann ee bis zum Schluss probéieren Iddië mat eranzebréngen. An déi Offenheet musse mir eriwwer bréngen, deen Dialog musse mir och bei wichtegen Décisioune mat nei definéieren.

Sophie Morang: D’LSAP, d’Partei wëll sech eigentlech och kloer vun der Regierung ofgrenzen, ass emol een Zil. Huet een do als Minister Angscht?

Romain Schneider: Angscht hunn ech keng. Mir hunn e Regierungsprogramm zesummen opgestallt, dat weess d’Partei, dat weess och d’Fraktioun. Et geet jo hei just drëm, datt mengen ech, wann d’Partei Iddien huet, déi se wëll bréngen, déi kënne se roueg lancéieren. Hei kënne ganz flott Denkustéiss kommen, och fir d’Regierung, déi een da kann iwwerdenken, selbstverständlech gewosst ëmmer, datt mir e Regierungsofkommes hunn, un dee mir eis als Partei, als Ministeréquipe ze halen hunn.

Sophie Morang: Zu Lëtzebuerg ginn ëmmer nach Leit gewielt, dat bréngt eise System esou mat sech. D’Féierungsspëtz an och d’Ministere vun Ärer Partei sinn all gutt iwwer 50. Huet d’LSAP net einfach e Generatiounsproblem? Bekannte Leit tëschent 30 a 40 Joer, déi d’Relève no deenen nächste Wahle kéinten iwwerhuelen, déi feelen eigentlech e bëssen.

Romain Schneider: Ech mengen net, datt d’LSAP do anescht do steet, esouguer fir mech besser do steet wéi aner Parteien. Wann ech déi aner Parteie kucken, déi och am zweete Glidd, soen ech emol esou, net gutt opgestallt sinn, net opgestallt si fir direkt d’Relève ze huelen [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Wie mengt Dir do, d’CSV geet awer?

Romain Schneider: Wann ech d’DP kucken, gesinn ech elo net direkt, wou mir do esou eng Mass vu Leit kréien, déi do kënnen erukommen. Och bei deene Grénge sinn eigentlech keng Leit, déi bäikommen. Beim ADR mengen ech och net. Soudatt, mä ech mengen, datt mir net esou schlecht opgestallt sinn, a mir mussen einfach elo an deenen nächste Joere probéieren, dat ass och eng Iddi déi ech hat, datt een esou ze soe mat enger Aart Parainage schafft, wou een einfach déi nei Kandidatinnen a Kandidaten, déi elo a Wahle mat goungen, datt ee virun dru schafft, fir déi och virun ze begleeden. An och grad elo wou se de Schratt gemaach hu sech a Landeswahlen, zum Beispill, ze engagéieren, viru mat opbaut, viru begleet, net alleng do stoe léisst, eigentlech eng Hëllef ze gi fir dann och de Schratt no uewen ze packen.

Sophie Morang: Dat heescht, bis elo huet d’LSAP net konsequent an éierlech nei Leit opgebaut?

Romain Schneider: Dach et goufen nei Leit opgebaut. Bon dat hänkt jo och béides of. Ech mengen, et sinn och Leit, déi selwer mussen u sech schaffen, do geet et jo un. Et muss een och de Wëllen hunn effektiv sech voll eranzeknéie fir dat ze maachen, an doniewent muss een eng Begleedung hunn. Datt déi Begleedung an deene leschte Joeren net optimal war, si war do, mä net optimal war, dat muss een zougestoen, an dat muss ee verbesseren eben.

Sophie Morang: Mä ass et dann net einfach e bëssen an der Natur, soen ech elo emol, vum Politiker, datt engem d’Haut méi no ass wéi d’Hiem, dat heescht, datt een eigentlech net gären een opbaut, deen herno kann zu enger Konkurrenz ginn, grad an der LSAP, wann een héieren huet, wie ronderëm d’Regierungsbildung eigentlech wollt Minister ginn, a wien dann erëm net, d’Jalousien déi do opkomm sinn, déi een esou héieren huet? Ass dat net e bëssen e Problem?

Romain Schneider: Ech kann do just perséinlech schwätzen. Perséinlech ass et esou, datt ech ëmmer vun deem ausgaange sinn, datt een ëmmer muss kucke wat och no engem geschitt. Dat ass fir mech dat wat zielt, esou sinn ech och opgewuess, an esou krut ech och d’Chance. Ech hat e Buergermeeschter zu Woltz, zum Beispill, deen och Deputéierte war, den André Biever, deen ëmmer vun Ufank u gesot huet, mat 20 Joer, hei du kucks, datts du meng Relève eng Kéier méchs, an dee mech matgeholl huet, dee Parainage gemaach huet, dee Begleedung gemaach huet. Ech gouf duerno Buergermeeschter, war Schäffen dobäi an esou weider. Ech hunn och an der Chamber permanent iewer Leit gehat, déi mech ënnerstëtzt hunn, an esou gesinn ech et och elo. Als Buergermeeschter hunn ech probéiert d’Zukunft z’assuréieren, an hunn och eng Équipe hannendrun opgebaut, déi konnt direkt d’Relève huelen. An esou muss een et viru féieren. An dat soll eigentlech och de Message u jiddweree sinn, datt en et esou gesäit.

Sophie Morang: Mä esou en Erneierungsprozess wéi deen d’DP fir sech selwer ausgeruff huet, soll et an der LSAP awer net ginn?

Romain Schneider: Ech mengen, dat soll ee progressiv erneieren, dat soll een no an no eruféieren, déi Leit. Et soll ee keen an e kaalt Waasser och geheien, an net séier ee verbrennen, mä et soll ee kucken, datt een e parallel mat eruféiert, fir déi Fonctiounen, déi wichteg Fonctiounen ze iwwerhuelen.

Sophie Morang: De Süden ass jo am Fong geholl den entscheedende Bezirk, well et de gréisste Bezirk ass. D’LSAP schafft den Ament sécher scho gespaant op 2011 hin, wa Gemengewahle sinn. Dir huet jo de Recul vun deem aus dem Norden, am Süden goung ee Sëtz verluer. Wat hunn d’Kollegen do falsch gemaach?

Romain Schneider: Wa mir et elo direkt wéissten, dann hätt een natierlech séier eng Äntwert och wéi ee kéint dat direkt verbesseren. Mä ech mengen, datt virun allem fir mech déi Kommunikatioun net eriwwer koum vun enger exzellenter Aarbecht, dat net nëmmen eng Aarbecht war vun eenzelne Ministeren, vu Ministeren aus enger Regierungséquipe, mä datt eng ganz Partei eigentlech do do hannert stoung, vun deenen Décisiounen déi geholl goufen, ass dat éischt. Zweetens hu mir jo gesinn, datt mir op de perséinleche Stëmme eigentlech bäigeluegt hunn, mä datt mir op de Lëschtestëmmen immens vill verluer goung. Dat war eng Tendenz, déi bei ville Parteie war, mä virun allem bei der LSAP am Süden vill méi gespillt huet.

An dann doniewent, mengen ech, hu mir zum Beispill e Samschdeg och op der Summerakademie gesinn, datt déi Wahlen net esou einfach gelaf sinn, datt do immens vill Wanderungen dra waren, datt immens vill gewiesselt gouf, och mir hu ganz vill nei Wieler bäikritt, mä mir hunn och vill Wieler verluer, virun allem och am Süden, wou vill nei Stréimunge waren. An elo muss ee kucken, wéi wäit een dat an Zukunft elo verschafft, well et muss ee kucken, vu wou koume Wieler, wou hu mir Wieler verluer, a firwat? An dat muss een hannerfroen eng Kéier.

Sophie Morang: Mä dat do, de Phänomen huet am Süden eigentlech, den Trend huet am Süden anescht gespillt wéi am Norden. Dir sot d’Kommunikatioun war e Problem, d’Kommunikatioun war jo awer fir d’ganzt Land. Am Norden, och wann Dir keen zweete Sëtz krut, huet Dir awer Stëmme bäigewonnen.

Romain Schneider: Jo, am Norden, mengen ech, ass et esou, datt dir vill méi kleng Équipen huet. Dir huet eng Équipe vun 9 Leit, an ech muss soen, datt am Norden, an och am Osten, déi zwee, Gänseféissercher, kleng Bezirker nach vill méi op Perséinlechkeete gestëmmt gëtt. Well wann een et och do gesäit, hu mir och do u Lëschtestëmme verluer, wéi déi meescht Parteien. Haut des Daags ass de Phänomen vum Panachage, dee gëtt ëmmer méi grouss, an do brauch ee gutt Équipen. A mir haten am Norden eng exzellent Équipe, déi virun allem aus de Gemengen erauskoum, mat enger Rei bekannte Leit dobäi. Et war eng homogen Équipe, an déi huet gespillt, an dat war natierlech nëmmen eng Équipe vun 9 Leit. Op där anerer huet een eng vun 23, dat ass natierlech en Ënnerscheed.

Sophie Morang: Elo peilt d’LSAP iergendwann 30%, ongeféier 30% un. Wéini kann dann dee Seuil do erreecht ginn? Wat ass do Äre Pronostic?

Romain Schneider: Bein, ech hoffen, datt mir bei deenen nächste Wahlen op jiddwerfall wäerten zouleeën [gëtt ënnerbrach]

Sophie Morang: Da misst Dir awer ee grousse Sprong no vir maachen.

Romain Schneider: Ech hunn net vun deenen 30% direkt geschwat, mä ech sot, ech ginn dovun aus, an ech hoffen och, datt mir eng exzellent Politik maachen an der Regierungséquipe, datt mir doniewent eis Partei kloer nei Stréimungen wärten hunn, d’Fraktioun och. Mir hu Leit un der Spëtz elo all Kéier, déi wësse wéi d’Politik geet, déi wëssen och wou eist Land steet, déi vill Erfahrung hunn.

An ech mengen, mat där ganzer Équipe, mat deenen dräi eigentlech, ass ganz villes ze maachen, a wa mir dann déi Opbrochstëmmung, déi de Moment do ass, och kënnen esou viru fueren, sinn ech iwwerzeegt, datt mir wäerten zouleeën. Ob mir da schonn op 30% kommen, dat muss ee kucken, iergendwann dat ze erreechen.

Sophie Morang: Iert mir nach eng Kéier wiele ginn, gëtt muer emol an Däitschland gewielt. Vläicht um Schluss vun der Émissioun, wat ass do Äre Pronostic, wéi geet dat muer?

Romain Schneider: Also ech mengen, ech soen näischt Neies, wann ech och soen, datt et ganz enk wäert ginn.

Ob een op där enger Säit schwaarz-giel kritt, a respektiv déi aner Variant sech opbaut, ech mengen, déi lescht Tendenze weisen nach eng Kéier, datt se ganz no beienee wäerte leien. Dir wësst selbstverständlech, datt ech hoffen, datt d’SPD net ze vill, datt se wäerten an engem gudde Beräich leien, datt se wäerten et kënne packen, datt déi eng Säit keng absolut Majoritéit kann entstoen, an datt se einfach och, mengen ech och dat wat se verdéngt hunn, kënnen erreechen, datt se e Score maachen, deen da korrekt wier. Ech hoffen dat op jiddwerfall fir dem Frank-Walter Steinmeier seng ganz Équipe.

Sophie Morang: Mä soll et dann nach eng Kéier eng grouss Koalitioun ginn?

Romain Schneider: Dat waren Discussiounen, déi gefouert goufen, och op eiser Summerakademie, wou Leit waren, Kollege waren aus dem Saarland, aus Rheinland-Pfalz, déi eigentlech och gesot hunn, datt d’Tendenz de Moment dohinner wäert lafen. Mä ob dat dat Bescht fir d’SPD ass, hu se iewer hannerfrot, si hunn e grousst Fragezeiche gemaach, gréissten deels esouguer am negativen Trend, an ze soen, hei et wier vläicht och gutt, wann d’SPD eng Kéier sech kënnt ganz erneieren an enger anerer Roll, sief et mat anere Parteien selbstverständlech an der Regierung, oder esou. Vläicht an enger ganz konstruktiver Oppositioun, mä Oppositioun ass ëmmer Oppositioun.

Sophie Morang: Dat ass ee spannende Match, dee muer leeft. En anere spannende Match ass awer op engem ganz aneren Niveau, nämlech an der Schwäiz muer bei de Vëlosstroosseweltmeeschterschaften. Um Schluss nach eng Kéier eng Fro un Iech als Sportsminister. Wéi geet dat?

Romain Schneider: Elo kënnt een direkt vum Sportminister woen a soen, hei mir hätte gären eng lëtzebuerger Victoire do. Ech géing iewer mengen, datt dat dran ass, mä ganz schwéier wäert ginn, well eis Jongen iwwer déi ganz Saison exzellent Leeschtunge bruecht hunn, datt een um Enn vun enger Saison ass, wou selbstverständlech iergendwann d’Batterie och eidel ass, a wou et schwéier gëtt op deem do schwéiere Parcours eppes ze maachen. Et weess een iewer, datt et ee Parcours ass, deen e bëssen engem Léck-Basteneg-Léck nokënnt, esou wéi et geschildert gëtt, do wou eigentlech en Andy Schleck um Terrain ass, do wou och ee Kim Kirchen ka ganz gutt sinn, an och bei den Espoiren de Ben Gastauer eppes ka maachen.

Ech hoffen, datt se déi néideg, wéi se dat ëmmer soen, Käre gehalen hunn, fir och bei der WM et ze maachen. Ech géing iewer mengen, datt no där formidabeler Saison déi se gemaach hunn, vläicht net méi deen néidege Jus do ass, fir hei dat Resultat dëst Joer ze maachen, duefir muss vläicht dat Joer drop eng aner Preparatioun, nach méi spezifesch, kommen. Ech wënsche mir, datt et e Lëtzebuerger ass, mä ech géing éischter mengen, datt et entweder de Fabian Cancellara selwer ass, oder ee vun deene ganz staarke Spuenier, Samuel Sanchez oder en Italiener, deen do kann asprangen.

Sophie Morang: Op jiddwerfall wäert Dir d’Course muer suivéieren?

Romain Schneider: Also ech ka leider net do sinn, well ech den Owend nach ee Rendez-vous hunn, soss wier ech dohinner gefuer fir eis Jongen op der Plaz ze ënnerstëtzen. Ech wäert um Fernseh déi lescht Stonn, virun allem, intensiv verfollegen.

Sophie Morang: Mä de Kontakt do mat eise lëtzebuerger Vëloscracken, deen ass awer och als neie Sportminister direkt automatesch gutt gewiescht?

Romain Schneider: Also dee war exzellent, dee war well virdrun esou, well ech och a menger Fonctioun als Buergermeeschter schonn d’Jongen ëmmer kannt hunn, beim Depart deen zu Woltz war, an och duerno, zu Paräis, hat ech d’grouss Chance do dobäi ze sinn, ass ee ganz perséinleche Kontakt dee mir ënnert eneen hunn, wou mir eis och ganz séier fannen, wann emol eng Kéier e Problem ass. An ech fannen d’Jongen einfach formidabel, och fir d’Entwécklung vun eiser Jugend, wat immens vill bréngt, och fir se do un de Sport erunzezéien, net nëmmen un de Vëlossport, mä generell un de Sport.

Sophie Morang: Mä Dir huet do net Angscht virun engem Dopingfall, deen eventuell kéint optrieden?

Romain Schneider: Eis Jonge ginn esou dacks kontrolléiert, a goufen esou dacks kontrolléiert, wou näischt fonnt ginn ass, soudatt een de Moment eis Jongen do ganz clean ka gesinn.

Sophie Morang: A virun der Course muer de Mëtteg, klëmmt de Romain Schneider muer de Moie selwer op de Vëlo, huet Dir mir am Virgespréich gesot.

Romain Schneider: Jo, richteg, also ech probéieren dat, an esou wéi se d’Wieder ugekënnegt hunn, wäert ech dat och maachen, zesumme mat engem gudde Kolleg, wäerte mir muer de Moien kucken zwou, zwou an eng hallef Stonn iwwer d’Éislécker Koppen ze fueren.

Sophie Morang: An da sidd Dir prett fir déi nei Woch déi op Iech duerkënnt?

Romain Schneider: Genee esou.

Sophie Morang: Fir elo soe mir Iech Merci fir de Besuch am Studio an der leschter Stonn. Eisen Invité haut a "Riicht eraus" war den neie Landwirtschafts- a Sportminister Romain Schneider. Merci Här Schneider fir dat Gespréich.

Romain Schneider: Merci.

Dernière mise à jour