Dan Kersch au sujet de l’abolition des commissariats de district

"Hei geet et drëms fir deene Leit déi en demokratescht Mandat an de Gemengen hunn, erëm déi Méiglechkeeten ze ginn fir selwer ze décidéieren"

Umoderatioun:

D’Distriktskommissären haten eng Iwwerwaachungs- a Kontrollfonctioun vis-à-vis vun de Gemengen. Dat soll sech änneren, esou den Inneminister Dan Kersch.

Interview vum Carole Schimmer (100komma7):

Dan Kersch: Ma schonn eleng den Terme “iwwerwaachen” stéiert mech e bëssen well ech et an modernen Zäiten manner gesinn als Iwwerwaachung oder als Kontroll a méi gesinn ass eng Partnerschaft tëscht engem Ministère de l’Intérieur an de Gemengen fir d’Saachen weider ze dreiwen. An an deem Sënn ass et mengen ech och kloer, datt déi Fonctiounen, déi de Commissaire de district hat elo zum groussen Deel vum Inneministère selwer iwwerholl ginn, respektiv vun deene Beamten déi am Intérieur schaffen. An aner eenzel Tâchen, déi en och nach fir aner Ministèren iwwerholl hat ginn dann an déi Tutelle vun deene Ministèren iwwerholl.

Carole Schimmer: D’Distriktskommissäre waren jo och am Fall vun engem Litige beim Vote an engem Gemengerot zoustänneg. Iwwerhëlt de Ministère dat elo?

Dan Kersch: Zoustänneg waren se am Fong ni. Si hunn am Fong ëmmer nëmmen eng Étude gemaacht, oder si hunn eng Investigatioun gemaacht. An et war ëmmer de Minister deen déi politesch Verantwortung hat an deen op Grond vun de Berichter déi d’Kommissariater gemaacht hunn, dann tranchéiert huet. An ech mengen dat ass jo och eng vun deenen ganz entscheedende Froen an dëser Saach. Ech mengen hei geet et drëms fir engersäits deene Leit déi en demokratescht Mandat an de Gemengen hunn, erëm déi Méiglechkeeten ze ginn fir selwer ze décidéieren. A wann e Litige opkënnt, da muss een aneren politeschen Träger tranchéieren, dat ass de Minister vum Intérieur. An do brauche mir am Fong keng Instanz dotëscht. Ech mengen dat ass jo de ganzen Objet vun der Operatioun. An ech mengen wéi gesot, mir waren eis eens datt een dat soll maachen an d’Regierung huet dat eben elo séier ëmgesat.

Carole Schimmer: Et gëtt och elo eng Ännerung um Niveau vun de Mietkommissiounen. Firwat war dat elo néideg?

Dan Kersch: Ma ech mengen, d’Mietkommissiounen, dat war eng Mer à boire kann ee soen, wéi se zesumme komm sinn. Einfach duerch déi gesetzlech Bestëmmungen. Datt déi Gemengen, déi manner wéi 6.000 Awunner hunn, keng eegen Mietkommissioun dierften ze hunn. Déi hu sech da mussen zesummen doen, si hunn dann ënner der Presidentschaft vum Commissariat de district éischtens emol konstituéiert ginn, wat scho guer net einfach war a verschiddene Saachen. An op der aner Säit huet all eenzel Sitzung och vum Commissaire de district missen presidéiert ginn. Mir mengen datt dat vill zevill komplizéiert war. An dofir hu mir dann och gesot, datt déi Kommissiounen, déi elo, wéi se bestinn, och nach wäerten weider bestoen bis bei déi nächst Gemengewahlen. Mee ab deenen nächste Gemengewahlen kritt dann erëm all Gemeng hier eegen Mietkommissioun. Dat huet och de grousse Virdeel, datt déi Leit tranchéieren, déi d’Situatioun op deem Gemengenterrain am Beschte kennen. Ech mengen och dat ass eppes wat sech einfach opgedrängt huet.

Carole Schimmer: Dat heescht, et kënnt een op déi Situatioun vu fréier zeréck?

Dan Kersch: Et kennt een net onbedéngt op déi Situatioun vu fréier zeréck. Well mir awer mengen, datt mir och nach am Kader vun deene Mietkommissioune nach eng kéier mussen driwwer diskutéieren, wat genau hier Kompetenze sinn. Ech weess och vun der Wunnengsbauministesch datt si sech doriwwer nach wëll ganz konkret Gedanke maachen, fir eventuell seguer nach d’Kompetenzen vun deene Mietkommissiounen auszeweiden. Mee op der aner Säit ass et awer dann wierklech esou, datt all Gemeng, och am Kader vun enger moderner Wunnengsbaupolitik eng eegen Kommissioun wäert hunn, esou wéi et fréier war.

Dernière mise à jour