All d'Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 1098 Resultater
  1. Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.

  2. D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Dezember 2022 bei 15.760 Persounen. Dat ass eng Baisse vu 643 Persounen (-3,9%) am Verglach zu Dezember 2021.

  3. Déi ëffentlech Campagne, déi vu Luxembourg Stratégie, der Direktioun fir strategesch Zukunftsforschung vum Wirtschaftsministère, am Kader vun der Entwécklung vun Zenarien iwwer méiglech Zukunften an d'Ausschaffe vun enger entspriechender strategescher Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft bis 2050 duerchgefouert gouf, ass e Méinden, de 16. Januar 2023 mat enger zweeter Biergerdebatt mam Wirtschaftsminister Franz Fayot op en Enn gaangen.

  4. De Ministère fir Digitaliséierung huet eng Ausschreiwung lancéiert, fir d'Finanzéierung vu Projeten, déi di digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fir 2023 fërderen. Dës Ausschreiwung ass Deel vun der Strategie fir d'Ëmsetzung vum nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun.

  5. D'Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Joëlle Welfring, d'Waasserverwaltung (AGE), de Syvicol (Syndicat des villes et communes luxembourgeoises) an d'Association luxembourgeoise des services d'eau (Aluseau) hunn haut op hir Pressekonferenz "Virstellung vum neien Drénkwaassergesetz" invitéiert.

  6. Well China aktuell mat enger grousser Well u Covid-19-Infektioune konfrontéiert ass an de chineesesche Gesondheetssystem iwwerlaascht ass, schléisst sech Lëtzebuerg dem däitsche Reeshiweis un a réit därzäit vun net onbedéngt noutwennege Reesen a China of.

  1. Éischt Säit
  2. ...
  3. 16
  4. 17
  5. 18
  6. 19
  7. 20
  8. ...
  9. Lescht Säit