-
E neien, eenheetlechen a neutrale Carnet de santé
Ab dem 1. Februar 2023 kritt de Carnet de santé en neit Ausgesinn. Den neie Carnet de santé, dee vun der Gesondheetsdirektioun ausgeschafft gouf, ass Deel vun enger Politik déi méi Neutralitéit a Gläichheet tëschent Meedercher a Jonge fërdere soll.
-
Ëmfro iwwert d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung
Am Januar 2023 huet de Ministère fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun, an Zesummenaarbecht mam Luxembourg Institute of Socio-Economic Research (LISER), eng Ëmfro iwwer d'Besoine vu Persoune mat enger Behënnerung zu Lëtzebuerg lancéiert.
-
Éischt Etapp vum Iwwerschaffe vum Gemengegesetz ofgeschloss: Den neien Iwwerwaachungssystem vun der kommunaler Gestioun gëtt Realitéit
Um Dag virum Akraafttriede vun den neie Regelen a Saachen Tutelle administrative iwwert d'Gemengen an déi hinnen assimiléiert Entitéiten hunn d'Inneministesch an de President vum Syvicol op enger Pressekonferenz d'Schlësselelementer ervirgehuewen, déi zum Wuel vun de Gemengen a vum Inneministère méi e modernen, transparenten an digitale Verwaltungsprozess aféieren.
-
"Ech wäert geziilte Steiererliichterunge proposéieren, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen"
Den 30. Januar 2023 huet d'Finanzministesch Yuriko Backes bei enger gemeinsamer Sitzung vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetsexekutiounskommissioun vun der Chamber d'Finanzlag vum Staat op den 31. Dezember 2022 virgestallt.
-
"On Stéitsch"-Festival - Opruff fir jonk KënschtlerInnen a Kreativer
Déi 16. Editioun vum Festival "On Stéitsch", dee vum Nationale Jugendservice (SNJ) organiséiert gëtt, fënnt den 23. September 2023 um Site vun de Rotondes statt.
-
Den Asaz vun erneierbaren Energië gëtt op kommunalem Niveau beschleunegt
Duerch de Krich an der Ukrain an déi domadder verbonnen Hausse vun den Energiepräisser, gouf d'Reglement (UE) 2022/2577 vum Rot iwwer d'Schafung vun engem Kader fir de schnellen Asaz vun Installatioune fir erneierbar Energie adoptéiert an ass den 22. Dezember a Kraaft getruede fir esou mat direkten an temporäre Moossname gezielt erneierbar Energien ze fërderen.
-
Ee vereinfachte legale Kader fir d'Harmoniséierung vun den offizielle Liewensmëttelkontrollen
"Den héijen Niveau vun der Liewensmëttelsécherheet, dee mir am Grand-Duché ustriewen, erfuerdert een harmoniséierten a vereinfachte legale Kader", erkläert de Minister Claude Haagen no der Sëtzung vum Regierungsrot de 27. Januar 2023.
-
D'Taina Bofferding ënnerschreift nei Konventioun mam FNR a Research Luxembourg
De 25. Januar 2023, hunn d'Taina Bofferding, Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an de Marc Schiltz, Generalsekretär vum Fonds national de la recherche (FNR) an offizielle Vertrieder vu Research Luxembourg, eng Konventioun fir déi zweet Editioun vun der Sensibiliséierungscampagne "Women and Girls in Research" ënnerschriwwen.
-
Konstruktiven Echange mat de Vertrieder vu Landwirtschaft, Wäibau a Gäertnerei beim "Agrarsommet"
Op Ufro vum Agrarsecteur haten de Staats- a Premierminister Xavier Bettel, de Claude Haagen, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, an d'Joëlle Welfring, Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, Vertrieder aus der Landwirtschaft, dem Wäibau an der Gäertnerei de 26. Januar 2023 op den "Agrarsommet" um Schlass Senneng invitéiert.
-
Am Kader vum 5. Gebuertsdag vun der Luxembourg Space Agency maache Weltraumentreprisen hir Diere fir d'Ëffentlechkeet op
Am Kader vun hirem fënnefjärege Bestoe mécht d'Lëtzebuerger Weltraumagence zesumme mat Ronn 20 Lëtzebuerger Weltraumentreprisen a Start-Ups iwwert dat ganzt Joer 2023 hir Dieren op fir der Ëffentlechkeet een Abléck an hir Aktivitéiten z'erméiglechen.
-
Infektioune vun den Otemweeër: Réckbléck op d'Woch vum 16. bis den 22. Januar 2023
De Wocheréckbléck bitt Iech e méi breeden Iwwerbléck iwwer respiratoresch Viren am Allgemengen: dozou gehéieren de COVID-19 an d'Gripp (Influenza)
-
D'Taina Bofferding approuvéiert den 1. PAP, deen op Basis vun de neie Moossname vum Pacte Logement 2.0. erstallt gouf
215 Wunnunitéiten, dovunner 37 abordabel (verdeelt op 3 Eefamilljenhaiser a 34 Wunnengen), wäerten am Kader vum "Plan d'aménagement particulier" (PAP) Mäertert Bergfeld gebaut ginn.
-
"Pakt Pro Commerce 2023" als Katalysator fir de lokalen Handel
De 25. Januar 2023 hunn de Lex Delles, Minister fir Mëttelstand, de Carlo Thelen, Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, an d'Carole Muller, Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise du commerce, de "Pakt Pro Commerce 2023" virgestallt.
-
D'Sam Tanson huet de Gesetzesprojet iwwer d'Späicherung vu persounebezunnen Donnéeë virgestallt
De 25. Januar 2023 huet d'Justizministesch de Gesetzesprojet virgestallt, mat deem de nationale legalen Dispositif iwwert d'Späicherung vu persounebezunnen Donnéeën am Beräich vun der elektronesche Kommunikatioun un d'Ufuerderunge vun de leschten Urteeler vum europäesche Geriichtshaff an dësem Domaine ugepasst soll ginn.
-
Lancement vun der Ausschreiwung fir d'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun
D'Bäihëllef fir nei Forme vu kultureller Mediatioun vum Kulturministère ass en neien Hëllefsmechanismus fir Auteuren, Kritikerinnen a Kritiker oder Kolumnistinnen a Kolumnisten am kulturelle Beräich, déi en onofhängege Forum, Blog, Vlog oder Podcast fir d'Publikatioun, d'Begleedung oder d'Kritik vun der Aktualitéit vun der artistescher a kultureller Zeen hei zu Lëtzebuerg bedreiwen.
- Éischt Säit
- ...
- 18
- 19
- 20
- 21
- 22
- ...
- Lescht Säit