-
Remboursement vun der Psychotherapie vum 1. Februar un
De 24. Januar 2023 huet de Staatsrot säin Avis zu zwee groussherzogleche Reglementer iwwer d'Modalitéite fir d'Iwwerhuele vun de Käschte fir Psychotherapie duerch d'Krankeversécherung bekannt ginn.
-
Agrargesetz: erfollegräich bilateral Reuniounen tëscht dem Minister Claude Haagen an der Landwirtschaftskummer
Nom Avis vun der Landwirtschaftskummer zum Gesetzesentworf Nr. 8060 iwwert d'Ënnerstëtzung vun der nohalteger Entwécklung vum ländleche Raum, aktuell Agrargesetz genannt, hunn sech de Minister Claude Haagen an d'Vertrieder vun der Kummer e puer Mol getrafft fir Léisunge, fir déi doran ugeschwate Probleemer ze fannen.
-
"The red suitcase" vum Lëtzebuerger Cyrus Neshvad ass fir d'Oscaren nominéiert
D'Akademie vun den Oscaren huet déi leschte 5 Filmer bekannt ginn, déi fir déi wäertvoll gëlle Statue nominéiert sinn
-
Phishing Versuch per E-Mail/SMS
Zurzäit si Phishing Versich per E-Mail/SMS am Ëmlaf, déi de Banner vu gouvernement.lu benotzen.
-
Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun
Den 23. Januar 2023 huet de Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, op enger Pressekonferenz a Clausen d'Evaluatioun vun der schoulescher Inklusioun zu Lëtzebuerg presentéiert.
-
Berlinale 2023: 3 Lëtzebuerger Koproduktiounen an der offizieller Selektioun
Nodeems d'lescht Woch annoncéiert gouf, datt dem Enzo d'Alò säi Film Greyhound of a Girl, eng Koproduktioun vu Paul Thiltges Disributions, fir d'Sektioun Generation Kplus ausgewielt gouf, ass de Lëtzebuerger Kino dëst Joer mat 3 Filmer an der offizieller Selektioun bei der Berlinale (16.-26. Februar) vertrueden.
-
De Regierungsrot geneemegt allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen
Den 20. Januar 2023 huet de Regierungsrot den Avant-Projet fir d'groussherzoglecht Reglement iwwer d'Nomenclature vun de medezineschen Akten a Servicer déi vun der Krankeversécherung iwwerholl gi guttgeheescht, fir esou de Programm vun der Preventivmedezin an dem allgemengen Zougang zu Verhütungsmëttelen op nationalem Plang ëmzesetzen.
-
Evolutioun vum Chômage am Dezember 2022
D'Zuel vun den disponibelen Demandeurs d'Emploi hei am Land, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, louch den 31. Dezember 2022 bei 15.760 Persounen. Dat ass eng Baisse vu 643 Persounen (-3,9%) am Verglach zu Dezember 2021.
-
2022 hunn 10.499 Persounen d'Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun, Optioun oder Recouvrement kritt
Am Joer 2022 kruten insgesamt 10.499 Persounen déi Lëtzebuerger Nationalitéit duerch Naturalisatioun, Optioun oder Recouvrement.
-
D'Lëtzebuerger Unesco-Kommissioun organiséiert fir 2023 eng Rei Manifestatioune ronderëm Thema Weltbiergerschaft
Am Kader vu sengem Zyklus "Les Rendez-Vous de l'Unesco", plangt déi lëtzebuergesch Unesco-Kommissioun fir 2023 eng Rei multidisziplinäre Manifestatioune ronderëm d'Thema Weltbiergerschaft.
-
Administrativ Vereinfachung am Mëttelpunkt vum éischten "Simplify Day" vum Ministère fir Digitaliséierung
Den 19. Januar 2023 huet de Ministère fir Digitaliséierung d'Staatsbeamten op säin éischten "Simplify Day" am European Convention Center Luxembourg invitéiert. En Dag, dee ganz am Zeeche vun der administrativer Vereinfachung stoung. An dëser éischter Editioun war d'Haaptthema: "Administrativ Vereinfachung: Initiativen, Outilen an eng besser Gesetzgebung".
-
Autofestival 2023: Erënnerung un e puer gesetzlech Grondsätz
Mam Lancement vum Autofestival 2023 wëll de Ministère fir Konsumenteschutz un d’Wichtegkeet vun e puer gesetzleche Grondsätz zum Schutz vun de Rechter vun de Konsumenten erënneren.
-
Designatioun vum Organisme, deen den europäesche Verbrauchzenter zu Lëtzebuerg dierf hebergéieren
En date du 12 janvier 2023 et conformément au règlement européen établissant notamment un programme en faveur du Marché intérieur, le ministère de la Protection des consommateurs a désigné le Centre européen des consommateurs GIE comme organisme éligible à soumettre la demande de...
-
Resultater vun der ëffentlecher Campagne ECO2050 déi vu Luxembourg Stratégie duerchgefouert gouf, iwwer "Zukunftszenarien an déi entspriechend strategesch Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft bis 2050".
Déi ëffentlech Campagne, déi vu Luxembourg Stratégie, der Direktioun fir strategesch Zukunftsforschung vum Wirtschaftsministère, am Kader vun der Entwécklung vun Zenarien iwwer méiglech Zukunften an d'Ausschaffe vun enger entspriechender strategescher Visioun fir d'Lëtzebuerger Wirtschaft bis 2050 duerchgefouert gouf, ass e Méinden, de 16. Januar 2023 mat enger zweeter Biergerdebatt mam Wirtschaftsminister Franz Fayot op en Enn gaangen.
-
Ausschreiwung fir Projeten zur digitaler Inklusioun 2023
De Ministère fir Digitaliséierung huet eng Ausschreiwung lancéiert, fir d'Finanzéierung vu Projeten, déi di digital Inklusioun zu Lëtzebuerg fir 2023 fërderen. Dës Ausschreiwung ass Deel vun der Strategie fir d'Ëmsetzung vum nationalen Aktiounsplang fir digital Inklusioun.
- Éischt Säit
- ...
- 19
- 20
- 21
- 22
- 23
- ...
- Lescht Säit