-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 10 bis 16. August
An der Woch vum 10. bis de 16. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter däitlech réckleefeg. An dësem Zäitraum goufen 249 Neiinfektiounen (-30%), sou wéi 1.779 Kontakter (-27%) verzeechent.
-
COVID-19-Neiinfektiounen - Réckbléck op d'Woch vum 27. Juli bis 2. August
An der Woch vum 27. Juli bis den 2. August sinn d'Zuel vun de positiv op COVID-19 geteste Persounen an d'Zuel vun den identifizéierte Kontakter konstant an op héijem Niveau bliwwen.
-
Presentatioun vum "Vëlosummer 2020"
De Minister fir Tourismus Lex Delles presentéiert de Vëlosummer 2020. D'Generaldirektioun fir Tourismus huet notamment eng Kaart mat Tour-Propositiounen ausgeschafft, op där och Entreprisen aus dem Horesca-Beräich an touristesch Attraktiounen ervirgehuewe ginn. Dobäi kënnt nach e speziellen Internetsite fir de "Vëlosummer 2020" esou wéi eng Publicitéitscampagne.
-
"Covidtest Reesen": Nei Prozedur fir Residenten, déi an d'Ausland reese mussen
Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéieren verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg kommen, zu 14 Deeg Quarantänn oder e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wann si an dat Land areesen.
-
Covidtest: Deplacementer fir Residenten déi virum 2. August 2020 an d'Ausland reese mussen
Opgrond vun der Augmentatioun vun de COVID-19 Infektiounen an de leschte Wochen, obligéiere verschidde Länner Persounen, déi aus Lëtzebuerg kommen, fir e negative COVID-19-Test ze presentéieren, wa si an dat Land areesen.
-
Regierungsëmbildung betreffend d'Kompetenze vun der Verdeedegung an der bannenzeger Sécherheet
Op Virschlag vum Premierminister huet de Grand-Duc eng Reorganisatioun vun de ministerielle Kompetenze virgeholl.
-
De Franz Fayot begréisst datt d'Chamber déi nei Hëllefen, fir d'Investissementer vun den Entreprisen an Zäite vum COVID-19 unzekuerbelen, ugeholl huet
Den 22. Juli 2020 huet d'Chamber unanim de Gesetzesprojet iwwert e neit Hëllefsinstrument fir Entreprisen déi duerch d'COVID-19-Kris impaktéiert goufen ugeholl.
-
Pressekonferenz vum Paulette Lenert iwwer d'Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an de Contacttracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis den 19. Juli
D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet de Point iwwert d’Evolutioun vun de COVID-19-Infektiounen an de Contacttracing am Verlaf vun der Woch vum 13. bis den 19. Juli gemaach.
-
Gesetzesprojet iwwert d'Reform vun der Pressehëllef - eng Ënnerstëtzung fir déi professionell journalistesch Aarbecht
D'Reform vun der sougenannter "Pressehëllef" ass elo an der legislativer Prozedur a gëtt der zoustänneger Chamberkommissioun virgeluecht. Den Text, deen de Regierungsrot ugeholl huet, wäert dat aktuellt Fërdergesetz aus dem Joer 1976 ofléisen.
-
Informatioun vum Aussen- an Europaministère iwwert Reesen an d'Schwäiz
D'Schwäiz bereet sech op d'Opnam vu Lëtzebuerg op d'Lëscht vun de Länner mat héijem COVID-19-Infektiounsrisiko vir. Déi Opnam kéint schonn den 22. Juli 2020 erfollegen.
-
Gratis Nohëllefscoursen: Aschreiwung bis de 26. Juli
D'Schouljoer 2019/2020 war en Defi fir jiddwereen - Enseignanten, Schüler an Elteren. Déi kommend Wochen erlaben et sech ze entspanen an Energie ze tanken, mee och, fir déijéineg de et brauchen oder de Besoin verspieren, sech op d'Rentrée am September virzebereeden.
-
Weider Adaptatioune vun de Mesurë géint d'COVID-19-Pandemie
Opgrond vun der Hausse vun den Zuele vun de mam Coronavirus infizéierte Persounen, mat där eist Land konfrontéiert ass, huet de Regierungsrot den 19. Juli 2020 e Gesetzesprojet zur Ännerung vum Gesetz vum 17. Juli 2020 zur Aféierung vun enger Rei Moossnamen zur Bekämpfung vun der COVID-19-Pandemie ugeholl.
-
Pressebriefing nom ausseruerdentleche Regierungsrot vum 19. Juli 2020
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel an d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert informéieren d’Press iwwert d’Aarbechte vum ausseruerdentleche Regierungsrot.
-
Informatioun vum Aussen- an Europaminister zu den däitsche Grenzen
Déi däitsch Bundesregierung huet Lëtzebuerg de 14. Juli als Risikogebitt agestuuft.
-
3 Froen un de Maxime Bender vum Trifolion
Zanter kuerzem ass den Jazz-Museker Maxime Bender de neien Direkter vum Trifolion. 2019 huet hie schonn d´Leedung vum Festival Echterlive iwwerholl. Am Interview deelt hien seng Visioun vun der Zukunft vum Iechternacher Kulturhaus.
- Éischt Säit
- ...
- 58
- 59
- 60
- 61
- 62
- ...
- Lescht Säit