-
Internationalen Dag vun den Infirmiers
Déi aktuell sanitaire Kris léist eis fillen, wéi wichteg d'Fleeg fir onse Gesondheetssysteem ass. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) huet d'Joer 2020 als d'Joer vun den Infirmieren an den Hiewanen deklaréiert.
-
3 Froen un den David Ianni
"Together", e Stéck vum David Ianni, passt perfekt zum Gefill vun Zesummenhalt wärend der Corana-Zäit. De Projet war ursprénglech als klassesche Museksvideo mat engem faarwege Piano geplangt Kuerzerhand huet de Komponist d'Léit invitéiert, fir kleng Videosequenze vu sech ze schécken, fir e Video ze produzéieren, deen aus lauter klengen "homemade" Clips besteet.
-
Gebuert vu Senger Kinneklech Altesse de Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume
Den 10. Mee 2020, um 05:12 Auer, ass de Prënz Charles Jean Philippe Joseph Marie Guillaume an der Stater Maternité Grande-Duchesse Charlotte op d'Welt komm.
-
Pressekonferenz iwwert d'Entwécklung vun der Police-Aarbecht am Kader vun der Ophiewung vun de COVID-19-Restriktiounen
Pressekonferenz am Livestream um 16 Auer vum François Bausch, Minister fir bannenzeg Sécherheet, mam Generaldirekter vun der Police Philippe Schrantz iwwert d'Entwécklung vun der Police-Aarbecht am Kader vun der Ophiewung vun de COVID-19-Restriktiounen.
-
Pressekonferenz iwwert den Deconfinement am Beräich Sport
Pressekonferenz am Livestream um 14:30 Auer vum Sportsminister Dan Kersch iwwert den Deconfinement am Beräich Sport.
-
Nei Indemnitéit fir Fräiberuffler déi net zeréckbezuelt muss ginn
D'Lëtzebuerger Regierung huet decidéiert den Ënnerstetzungsmechanismus fir Fräiberuffler, déi vu finanzielle Konsequenze duerch d'COVID-19-Pandemie betraff sinn, ze verstäerken.
-
Pressekonferenz iwwert d'Reprise vun de Coursen an dem Accueil an der Grondschoul
De Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Juegend, an den Emile Eicher, President vum Syvicol, informéieren iwwert d'Modalitéiten vun der Reprise. De Livestream fänkt géint 13 Auer un.
-
COVID-19: Säll fir d'Feierlechkeete vun Hochzäiten an d’Schléissung vun enger Partnerschaft
De Regierungsrot huet de 4 Mee 2020 eng Ausnamereegelung am Artikel 75 vum Code civil ugeholl, déi et de Standesbeamten vun elo un erlaabt, Hochzäiten net nëmmen an der Gemeng, mee och an anere Gebaier, déi der Gemeng gehéieren, ofzehalen. D’Schléissung vun enger Partnerschaft (PACS) kann och an dëse Gebaier stattfannen.
-
Pressebriefing iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot vum 4. Mee 2020
De Premierminister Xavier Bettel informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot an zesumme mat der Gesondheetsministech Paulette Lenert maache se de Punkt zu der Situatioun vun der COVID-19-Kris. De Livestream fänkt géint 17 Auer un.
-
"D'Schüler stellen dem Claude Meisch hir urgent Froen"
Interview vum Claude Meisch am Tageblatt
-
3 Froen un d'Romy Grandgenet vun der Initiativ "D'Späicherliicht"
D'Spillschoulsjoffer an Autorin Romy Grandgenet kann de Moment hir Schoulkanner zwar net gesinn, mee hellt si awer op hirer Facebookesäit an hirem Youtube-Kanal "D'Späicherliicht" mat an eng Welt voller Lidder a Geschichten.
-
Digital IKI : Onst immateriellt Kulturierwen digital - Digital Oktave
2003 hat d’UNESCO eng wichteg Konventioun zum Erhalt an zum Schutz vum immaterielle Kulturierwen op der ganzer Welt beschloss. 2007 huet de Lëtzebuerger Kulturministère den nationalen Inventar vum lëtzebuergeschen immaterielle Kulturierwe beschloss, op deem 2008 véier Manifestatiounen opgeholl goufen.
-
3 Froen un de Claude Conter vum "Centre national de littérature"
De Claude Conter, Direkter vum "Centre national de littérature” wënscht sech, datt Kanner a Jugendlecher, déi elo doheem bleiwe mussen, déi Zäit niewent de schouleschen Aufgaben och dofir notzen, aner Welte kennenzeléieren. Dofir huet den CNL e Youtube-Channel ageriicht mat Liesunge fir Kanner a Jugendlecher.
-
Presentatioun vun de Modalitéite vun der Reprise vun der Aktivitéit vun Dokteren an Zänndokteren
D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert an den Dr Alain Schmit, nationale medezinesche Koordinator, presentéieren d'Modalitéite vun der Reprise vun der Aktivitéit vun Dokteren an Zänndokteren.
-
Eng Exit-Strategie encadréiert vu sanitäre Mesuren a Fuerschung
D'Haaptzil ass et eng zweet Well un infizéierte Persounen am Kader vum Deconfinement z'evitéieren an esou och e neie Confinement ze verhënneren.
- Éischt Säit
- ...
- 61
- 62
- 63
- 64
- 65
- ...
- Lescht Säit