10 Fichen iwwert de Grand-Duché: Publikatioun vun enger Broschür fir Lëtzebuerg ze presentéieren an ze promovéieren

Den Informatiouns- a Pressedéngscht vun der Regierung (SIP), an Zesummenaarbecht mat dem Statec, huet elo just seng Broschür 10  Fichen iwwert de Grand-Duché publizéiert  - eng Fortsetzung vun den Infografiken, déi de SIP säit 2015 erausginn huet. Fir d'Versioun 2019 gouf den Inhalt aktualiséiert an den Design komplett iwwerschafft.

10 Fichen iwwert de Grand-Duché soll d'Land visuell a spilleresch presentéieren a promovéieren. D'Broschür ass an zéng Kapitel opgedeelt: Op ee Bléck, Geschicht vum Grand-Duché, Kultur, Bevëlkerung a Sprooch, Liewensqualitéit, Politik an Institutiounen, Lëtzebuerg an der Welt, Wirtschaft, Import an Export, Innovatioun.

D'Broschür, déi sech un de Grand public riicht, existéiert a véier Sproochen: op Franséisch, Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch.

Wéi och all déi aner Publikatioune vum SIP kann d'Broschür, am Format 200 x 260 mm, online gekuckt, erofgelueden oder bestallt ginn - dat ënnert der Rubrik "Publikatiounen" um Site www.gouvernement.lu. Se kann awer och iwwert d'Adress edition@sip.etat.lu bestallt ginn.

Communiqué vum Informatiouns- a Pressedéngscht

 

Aktualiséiert