Regionalversammlungen zum séieren Tram a sengem multimodale Kontext mam Minister François Bausch

De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten an d'Schäfferéit vun de Gemengen invitéieren op 4 ëffentlech Versammlungen iwwer de séieren Tram a säi multimodale Kontext tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Süden.

Programm:

  • Virstellung vun der Planifikatioun vum Tram
  • Oppen Diskussioun

Den Entrée ass fräi. Eng Iwwersetzung op Franséisch ass virgesinn.

D'Versammlunge sinn a folgende Gemengen, um 19 Auer:

  • Dënschdes, de 27. Oktober 2020 an der Maison du Savoir (groussen Auditoire) vun der Uni Belval (120 Sëtzplazen)
  • Méindes, den 9. November 2020 am Sall Artikuss zu Zolwer (84 Sëtzplazen)
  • Donneschdes, den 12. November 2020 am Centre culturel "An der Eech" zu Leideleng (100 Sëtzplazen)
  • Méindes, de 16. November 2020 am Centre culturel zu Monnerech (100 Sëtzplazen)

Op all Versammlung un där méi wéi zéng Leit gläichzeiteg deelhuelen, mussen d'Participanten eng fest Sëtzplaz zougewisen kréien, déi den Mindestofstand vun zwee Meter respektéiert. D'Droen vun engem Mask ass souwuel fir d'Personal, wéi och fir d'Visiteuren, wann se net sëtzen, zu all Moment obligatoresch.

D'Unzuel u Sëtzplazen ass begrenzt. D'Umellung ass obligatoresch an kann iwwert de Portail vum Ministère www.transports.lu gemaach ginn. Leit, déi net ugemellt sinn, duerfen net deelhuelen.

 

Communiqué vum Ministère fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten    

Aktualiséiert