Biographie

D'Taina Bofferding ass den 22. November 1982 zu Esch-Uelzecht gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Secondairesstudium am Lycée classique Hubert Clément zu Esch-Uelzecht krut d'Taina Bofferding 2005 hiren Diplom als Educatrice um Institut d'études éducatives et sociales. Dono huet si Sozialwëssenschaften op der Universitéit Tréier studéiert an hire Studium 2011 mat engem Diplom ofgeschloss.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 trëtt d'Taina Bofferding de 5. Dezember 2018 als Inneministesch an als Ministesch fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

Aner politesch Funktiounen

Säit 2004 ass d'Taina Bofferding Member bei der LSAP a bei de Chamberwalen 2013 gouf si déi éischte Kéier an d'Chamber gewielt. An der Chamber ass si Member vu verschiddene Kommissiounen, dorënner d'Kommissioun fir d'Revisioun vun der Constitutioun, d'Kommissioun fir Kultur, d'Kommissioun fir Héichschoul, Fuerschung, Medien, Kommunikatioun an de Weltraum, d'Kommissioun fir Famill an Integratioun, d'Kommissioun fir Wunnengsbau, esou wéi d'Kommissioun fir Aarbecht, Beschäftegung a sozial Sécherheet.

Op Gemengenniveau ass d'Taina Bofferding vun 2011 bis 2018 Conseillière am Gemengerot vun Esch-Uelzecht a säit Mäerz 2018 och Presidentin vun der Escher LSAP-Sektioun.

Aktualiséiert