-
D'Taina Bofferding ënnerstëtzt d'Orange Week 2019: "Ech soen NEE zur Gewalt géint Meedercher a Fraen"
Et ass dat 3. Joer, no 2017 an 2018, datt de Ministère fir Gläichstellung tëschent Fraen a Männer d'"Orange Week" ënnerstëtzt. Mat der oranger Beliichtung vu villen ëffentleche Gebaier an iwwert verschidden Informatiouns- a Sensibilisatiounsevenementer, gëtt de Sujet vun der Gewalt géint Fraen a Meedercher an de Mëttelpunkt vum ëffentlechen Interessi gestallt.