Biographie

D'Carole Dieschbourg ass den 3. Oktober 1977 zu Ettelbréck gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirem Secondairesstudium am Lycée classique zu Iechternach vun 1990 bis 1997 studéiert d'Carole Dieschbourg Geschicht a Germanistik op der Universitéit zu Tréier vun 1997 bis 2005, wou si 2005 dann e Master of Arts mécht.

Regierungsfunktiounen

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 trëtt d'Carole Dieschbourg de 4. Dezember 2013 als Ëmweltministesch an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.

No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt d’Carole Dieschbourg de 5. Dezember 2018 zur Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Op regionalem Niveau ass d'Carole Dieschbourg vun 2011 bis zu hirer Nominatioun als Ministesch Member vum Iechternacher Gemengerot.

Am Dezember 2015 koordinéiert d'Carole Dieschbourg ënner der Lëtzebuerger Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun d'Positioun vun der EU op der Konferenz iwwer de Klimawiessel (COP21) zu Paräis.  

Beruffstätegkeet

Am Kader vum Programm "Leader+ Müllerthal" ass d'Carole Dieschbourg vun 2005 bis 2006 Koordinatrice vun de Projeten "Moulins – inventaire, excursion et sentier régional" a "Millebuch".

2007 publizéiert si d'Buch Die Mühlen des Müllerthals.

D'Carole Dieschbourg war bis zu hirer Nominatioun als Ministesch, am Dezember 2013, an der Direktioun vun der Mille Moulin J.P. Dieschbourg täteg, e Familljebetrib zanter 1897.

Aktualiséiert