Biographie

De Claude Haagen ass den 18. Mee 1962 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No engem Secondairesstudium am Lycée classique zu Dikrech mécht de Claude Haagen 1987 eng Maîtrise a Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften op der Universitéit zu Stroossbuerg.

Regierungsfunktiounen

No der Demissioun vum Romain Schneider trëtt de Claude Haagen de 5. Januar 2022 als Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung an als Minister fir sozial Sécherheet an d'Koalitiounsregierung vun DP, LSAP an déi gréng an.

Aner politesch Funktiounen

No de Kommunalwale vun 1993 gëtt de Claude Haagen an de Gemengerot vun der Stad Dikrech gewielt a gëtt 1997 Schäffen.

2001 gëtt hien eng éischte Kéier Buergermeeschter an ass no de Gemengewale vun 2005 an der Oppositioun. Sechs Joer duerno, 2011, iwwerhëlt hien op een Neits de Poste vum Buergermeeschter, deen hien eréischt opgëtt, nodeems hie vu senger Partei dozou nominéiert ginn ass, d'Nofolleg vum Romain Schneider an der Regierung z'iwwerhuelen.

De Claude Haagen gëtt 2009 eng éischte Kéier als Deputéierten an d'Chamber gewielt a gëtt 2013 an 2018 erëmgewielt.

Vun 2014 bis 2019 ass hie Präsident vun der LSAP.

Beruffstätegkeet

No senge Studie gëtt de Claude Haagen Professer a Wirtschafts- a Sozialwëssenschaften am Lycée technique vun Ettelbréck.

Aktualiséiert