Lancement vum Digital Learning Hub: e wichtege Schratt zur Stäerkung vun de Kompetenze vum 21. Joerhonnert. D'École 42 kënnt op Lëtzebuerg!

De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet e Méindeg, de 16. Mee 2022 den Digital Learning Hub (DLH) am Terres-Rouges-Gebai um Belval lancéiert. D'Schafe vum DLH als moderne Léierzentrum ass eng Reaktioun op déi steigend Demanden um Lëtzebuerger Aarbechtsmarché am Beräich vun den digitale Kompetenzen.

  1. ©MENJE

    (v. l. n. r.) Fabrice Croiseaux, Luxembourg Blockchain Lab; Christoph Meinel, CEO, Hasso-Plattner-Institut; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ; Sophie Viger, managing director, école 42 ; Pascal Steichen, CEO, SECURITYMADEIN.LU

    (v. l. n. r.) Fabrice Croiseaux, Luxembourg Blockchain Lab; Christoph Meinel, CEO, Hasso-Plattner-Institut; Claude Meisch, Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend ; Sophie Viger, managing director, école 42 ; Pascal Steichen, CEO, SECURITYMADEIN.LU

  2. ©MENJE

    De Claude Meisch stellt den Digital Learning Hub vir

    De Claude Meisch stellt den Digital Learning Hub vir

De Kontrakt vun der lëtzebuergescher Filière vun der École 42, enger renomméierter Coding-Schoul, gouf op der Pressekonferenz vum Claude Meisch a vum Sophie Viger ënnerschriwwen an ass d'Kärelement vum Digital Learning Hub. De Claude Meisch huet dobäi d'Wichtegkeet vun engem Digital Learning Hub fir Lëtzebuerg ënnerstrach:

"D'Zukunft ass digital. Dofir musse mer d'digital Kompetenze scho bei de klenge Kanner stäerken: op eng spilleresch Manéier mam Coding am Fondamental oder am Fach Digital Sciences am Secondaire. Mee och duerno am Beruff ass et wichteg, déi digital Kompetenzen aus- a weiderzebilden. Mam Digital Learning Hub kritt Lëtzebuerg e moderne Formatiounszentrum, wou Kreativitéit, autonoomt Léieren an Zesummenaarbecht dierfen ausgelieft ginn.”

Den DLH, den neie Léierzentrum am Beräich vun der Formation Professionnelle Continue, bitt Formatiounen am Coding, an der Cybersecurity, am Blockchain an am Design Thinking un. D'Offer ass op fir jiddereen, dee groussjäreg ass, onofhängeg vun der Qualifikatioun oder vun engem Diplom, an dëst esouwuel fir Residenten ewéi fir Net-Residenten. Den DLH ass eng Plaz, wou net nëmmen déi digital Kompetenzen aus- a weidergebilt ginn, mee wou generell an d'Kompetenze vum 21. Joerhonnert investéiert gëtt. Et ass eng Infrastruktur, déi den Echange tëschent Apprenanten a Professionellen, d'Kreativitéit, d'Peer-to-peer-Aarbecht an d'eegestännegt Léiere favoriséiert.

All eis Entreprisë sinn op digital Spezialisten ugewisen. Den Digital Learning Hub wäert a geziilte Beräicher aus- a weiderbilden a stäerkt esou d'Kompetitivitéit vun der Lëtzebuerger Ekonomie.

École 42: Eng weltwäit Referenz am Beräich Coding an eenzegaarteg Offer an der Groussregioun

Mam Lancement vum DLH mécht zu Lëtzebuerg déi 43. Filière vun der École 42 (E42), enger weltwäit renomméierter Coding-Schoul, hir Dieren op. D'E42 bitt eng ëmfaassend a komplex Formatioun am Programméieren un an zeechent sech duerch eng Progressioun an Niveauen aus.

Den Apprentissage baséiert op de Prinzippie vum Peer-to-Peer-Léieren, der Projektpedagogik an der Gamification. D'Schoul ass 24 Stonnen den Dag a 7 Deeg op 7 op a funktionéiert ouni Enseignanten. D'Ausbildung vun der E42 ass gratis, dauert insgesamt 3 Joer a gëtt duerch e Certificat, deen a Frankräich mat engem BAC +3 gläichgestallt ass, ofgeschloss.

Cybersecurity, Blockchain an Design Thinking

Den DLH bitt och Formatiounen am Beräich vun der Cybersecurity un: engersäits Formatioune fir ze sensibiliséieren, anerersäits awer och Formatiounen "à haute spécialisation”, déi a Kollaboratioun mam National Coordination Center (NCC) vum European Cybersecurity Competence Centre (ECCC) duerchgefouert ginn.

E weideren Domaine, an deem den DLH Formatiounen ubitt, ass de Blockchain. Blockchain ass eng Technologie, fir Informatiounen a Form vun enger Datebank ze späicheren a weiderzeginn. Am DLH gi Formatiounen ugebueden, fir ze hëllefen, déi richteg Ressourcen ze fannen, Blockchain-Wëssen opzebauen a Projeten an Zesummenaarbecht mat der Industrie ze entwéckelen.

Zousätzlech kann een sech am DLH och an der Branche vum Design Thinking forméieren. Dës D-School ass e Modell vun der Stanford University, deen et engem heterogeene Grupp vu Studenten erlaabt, ze léieren, wéi ee Léisunge fir komplex Problemer designt. Zesumme mat der D-School vum Hasso-Plattner-Institut (HPI) zu Potsdam gi Formatiounen am Designdenken, Benotzererfarung (UX) a Prototyping ugebueden.

D'Formatiounen an de Beräicher Cybersecurity, Blockchain an Design Thinking si fir de Lancement vum DLH bis den August gratis. Vum Wantersemester u ginn d'Coursen an dëse Beräicher da payant. D'Aschreiwunge fänken den Dag vum Lancement un.

Weider Informatiounen

Zousätzlech Informatiounen zum Digital Learning Hub an zu de Formatiounen, déi vum Juni un ugebuede ginn, fannt Der ënnert dësem Lien: www.dlh.lu

Communiqué vum Ministère fir Education, Kanner a Jugend

Aktualiséiert