Noriichten

  • Resultater filtern
    Entrez une période

    Le format de date attendu comprend le jour (sur deux chiffres) suivi du mois (sur deux chiffres) suivi de l'année (sur quatre chiffres) : chacune de ces valeurs est séparée par un tiret.

  • 90 Resultater
  1. De Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch, huet de 26. Oktober eng Panoplie vun Neiegkeete ronderëm de Reenert presentéiert. Am Kontext vum 150. Anniversaire vun dësem bekannte Lëtzebuerger Wierk komme verschidden nei Publikatiounen eraus an do ronderëm ginn eng Rei Evenementer organiséiert.

  2. Nodeems d'Maison de l'orientation 2021 vun der Stäreplaz an d'Gebai vum Educatiounsministère an der rue Aldringen geplënnert ass, gouf de 27. September 2022 de Guichet unique vun der Maison de l'orientation vum Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend, Claude Meisch a vum Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, Georges Engel, offiziell ageweit.

  3. Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, hu Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni un de Festivitéiten deelgeholl, déi zu Lellgen (Gemeng Kiischpelt), Esch-Uelzecht an an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.

  4. An eiser méisproocheger Gesellschaft spillt d'Lëtzebuergescht eng wichteg Roll. Den Interessi vun de Leit, déi Lëtzebuergesch léiere wëllen, wiisst zënter Jore konstant. Esou wéi 2017 an der Strategie vun der Regierung fir d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen, sollen d'Mesuren an deem Beräich e klore Kader kréien, mat engem 20-Joresplang, dee bis Enn 2022 virleie soll.

  1. Éischt Säit
  2. 1
  3. 2
  4. 3
  5. 4
  6. 5
  7. ...
  8. Lescht Säit