D'Corinne Cahen ass de 16. Mee 1973 zu Lëtzebuerg gebuer.
Studium an Ausbildung
No hirem Secondairesstudium am Stater Kolléisch studéiert d'Corinne Cahen vun 1992 bis 1995 op der Université des sciences humaines zu Stroossbuerg, wou si eng Lizenz an ugewannte Friemsproochen (Fachiwwersetzung) mécht, an duerno, vun 1995 bis 1996, op der Universitéit Sophia Antipolis zu Nice, wou si eng Maîtrise an ugewannte Friemsproochen, Sektioun Geschäfts- an Handelswiesen, mécht. 1997 ergänzt si hiren Universitéitsstudium mat engem DESS (diplôme d’études supérieures spécialisées) am zweesproochege Journalismus (franséisch-englesch) op der Université Sorbonne Nouvelle – Paris 3.
Regierungsfunktiounen
Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gëtt d'Corinne Cahen als Deputéiert gewielt. Si trëtt de 4. Dezember 2013 als Ministesch fir Famill an Integratioun an als Ministesch fir d'Groussregioun an d'Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng an.
No de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gëtt d’Corinne Cahen de 5. Dezember 2018 zur Ministesch fir Famill an Integratioun an zur Ministesch fir d'Groussregioun an der Koalitiounsregierung aus DP, LSAP an déi gréng ernannt.
Aner politesch Funktiounen
Zanter November 2015 ass d'Corinne Cahen Presidentin vun der DP.
Beruffstätegkeet
Am Kader vun hirem Studium sammelt d'Corinne Cahen berufflech Erfarung als Journalistin, ënner anerem bei RTL Hei Elei Kuck Elei (haut RTL Télé Lëtzebuerg), beim Eldoradio, beim regionale Radiosender Nice-Côte d’Azur, bei Radio France Internationale a bei der Agence France-Presse.
Vun 1995 bis 2001 schafft si bei RTL Radio Lëtzebuerg, fir d'éischt als Frankräich-Korrespondentin an de Beräicher Politik, Ekonomie, Droit, Soziales a Sport, dunn zu Lëtzebuerg als Presentatrice a Reporterin an de Beräicher Politik, Ekonomie a Soziales.
Vun 2001 bis 2004 schafft si als fräiberufflech Journalistin bei RTL Radio an Télé Lëtzebuerg.
Vun 2001 bis 2013 ass d'Corinne Cahen Gerante vun engem Schonggeschäft zu Lëtzebuerg, vun 2008 bis 2012 Presidentin vum Stater Geschäftsverband (UCVL) a vun 2009 bis 2013 Membre élu vun der Chambre de commerce.